Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

D’Diktatur vum Gutmensch 

D’Diktatur vum Gutmensch
Photo de Artem Podrez provenant de Pexels

D’Situatioun ass witzeg bis alarmant! Virun 2 Joerzéngten huet et mam Lucky Luke ugefaangen: de Cowboy huet keng Zigarett méi am Mond, ma nach just e Stréihallem. Fëmmen ass net gesond an et soll een déi Jugendlech net op domm Gedanke bréngen. De Cowboy, d’Symbol vun der Fräiheet gëtt a seng Pierch gefouert.

Am Héngerjuck vun der Luxair sinn d’Tom-a-Jerry-Video gréisstendeels aus dem Programm geflunn: eng béisaarteg Kaz leeft enger schlauer Maus hannendrun a bäisst sech dobäi méi wéi eng Kéier selwer an de Schwanz mat ganz vill AUA! Vill ze vill Aggressiounen, geet guer net!

Bei Stan an’ Laurel kënnt et reegelméisseg vir, datt deen Décken op enger Bananneschuel ausrutscht. Éischtens ass et eng Frechheet, eng méi enveloppéiert Persoun déck ze nennen an zweetens ka jidderengem esou en Ongléck geschéien. Doriwwer laacht een net!

An et freet een sech, wéi laang et dauert, bis datt den Obélix endlech vegan gëtt…

“…de Wokismus gëtt nei Relioun,

fanatesch a radikal…!”

En trauregt Beispill vun där neier Zort Selbstzensur kënnt aus dem Kanada. Eng Schoul huet den Optrëtt vun der Nadia Murad verbueden. Eng Fra, awer net egal wat fir eng: si ass yézidi, gouf verfollegt a vun den Zaldoten vum “Islamesche Staat” vergewaltegt. Méi spéit konnt si an Däitschland flüchten a krut 2018 de Friddensnobelpräis! Ausgerechent déi Fra soll elo de Bak halen!

wikipedia.org

Argumentatioun: déi Fra kéint jo beim Erzielen vun hire Geschichten Schlechtes iwwer Daesh soen an domadder bestéing d’Gefor, datt bei deem engen oder aneren Nolauschterer islamophob Gedanken opkéimen. Wéi schreift d’Abnousse Shalmani am l’EXPRESS: Ainsi, dénoncer les  exactions du groupe EI, organisation terroriste qui a tué, torturé et poussé des milliers de musulmans, de Kurdes et Yézidis sur le chemin de l’exil, revient à insulter…les musulmans!

Huel däi Friddensnobelpräis a looss d’Welt mat Rou! Dobäi ass wuel kaum unzehuelen, datt dës Fra en Appell zum Haass gemaach hätt! Datt hir Aussoen eventuel vun engem geeschtech manner Bemëttelten falsch verstane ginn, ass ni auszeschléissen. Ni! Do ginn et genuch Beispiller: viru 40 Joer waren Anti-Krichs-Filmer staark an der Moud, an och do goufen et Militaristen déi e komplett anere Message doranner gesinn haten. Hätten also esou Filmer ni däerfe gedréit ze ginn?

dat erënnert mech och un d’Lecture vum Goethe sengem Faust. An der Editioun déi viru 45 Joer um Schoulprogramm stoung, ware reegelméisseg 3 kleng Pinktelcher (…). Da goung een an d’Nationalbibliothéik an aner Editioune luussen an et huet een ënnert anerem dat heite fonnt:

Och do vill Pinktelcher! Richteg misst et heeschen: Der Baum hatte ein riesengrosses Loch, so faul es war, ich nahm es doch. E bësselche Porno. De ganze Faust konnt een net op den Index setzen, also huet ee wéinstens déi puer versaute Gedanken vum Goethe erausgeholl. Sex sells! A stécht un! De Wokismus fonktionnéiert op déi nämmlecht Manéier Et kéint een honnerten aner Beispiller opzielen, déi alleguerten d’Gemeinsamkeet hunn, datt et just fir e gudden Zweck ass: de Mënsch a Kotténg awéckelen, fir datt him näischt geschitt, datt hien net stigmatiséiert gëtt (d’Onwuert vum Joer).

Nëmmen net unecken. D’Zong wéi aus Holz. Dat nennt een dann d’Diktatur vum Gutmensch!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *