Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Sozialdialog vun der Regierung: Kiss and fly! 

Sozialdialog vun der Regierung: Kiss and fly!
Photo de Polina Tankilevitch provenant de Pexels

Ah jo! Den 13. Dezember war Tripartite. Déi Sëtzung vu Regierung, Patronat a Salariat war wuel am Gewulls vun der Pandemie an an der Hektik vun de Chrëschtdagsgeschäfter an der Ëffentlechkeet ënnergaangen. D’Staatsbeamtenzeitung “fonction publique” erënnert un déi Sëtzung. Et wier en Trauerspill vun Top-Qualitéit gewiescht!

Zwar haten sech d’Gewerkschaften no der Reunioun iwwer den Oflaf vun de Gespréicher geiergert, ma dobäi blouf et. D’Journalist*innen -verständlecherweis a Virus bedéngt- och midd virun deene Feierdeeg, koumen net méi weider op déi Tripartite zeréck. Eng Tripartite déi keng war. Déi scho laang keng méi ass! Déi lescht Decisioun, déi an deem Gremium geholl gouf, läit 16 Joer zeréck.

Et erënnert ee sech un d’Tripartite ënnert engem Jean-Claude Juncker, fin de règne. Deemools goufen déi Sëtzungen vu bannen eraus torpedéiert: verschidde Vertrieder – an der Haaptsaach aus der Regierung- hate schonn wärend de Verhandlungen net onwichteg Detailer no baussen getwittert, prioritär un d’Press. E Genoss fir de Gomm vun all Journalist! Mam Nodeel, datt an der Ëffentlechkeet schonn eng Polemik konnt lancéiert ginn, iwwerdeems d’Tripartite nach weider goung a keen sech bewosst war, datt ee grad am gaange war, sech fatzeg ze blaméieren.

Mat engem Stéch an d’Säit weist eng verbattert CGFP drop hin, datt ënner Juncker/Frieden d’Tripartite-Sëtzungen wéinstens gutt virbereet gi waren. Am Dezember elo wier dat absolutt net de Fall gewiescht. 180 Minutten fir d’Krisebewältegung, d’Gewerkschaften kruten – jiddereng fir sech- ganzer 15 Minutten fir hier Doleancen ze ënnerbreeden. Alles aneschters wéi e grousse Worf!

Dat war sech allerdéngs am viraus ze denken. Dräi Deeg no der Tripartite waren an der Chamber d’Diskussiounen iwwer de Staatsbudget. Et wollt een näischt méi iwwer de Koup geheien, ëmsou méi wou de Finanzminister Pierre Gramegna säin Zylinder geholl hat.

D’Regierung huet mat dëser Sëtzung de Geck gemaach, esou gutt mat de Patronatsvertrieder ewéi mat deenen vun de Gewerkschaften. Also deenen hier Suergen- déi dacks diametral opposéiert sinn- net eescht geholl. Paradigmewiessel  och hei? Wéi d’CGFP schreift: et war keen Austosch vu Meenungen, mä ein Aneinanderreihen von Monologen. No 180 Minutten wéi gesot war de Bimbo aus!

Dobäi ginn et tatsächlech Themen, déi missten un- an duerchgeschwat ginn. Wéi ass et mat der Kafkraaft vun de Leit? Zanter dem 13. Dezember op haut gouf villes nach emol e Strapp méi deier, virun allem Sprit a Masutt, Gas, Stroum, d’Zënsen op de Bankprêten…(.) Wéi gesäit et aus an de Betriber?

Ironesch schreift d’CGFP:Der Wirtschaftsminister setzte sogar noch einen drauf: ohne eine nennenswerte Erklärung abzuliefern, behauptete Franz Fayot, die Kaufkraft sei im Laufe der Jahre in Luxemburg gestiegen! 

natierlech iwwerspëtzen d’Gewerkschaften d’Situatioun zu hire Gonschten, d’nämmlecht ewéi d’Patronat. Et muss een der Regierung fir gutt halen, datt d’Deierechtszoulag ëm 200 Euro eropgesat gouf, datt den ëffentlechen Transport gratis gouf, idem fir d’Schoulbicher, fir d’Crèchen, fir d’Schoulkantinnen. Ma wéi gesot, et koume Problemer derbäi, an déi kann een net ënnert den Dësch kieren.

Eng Tripartite aberuffen nëmmen fir d’Gesiicht net ze verléieren, ass just fir d’Galerie. No der Sëtzung eng Pressekonferenz halen fir alles schéin ze rieden, ass Mëssbrauch vun de Medien!

Sozialdialog ass net d’Stäerkt vun dëser Regierung, trotz der Presenz vun der tzozialistescher Aarbeterpartei. Ma änlech narzisstesch Selbst-Inzenéierungen wäerten 2 Joer virun de Wahlen net ausbleiwen, am Géigendeel!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *