Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Froonkreich am yellow submarine 

Froonkreich am yellow submarine
image credits:pixabay

Eise franséischen Noper war viru 50 Joer an heftegen Turbulenzen. D’Revolte vum Mee 68 –étudiants/classes ouvrières, même combat!- hat sech duerchgesaat; si wollten de President Charles de Gaulle an d’Klouschter schécken. Esou wäit koum et zwar net, ma de President hat nom Referendum keng Majoritéit méi hannert sech! Haut sinn et d’gilets jaunes, déi op de Stroosse sinn, an de gesellschaftleche Klima ass op d’mannst grad esou explosive ewéi virun engem hallwe Joerhonnert.

Wou d’Observateuren sech eens sinn: den aktuelle President Macron ass wuel u villem Schold, ma net un allem! Frankräich huet ganz einfach déi lescht Joerzéngte verpennt: et gouf komplett vergiess, d’Land ze reforméieren. Dobäi goufen déi ënnescht Klassen vun der Gesellschaft am meeschte vergiess. Am Laaf vun de leschte Joer koum eng geféierlech Waff derbäi, déi jenodeem,  fir oder géint d’Politik ka benotzt gin: déi soziaal Medien. Déi digital Welt ass am politesch/gesellschaftleche Kontext wierklech net méi ze vernooléissegen, egal, ob een dat gutt oder schlecht fënnt. FACEBOOK ass nun emol Realitéit a ganz populär gëtt d’Méiglechkeet genotzt, sech a Gruppen  erëmzefannen, zu e puer Dosen oder zu e puer dausend! Héich efficace!! Den EXPRESS kënnt zu der Konklusioun: “la revolution jaune est un bébé Facebook”.

Dobäi ass et interessant, festzestellen, datt d’Plattform vum Mark Zuckerberg méi vum sougenannte Mann vun der Strooss benotzt gëtt an TWITTER éischter elitär ass. Ech kenne genuch Patron a Politiker, déi houfereg drop sinn, net “Frënn” op Facebook ze sinn, ma ebe just ze twitteren. Do gëtt och dacks net op Lëtzebuergesch geschriwwen oder op franséisch parléiert, ma do gëtt dat beschten Englesch aus dem Tirang geholl, fir ze weisen, datt een zu de Geléierten, zu den Diploméierten gehéiert, an net zu de “Krunnemécken”. An esou kënnt et fir, datt och e Journalist sech op Englesch iwwer d’gilets jaunes iergert, well déi alles kabott maachen., keng Rücksicht huelen op dat, wat der bourgeoisie un d’Häerz gewuess ass. I just say!

image crdits:pixabay

Deen Deel vun der Gesellschaft, dee vu Politik an establishment Joerzéngte laang vergiess gi war, schléit elo zeréck! Muss eis dat wonneren? Mir kruuten et schonn virun 30 Joer matt, wéi de Front National op verschiddene Plaazen am Hexagone dramatesch gutt Wahlresultater erausgeschloen huet; mir waren zwar matt der Explikatioun averstaanen, datt déi Leit, déi FN gewielt hunn, also extreem-riets, net alleguerten an onbedéngt Fascho waren/sinn, ma mir hate vergiess, eis déi aner Fro ze stellen: virwat dann hunn dës Leit esou extreem gewielt? Déi Fro hätte mir eis och kënnen an der Belsch stellen, an Däitschland, Italien….jo, och bei der Wiel vum Donald Trump als President. Dat hu mir net gemaach. D’Vollek gouf all puer Joer opgeruff , wielen ze goen, dat gouf als Demokratie verkaaf (wat et och ass), an duerno goufe Mann a Fra vun der Strooss nees mat Rou gelooss, wëll heeschen, et gouf net méi op si gelauschtert.

“…Deen Deel vun der Gesellschaft, dee vu Politik an establishment Joerzéngte laang vergiess gi war, schléit elo zeréck! Muss eis dat wonneren?…”

Wann ee Reportage gesäit aus Däitschland oder Frankräich iwer Dierfer oder kleng Gemengen, wou de Chômage zanter 20 bis 30 Joer iwwer 30 Prozent läit, wou d’Jugend massive fortleeft, well se keng Perspektiven bei “sech doheem” gesäit, da kraazt ee sech um Kapp an et ass ee verwonnert, datt et nach esou laang roueg bliwwe wor. An domatter weess een awer och, datt d’Rooserei den Ament ënner de gilets jaunes eng Explosioun ass vu gestaute Gefiller a perséinlechen Erfahrungen aus de leschten 30 Joer. All Wuert vum President Macron gëtt elo verdréit, falsch verstaanen. Ech si mir net sécher, ob dee Mann dat Neit Joer politesch iwwerliewt…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *