Recent Posts

Post Categories

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 
Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een...
Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 
Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf...
Frank Bertemes: Politik und Integrität 
Sein Mut, seine Würde, seine Integrität machen ihn zu einem Vorbild für uns alle. António Lobo Antunes   “Die Opportunität...
Pierre Obertin: Die Task Force-Files 
De Pierre Obertin ass aktiv am Grupp Expressisverbis, wou hien an de leschte Joer reegelméisseg Artikele publizéiert huet. Säi Leschte...

Blog Post

Divers

Frankräich: net genuch Watt a Volt! 

Frankräich: net genuch Watt a Volt!
Image par Steve Buissinne de Pixabay

 

ëmmer méi Experten a Frankräich gesinn schwaarz fir de Stroum: dëse Wanter kéint d’Elektrescht ewechfueren! Net (nëmmen) wéinst grousse Schnéimassen, ma ganz einfach, well net genuch Stroum do ass. Bossegerweis hänkt dës Situatioun mam CoVid-Virus zesummen.

Frankräich ass eng Atom-Muecht, militäresch an zivil. Probleemer mam Stroum haten d’Fransousen net zanter Joerzéngten. Elo huet iwwerraschend d’Ecologieministesch Barbara Pompili mussen agestoen, datt iwwer de Wanter plazeweis a stonneweis de Stroum wäert musse gespaart ginn, fir esou déi néideg Reserven ze behalen fir d’Spëtzestonnen, also moies fréi, wann jiddereen opsteet an Owes, wann déi meescht heemkommen.

Als Ursaach denkt een direkt u Fessenheim. D’Atomzentral aus dem Elsass mat enger Produktioun vun 1800 MW, ass am Juni dëst Joer zougemaach ginn. Kloer, dat ass eng Belaaschtung fir d’Stroumnetz an all déi Watt géifen elo gutt kommen. D’Ursaach ass allerdéngs eng aner: wéinst der Pandemie konnten zanter dem Fréijoer keng maintenance-Aarbechten an deenen aneren Zentralen duerchgefouert ginn an déi mussen elo dréngend nogeholl ginn. Am Februar gëtt gläich an 13 Atombléck d’Produktioun op Null gesaat!

Grad esou goufen eng Partie Kuelekraaftwierker definitiv zougemaaach, déi d’EDF an der Vergaangenheet nawell gär usprange gelooss huet, wann d’Atomzentralen et net méi gepackt hunnn. Och déi feelen elo an engem Wanter, dee sech méi frësch ukënnegt ewéi déi vun de Joer virdrun. Frankräich enges Dags ouni Atom an nëmmen Wandmillen a Solarenergie, wéi dat wuel ausgeet? Warscheinlech huet de President Macron Recht, wann hie seet:

“…l’écologie en France passera par le nucléaire…!”

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *