Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Chaos op de Flughäfen: wéi wann ni eppes gewiescht wier! 

Chaos op de Flughäfen: wéi wann ni eppes gewiescht wier!
pexels.com

de Sonndeg vun Allerhellegen um Findel. Et ass nach fréi. Zwanzeg bis fënnef. De Luxus-Airport ass gutt gefëllt. Eleng zwou Boeingen sinn fir Gran Canaria virgesinn. Et huet een d’Gefill, wéi wann dausende Leit an der File déite stoen fir endlech fortzekommen. D’Zäit vun der Pandemie ass och wéi fortgeflunn. Vu social distancing keng Spuer méi, ma d’Leit si gedëlleg. Nach maximal 90 Minutten, an dann an de Wolleken, wou bekanntlech d’Fräiheet ouni Grenzen ass.

E bësselchen ellen ass et engem awer. Viru mir mussen op d’mannst 25 Kréngel-Kéieren gemaach ginn bis zum Guichet. Op d’mannst 20 där Schalter sinn op, ma géint 5 Auer verloossen eng ganz Partie Ugestellten hier Kabaischen. Ronn d’Halschecht vun de Guichet bleift op. Wann dat alt gutt ausgeet!

Iwwer all Guichet hänkt d’Schëld: Luxair-economy. Méi net. keng Destinatioun. Schliisslech huet d’Fräiheet keen Numm. Ma et bleiwen nach just 60 Minutten bis zum Depart an et bleiwen nach vill där Kréngelen ze maachen. Op eemol gi verschidde Leit erausgeruff: LISSABON. Déi kréie Prioritéit a mir schären d’Valissen e puer Meter weider.

Nächsten Opruff: AMSTERDAM. Nees e puer Meter méi no bei der Fräiheet. Dann GERBA. Duerno LANZAROTE, Palma… schliisslech gouf Gran Canaria opgeruff. Valissen ofginn, QR-Code an Impfpass gewisen, huerteg duerch d’Sécherheetskontroll – fir eng Kéier huet keen e Probleem gemaach mat mengem Bricket-, ënnenof war de boarding schonn am gaangen, 10 Minutten drop ware mir an der Luucht. Uff! Dat war knapp!

Dobäi hätt dee Chaos net musse sinn. Et hätt ee just bräichten fir déi verschidden Destinatiounen vu vir eran präzis Schalter zouzeweisen. E puer Kréngelen fir Amsterdamm, e puer Kréngelen fir Lissabonn asw. Ma firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet?! Dienst am Kunden war dat Gedrécks net!

Eng Escall gouf et glécklecherweis net, sos hätt de Vol tatsächlech iwwer 6 Stonne gedauert, Ursaach genuch, deen Ament op de Crémant zeréckzegräifen. Esou blouf et bei enger Béchs Béier. Hoffentlech geet dat alt gutt aus mat der Blos. Et hat keen eis gesot, datt op Gran Canaria géingen 12 Vollen an engem Siess landen, also zimmlech zäitno!

De kanaresche Flughafen huet deementspriechend ausgesinn. Gewulls vu Leit, déi sech wéi d’Hierken an der Tonn weider beweegt hunn. Wouhinner? Kee weess et. Nees enorm vill Kréngelen an Direktioun QR-Kontroll. Eng hallef Stonn drop stonge mir virun de Valissen, nees eng hallef Stonn méi spéit ware mir am Hotel. Et wor mir du schonn ellen, nees heem ze fléien. Well, geännert huet sech  am Fligertourismus näischt.

Déi drëtt Well vun der Pandemie ass iwwerstanen, ier déi Véiert ugerullt kënnt, nach séier e bësselchen an d’Vakanz. De Virus kann do bleiwen, wou de Peffer wiisst, an datt déi Sortie an d’Sonneparadäis ronn 1650 Kilo CO2 de Planéit kascht huet, ass eis zu dësem Ablack egal! Zu Lëtzebuerg ass et kal, et gouf vill Gedrëps an et wäert wuel nach esou unhalen bis Enn Februar. Net nëmmen de Virus schléit eis op de Mo.

Méi wéi jee si mir also gewëllt, eis ewéi Véi transportéieren ze loossen, fir e puer Stonnen vun der Fräiheet matzekréien. Och op de Kanaren sinn si erliichtert: den Tourismus ass nees voll am Jumm, d’Touristenindustrie dréit op Volltouren, d’Serveuren am Hotel laachen engem frou an d’Gesiicht. The show must go on!

Dobäi huet et ëmmer geheescht, datt d’Welt no engem Krich eng aner ass ewéi virdrun!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *