Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Och beim Thema Sexualitéit eng Kéier déif Loft huelen! 

Och beim Thema Sexualitéit eng Kéier déif Loft huelen!
Photo de Ivan Samkov: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/couple-romantique-femmes-s-embrasser-6437082/

 

Wann en iranesche Minister an engem Interview seet:” Den LGBTQ+ aus dem Westen passt net an eis Relioun“, da geet bei villen vun eis den Hutt héich. Zu Recht! An nawell erënneren ech dorunner, datt virun nëmmen engem hallwe Joerhonnert d’Situatioun fir déi Homosexuell am Marienland Lëtzebuerg déi rengsten Häll war. Eng Partie Politiker ware schwul ma hunn net dierfen doriwwer ze schwätzen, eng Rei jonk Männer hunn esou guer wéinst hirer Homosexualitéit d’Land verlooss!

Virun 43 Joer hat ech zwee Ronndëschgespréicher mat Lénksen op Radio Lëtzebuerg moderéiert. Ech wosst natierlech, wouranner ech géing stëppele goen an nawell war ech vun de Reaktiounen méi ewéi iwwerrascht. D’kathoulesch Kierch huet vun alle Kanzelen erof gewiedert, Blëtz an Donner op Gomorra erofgelooss. Domadder hat ech gerechent. Donieft hate vill Nolauschterer an d’Chefredaktioun ugeruff fir sech driwwer ze beschwéieren, datt een esou Sauereien kéint iwwer d’Antenne lafe loossen. Um Groussgaasseck gouf sech gefrot, ob dee Kaiser net ieren och e Lénkse wier!

Photo de Hamann La: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/chien-assis-sur-la-route-1304732/

An et goufe Reaktiounen politescher Natur. E jonken Deputéierten vun der CSV huet sech an enger parlamentarescher Fro gewonnert, datt e Journalist op Radio Lëtzebuerg näischt Besseres ze dinn hätt ewéi jonk Männer iwwer hier Erfarungen mat der Homosexualitéit zu Lëtzebuerg schwätzen ze loossen. De Staats- a Medieminister Pierre Werner huet geäntwert, am Genre, datt dat en Ausrutscher war, déi aner Parteien hunn sech net vill gemuckst, ausser de René Urbany vun der KPL, wat mech perséinlech nach méi suspekt gemaach huet. Een duebele Lénksen! Beurkh! Domadder wousst ech, datt de Gesënnungswiessel nach net fir esou bal wär.

Ëmsou méi iwwerrascht sinn ech haut, wéi séier op eemol alles goung. D’Kierch huet rapidissimo u Vertrauen a virun allem u Gewiicht an der Gesellschaft verluer, an de Käpp vun de Leit war eng Mauer gefall, esou guer eng CSV huet sech ënnert Juncker an Hennicot lues ma sécher vun der Kierch lassgesot.

Et ass also haut keen heroeschen Akt méi, wann een zu Lëtzebuerg déi Homosexuel net nëmmen toleréiert, ma och respektéiert. Et gehéiert zu der Normalitéit, och wann ëmmer nach deen een oder aneren aus der Roll fält, homophob ass.

Esou änlech war déi gesellschaftlech Evolutioun vum weibleche Geschlecht. Virun engem hallwe Joerhonnert wor d’Madamm nëmmen dann eppes wäert, wann si e Maanskärel nieft sech hat. Ouni Mann goung nix. Nach an de 70-ger Joer war et méi ewéi schlecht gesinn, wann eng Fra am Bistro eleng beim Comptoir stoung. Si huet dann automatesch zu den Alkoholiker gehéiert, munchmol gouf si och als Houer bezeechent.

Ma grad an deene Joer koumen d’Fraen massiv op den Aarbechtsmaart….de Konservativen Pierre Werner – deen awer an anere Beräicher extreem wäitsiichteg war-, huet schliisslech agewëllegt: d’Fra war net méi eleng fir d’Kanner do, ma gouf zu engem ëmmer méi wichtegem Pilier vun der Wirtschaft, an also vun der Gesellschaft. Vill jonk Männer aus där Zäit hunn dat grad esou gesinn an deementspriechend ënnerstëtzt.

“…Wat wëll ech soen?…”

Et geet mir op kee Fall drëm, de Mullah-Regimm oder sos reliéis-fanatesch Gesellschaftsformen a Schutz ze huelen. Mir sollen duerchaus den heroesche Kampf vun de Fraen am Iran ënnerstëtzen, ma  mir sollen dobäi net schonn nees d’Roll vum Schoulmeeschter vum Planéit iwwerhuelen! Mir (aus dem Westen) selwer hu genuch Sauereien gemaach am Laf vun zwee Joerdausenden a sollen dofir deenen aneren keng Moralpriedegt halen.

Mir sollten éischter virun der eegener Hausdier kieren an zum Beispill den Ëmgank mat LGBTQ+ hannerfroen. Nach eemol fir matzeschreiwen: et ass fir mech déi normaalste Saach vun der Welt, datt ee Persounen déi sexuell aneschters orientéiert sinn, acceptéiert a respektéiert. Mä mir mussen eis awer bewosst ginn, datt duerch eng iwwerdriwwen Thematiséierung grad déi Jugendlech an der Pubertéit onnëtz an zousätzlech veronséchert ginn. Sinn ech e Jong, sinn ech e Meedchen? Ieren béides? Wéi gutt fillen ech mech a menger Haut?

Schweden huet schonn virun exakt 50 Joer d’Méiglechkeet geschafen vun enger medezinescher Bestëmmung vum Sex. Bei de Meedercher tëscht 13 a 17 Joer al goung den Interessi un esou enger Diagnose tëscht 2008 bis 2018 ëm 1500% an d’Lut! Dat seet jo genuch aus iwwer déi algemeng Veronsécherung bei de jonke Leit.

Photo de Elvis Yang: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/gens-rue-hommes-femmes-8549567/

An dann engem jonke Mënsch d’Méiglechkeet ginn, schonn am Alter vun 13 Joer Medikamenter kënnen ze huelen fir d’Entwécklung vun deem engen oder anere Geschlecht ze ënnerdrécken?! Hu mir se nach all?! Wat fir e Jong kann sech an deem Alter objektiv festleeën, léiwer eng Fra ze ginn? Mat 13 huet een esou just d’Welt vum Enid Blyton verlooss! Wat fir ee jonke Mënsch kann an deem Alter d’Risken an d’Konsequenzen vun esou engem Schratt ofweien? Hie weess meeschtens mol nach net, wat he Berufflech wëll maachen!

“…Wat dréit de Schott ënnert dem Rack…?”

Dat schottescht Parlament wollt mat sengem Gesetz Gender Recognition Reform Bill besonnesch avant-gardistesch sinn: a Schottland kann een nämlech mir-näischt, Dir-näischt an de Biergerzenter goen an do op der Carte d’identité, um Pass säi Sex ëmännere loossen, an zwar ouni datt ee virdrun huet mussen bei engem spezialiséierten Dokter passéieren. Ëmännerung also vum Sex no Loscht a Laun!

Déi ablacklech Situatioun féiert a ville Länner zu Kafka-Konsequenzen. Ech liesen am L’EXPRESS, datt et am Kanada grad esou easy/peasy zougeet fir d’Geschlecht ze wiesselen. An engem Prisong hunn 10 männlech Prisonéier decidéiert, quasi iwwer Nuecht méi Oestrogen am Kierper ze hunn ewéi Testosteron an duerften – ouni iergendwellechen medezineschen Agrëff oder hormonell Therapie- an e Fraeprisong wiesselen. Do hu se dunn d’Sau markéiert a fir Terror gesuergt.

Deen Tëschefall weist, datt munchmol Gesetzer geschriwwe ginn, ouni sech Gedanken ze maachen iwwer eventuell Konsequenzen an der Gesellschaft. Texter gi geschriwwen an ugeholl ewéi am take-away, net am Interessi vun der Saach, ma pro domo, am Interessi vun de Politiker, mat engem Gesetz kënne Punkten beim Wieler ze ergatteren!

Related posts

3 Comments

  1. Phil

    Sorry, wann am Iran Fraen hiert Liewen riskéieren fir dat verhaassten Stëck Stoff vum Kapp ze räissen, mä awer hei zu Létzebuerg an Nopeschlänner den Tschador fräiwëlleg opdinn… do kommen ech an d’Grübelen an verstinn beim beschte Wëllen d’Welt, resp. d’Fraen net méi. Mä, dat ass jo och net ëmmer einfach!
    Zu LGBT hun ech deslescht eng ganz speziell Definitioun gelies… Liquor, Guns, Bacon ‘n Tits!

  2. Jean

    Dei affaer vum prisong aus Canada hunn ech net kannt…wat maenner ureizt hirt geschlecht ze wiesselen fir an e fraenprisong ze kommen kann ee sech licht ausmolen.
    Au pays de Trudeau…everything goes.

  3. Philippe Schannes

    Leider klischeehaft duergestallt an offensichtlech net gutt informéiert. (a komplett ouni Referenzen, wat mech stéiert)
    Beim 🇸🇪 schwedesche Rapport ass d’Hausse vun 1500% vun 2008-2018 bei jonke Frae richteg, mä et gëtt näischt iwwert d’Grënn gesot. tinyurl.com/avft2jdv Menger Meenung no kloer: Et gëtt 1. mol elo réicht statistesch erfaasst, an 2. och méi Opklärung. Et gëtt statistesch haut och méi dacks Kriibs diagnostizéiert wéi nach virun 200 Joer, well mer et eben haut diagonistizéiere KËNNEN. An natierlech si Jugendlecher veronséchert. Permanent. Mä emsou besser, wann et Dokteren a Psychologe ginn, déi si doranner begleeden, an ggf. Diagnose vu mentale Problemer feststelle kënnen. Ausserdeem ass et falsch et duerzestellen, all 13-Järege giff einfach sou, ouni Problem, ganz onkomplizéiert, eng Hormontherapie kréien…
    An deem zitéierte 🏴󠁧󠁢󠁳󠁣󠁴󠁿 schottesche Gesetz kann een NET einfach esou an de Biergerzenter a säi Geschlecht änneren. Et muss een op d’mannst 3 Méint “living in their gender” noweisen, fir 16- a 17-Järeger suguer 6 Méint. Sou séier geet dat net. Et gëtt eben net méi eng Diagnos vun Gender Dysphorie gebraucht, wat sou oder sou diskriminéierent ka sinn, well Trasngender dann automatesch als Krankheet agestuft gëtt (sou wéi fréier d’Homosexualitéit, fälschlecherweis, och). tinyurl.com/zn4c2kt7
    Den erwähnten Artikel zu den Transgender-Prisonnéier aus 🇨🇦 Kanada konnt ech net fannen – ech halen hei awer d’Wuertwal fir ganz schlecht (“quasi iwwer Nuecht”) an halen och näischt vun däer Rhetorik, ze mengen, 10 Leit hätten e ganze Prisong kënnen terroriséieren, well se “Männer” waren? Well se als biolgesch männlech kierpelech iwwerleeë waren? Oder wat ass hei de Punkt vun dem Absatz? Do ass ze vill sous-entendu a Klischee dran.
    Zum Virworf un d’Politik, si géif just wëlle “Punkten beim Wieler ergatteren”: 1. Ben jo, ass dach gutt… Fir d’Vollek. Wat gëtt et dorunner auszesetzen, wann d’Leit et wëllen. Ok, Populismus ass schlecht, mä dat ass jo lo hei net gesot ginn. 2. Ech mengen, d’Politiker wëssen, datt dat aktuell relativ kontrovers ass, a Minoritéits-Politik kritt net einfach eng Majoritéit, läit jo an der Saach. Emsou besser, wann d’Leit dat ënnerstëtzen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *