Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Frank Schneider: eng Militärinterventioun an der Ukrain war schonn virun 20 Joer bei de Russen am Gespréich 

Frank Schneider: eng Militärinterventioun an der Ukrain war schonn virun 20 Joer bei de Russen am Gespréich
image credits: Marc Thoma

                                           

de Frank Schneider souz a Frankräich am Bing, wunnt zanter 2 Méint mat Foussfesselen Doheem a riskéiert an Amerika liewenslänglech. De fréiere Chef vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht weess vill an hie potert nawell gären aus der Schoul. Schonn virun iwwer 6 Méint hat ech hien per mail am Interview a gouf him d’Méiglechkeet, sech ze artikuléieren: iwwer seng eegen ‘Affär’, iwwer den Afghanistan, iwwer den 9/11.

Hei e kuerzen Extrait aus deene villen Aussoen, déi de Mann op dëser Websäit gemaach huet: E puer Joer méi spéit hu mäi Chef an ech eis russesch Kolleegen zu Moskau besicht. Um zweeten Dag hate mir eng Reunioun mam Generaldirekter vum russeschen auslännesche Geheimdéngscht, dem SVR. De Sergei Lebedev, dee fléissend Däitsch schwätzt, huet e ganzen Dag bei eis verbruecht, a beschreift am Detail säin Service kuerz, mëttel- a laangfristeg Visioun vun der Welt. Den Direkter huet 2004 d’Welt vun haut beschriwwen. Hien huet erkläert datt d’Konsequenze vun der Unerkennung vun Europa vun der Onofhängegkeet vun engem Deel vu Serbien (hien huet de Kosovo gemengt) ouni Zweiwel zu der Interventioun vu Moskau a Georgien an an der Ukraine féieren. (Hei de Link fir dee ganzen Artikel vu viru 7 Méint https://bit.ly/3Cp8TLw

Eng russesch Interventioun an der Ukrain? Also Krich? Haut wësse mir, datt dat net nëmme méiglech ass, ma batter Realitéit. De Frank Schneider wosst dat als Chef vum Geheimdéngscht all déi Joer, gouf d’Informatioun weider un déi politesch Kreesser, déi wuel duechten, et wier besser sech ëm aner Saachen ze këmmeren wéi ëm dat Gewibbels vum klenge SREL! De Frank Schneider ass ouni Zweiwel en interessante Gespréichspartner a widderhëlt seng Analysen an Aussoen beim Marc Thoma op apart.tv.

 

Linken: https://www.apart-tv.com/programm

apart.tv

Dem Marc Thoma seng Emissioun ass èëmmer Dënschdes Owes, um Véierel op 8

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Souguer wann an der ukrain momentan deck sauereien passeieren,sinn dei um fong net sou verschidden vun de sauereien dei d amerikaner an hir frenn am irak oder serbien virun net allzu langer zeit ofgezunn hun.
    Deemols huet ee just reichlech weineg fir net ze soen guer neischt als protest vun eiser regierung heieren.

  2. Phil

    Deemools hat een jo och keng esou Hardcore Grénger an der Regierung(en) sëtzen déi mat allen Mëttelen an Hiewelen d’Leit zu hirem “grünen Glück” wollten apostoléieren. Déi aktuell selwer induzéiert an propagéiert Energieofhängegkeet vun Russland, gläichzäiteg mat enger Selbstbeschneidung vun konventionellen Energieträger dréiwt de Präis vum Petrol selbstverständlech an d’Luucht, wat jo och d’office gewollt ass. An ons Politik huet, an haat nie een Plang “B”… dofir sin mir jo elo och an der Zwëckmillchen an déi mir ons selwer eranmanövréiert hin. D’Rechnung bezillt natierlech, wéi ëmmer, de klénge Mann.
    “Dir béis Benzinstanker an Mazoutheizer… an mir kréien iech awer un den Kabel vum Chargy an op d’Batterie op Rieder!”
    An den Turnprof mam Pärdsschwanz danzt nuets wéi an Trance mam Coyote an der Eil ronderëm sein Lagerfeier um Fouss vun senger Wandmillen… houhou!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *