Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Prozess SREL: d’Tensioune klammen, och an de Parteien! 

Prozess SREL: d’Tensioune klammen, och an de Parteien!
Image par Vitabello de Pixabay

dës Woch geet de Prozess lass an ass am Prinzip bis den hallwe Mount Mäerz ugesaat. Am Prinzip! Well, et ka sech munneches doen! Entweder et kënnt villes op d’Tapéit oder awer et fënnt sech eng “irrecevabilitéit” an de Prozess ass nees op Mokuchsdag ausgesaat. D’lescht Woch gouf et eng kleng Iwwerraschung mat dësem Fax, deen un déi verschidden Affekote goung….:

image credits: gk online

De fréiere Premier muss also net gläich den éischten Dag – wou all d’Zeien sech sollte presentéieren- präsent sinn. Ass et fir de Jean-Claude Juncker gesondheetlech ze schounen, ass et, fir him a senger Kalitéit  als fréiere Staatsminister entgéint ze kommen? Dobäi ass de Mann jo  och “just” als Zeien geruff.

Image par Clker-Free-Vector-Images de Pixabay

 

sollt de Prozess bis un d’Enn goen, dann ass duerchaus mat engem Knuppert ze rechnen, ëmmerhinn geet et jo indirekt och ëm d’Bommeleeër. Allgemeng héiert een, datt ablacklech Memberen vun der Regierung hefteg géingen an d’Mangel geholl ginn, et géif Punkt fir Punkt probéiert ginn, hinnen nozeweisen, datt d’SREL-Affaire vun 2013 eng “Mogelpackung” war: rout, blo a gréng Politiker wossten vun deem ominösen Auergespréich an haate Joer duerno esou gemaach, wéi wann si aus alle Wolléken déite falen. Un d’Schweessen sollen och déi Persoune kommen, déi am Hannergrond un de Fissellen gezunn an d’Presse mat Informatiounen gefiddert haten.

E Prozess entwéckelt ëmmer eng Eegendynamik: d’Affekoten hu sech preparéiert esou gudd et geet, ma kënnen net wëssen, wat déi verschidden Zeien a virun allem déi Ugekloten esou alles op déi sëlleche Froen wäerten äntwerten. Grad déi, déi ugeklot sinn, waarden zanter Joer mat vill Nervositéit op dëse Pozess: maachen si tabula rasa, paaken si komplett aus? Wa jo, wéi wäit ginn si an a wat fir eng Richtung? Ëmmerhinn handelt et sech ëm fréier Leit aus dem Geheimdéngscht, och alt mol Spétzeldéngscht vernannt. Esou Leit wësse méi wéi just d’Rezept fir Kachkéiss!

image credits: pixabay.com

um Ufank vum Prozess dierft et ëm d’Opschaffen goen vun der Telefonsiwwerwaachung vum Loris Mariotto. Hat den deemolege Staatsminister déi “vollëmfänglech” Autoristioun dofir ginn oder net? Den Enregistrement mat der Auer ? War déi Geschicht wierklech nach esou geheim a politesche Kreesser? Wat haten an der Enquête déi verschidden Acteuren -an der Haaptsaach de François Bausch a senger Kalitéit als President vun der SREL-Kontrollkommissioun- virun der police judiciaire ausgesot? Um Ufank dierften niewt dem Jean-Claude Juncker eng Partie Politiker aus der haiteger Regierung am Viséier stoen vun den Affekoten.

Schléit de Pendel lues a lues ëmmer méi aus an Direktioun “Bommeleeër”, da geet et ëm déi  (bal) ganz politesch Substanz! Eng CSV, déi mam Staatsminister ëmmer de Chef iwwer de Geheimdéngscht wor, eng DP an eng LSAP déi am Laf vun de Joerzéngten net ongär mat an d’Koalitiounsbett geklomme sinn. Iergendwéi eng geféierlech Situatioun fir eis Gesellschaft….méi gëfteg wéi de Corona!

Den Interessi um Prozess ass grouss, och an de Medien. D’Diren gi schonn um 8 Auer op wéinst de laange Sécherheetskontrollen. Den éischten ass vir….

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *