Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Schnoken

Wéi gëtt d’Eiwegkeet konjugéiert? 

Wéi gëtt d’Eiwegkeet konjugéiert?
Image parsumma de Pixabay

 

Den Doud, eng Tëschestatioun um Wee vum Ufank fir an d’Onendlechkeet!
Ass dat richteg? Kann d’Onendlechkeet en Ufank hunn? Wat ass déi Onendlechkeet iwwerhaapt? Theologen a Philosophe warnen: d’Onendlechkeet ass net, wat zäitlech ondefinéiert ass! D’Onendlechkeet ass dat, wat aus der Zäit erausläit!

An dach, jidder Mënsch hätt si gären a wënscht sech a sengem Liewen méi wéi eng Kéier, datt déi Zäit dach endlech mol sollt stoe bleiwen, wéinstens fir en Ament; an also stellt sech d’Fro, wéi laang soll si da stoe bleiwen? Ass eise Wonsch no der Onendlechkeet net einfach d’Feststellung vun eisem kuerze, miserabele Liewen op dëser Welt? Ass déi Onendlechkeet net e Paradox an eisem Liéwen, datt mir nämlech d’Zukunft refuséieren, an domatter och d’Zäit?! Esou gesinn bedeit Zäit näischt aneschters ewéi Changementer. Ech kucken de Bësch, seng Blieder falen erof, an ech weess, datt déi Blieder ni méi wäerten erëmkommen- wuel dat nächst Fréijoer, mä, dat si jo dann anerer-, an ech selwer hunn an där Zäit och geännert. Et läit also un der ‘ Natur ‘ vu jidfer Wiessel, datt deen irreversiibel ass! Et ass eppes Definitives, an ech kommen net laanscht d’Zäit, héchstens, wéi Psychologen a Philosophe soen, duerch den Draam an duerch d’Passiounen.

Wéi séier kann deen Ablack d’Zäit dach eriwwergoen, ouni datt mir et mierken, ouni datt mir et eis bewosst sinn. De Mënsch ass da passionnéiert, hie genéisst de Moment an denkt net un d’Zukunft. Dat war schonn de Wonsch vum Goethe sengem FAUST: d’Liéwen am présent conjugéieren, héchstens nach an der Vergaangenheet, op kee Fall an der Zukunft. Eis Passioune liewen iwwregens an der Haaptsaach vun der Vergaangenheet, also och vun eisem Gediechtnëss: mir kucken al Fotoen – mengesweegen och selfie- a mir erënneren eis; mir huelen d’Vergaangenheet zeréck an d’Géigeward.

Oder mir trëppelen duerch eng al Buerg a stellen eis vir, wéi déi rau Bridder deemools wuel geliewt hunn. Virstellungen vun enger Vergaangenheet, déi mir selwer net kannt hunn. An awer sinn et Virstellungen, déi eis deen Ablack präsent sinn. An esou gesinn ass d’Vergaangenheet éiwech…op d’mannst eis eegen perséinlech geliéwten Vergaangenheet.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *