Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Impfflicht durch d’hënnescht Dier!? 

Impfflicht durch d’hënnescht Dier!?
Image par Jeyaratnam Caniceus de Pixabay

 

an der europäescher Politik gëtt et gréisstendeels d’Asiicht, datt een kee Mënsch kann dozou forcéieren, sech géint de Corona-Virus impfen ze loossen. Grad zu dësem Ablack ass dee Message wichteg, fir d’Leit net nach zousätzlech ze veronsécheren. Domadder wär alles kloer, ob d’mannst politesch. Ma d’Realitéit riskéiert, eng aner ze ginn!

Den internationalen Aviatiounsverband IATA zum Beispill denkt den Ament driwwer no, en digitalen Corona-Impfpass anzeféieren. Déi australesch Fligergesellschaft QANTAS ass schonn e Schrack méi wäit an huet ugekënnegt, kee Passagéier méi u Bord ze loossen, deen net geimpft ass. Déi australesch Regierung geet an eng änlech Richtung: wien an d’Land wëllt erakommen, muss sech entweder vaccinéiere loossen oder awer eng strikt Quarantaine respektéieren.

Dobäi ass dat näischt Neits! D’Guyane léisst den Tourist jo och nëmmen dann eran, wann deen eng Impfung géint d’Gielt Féiwer kann noweisen; virun 48 Joer hat sech London hermetesch zougespaart, wéi de Verdacht bestoung, d’Schwaarz Pouken wieren ausgebrach. Esou gesinn: keng Impfflicht fir deen, deen heiheem bleift, ma Impfpass fir deen, deen an d’Ausland reest. Nach ass et net esou wäit, an d’Politik wëll net doriwwer diskutéieren, fir déi souwisou ugespaante Situatioun net weider ze strapazéieren.

et geet de Politiker prioritär drëm, déi sougenannten Herdenimmunitéit ze erreechen. Dofir mussen sech gutt 60 Prozent vun der Bevëlkerung impfe loossen. Zu Lëtzebuerg wäert dat Zil éischter problemlos kënne realiséiert ginn, well bei eis -och wann kritesch Stëmmen sech heefen- d’Impfung bei wäitem net esou a Fro gestalt gëtt wéi zum Beispill an Däitschland an a Frankräich.

“…fréi oder spéider gëtt d’Gesellschaft gedeelt!…”

An der Emissioun Maybrit Illner huet et de Frank Ulrich Montgomery op de Punkt bruecht!

image credits: wikipedia.org

De fréiere President vun der Dokteschgewerkschaft Marburger Bund huet nämlech drop higewisen, datt et wuel nach e bësselchen dauert, ma datt enges Daags wäert kënnen nogewise ginn, datt eng geimpfte Persoun net méi infektiéis ass, also de Corona-Virus net kann un aner Persounen iwwerdroen. Hien huet vun där absurder Situatioun geschwat, datt dës Leit ouni Mask kéinten duerch Stroossen a Geschäfter trëppelen, iwwerdeems déi aner d’Mask duerchaus missten weiderhin droen!

A wann et net fir dës Pandemie de Fall wär, dann eben fir déi nächst. De Montgomery gouf vun de presente Politiker direkt ofgewiergt. Wat een zu dësem Ablack ka verstoen. Wat awer de prinzipielle Problem net léist! Den Test war jo och net obligatoresch, ma ech kenne Leit, déi vun hirem Patron iwwer 10 mol dohinner ge- schéckt goufen. Esou änlech wäert et wuel och mam Impfen ausgoen. An Däitschland lafe schonn Diskussiounen, datt Dokter a Fleegepersonal, déi de Vaccin refuséieren, vun hirer Klinik kéinten entlooss ginn.

Aner Patron maachen déi nämmlecht Iwwerleeung: fir aus der Kris erauszekommen, bleift nëmmen nach d’Impfung. Dat nennt een da jo wuel fräiwëlleg gezwongen! Den Aarbechtsminister ass gutt beroden, sech en avis juridique ze froen an duerno eng oppen Diskussioun ze féieren. Fir datt jiddereen kann en âme et conscience seng eegen Decisioun huelen….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *