Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

D’Press tëscht Illusiounen an der reeller Welt 

D’Press tëscht Illusiounen an der reeller Welt
Image par beate bachmann de Pixabay

D’Press ass an der Kris. D’Zäiten sinn eriwwer, wou de Medien alles fir boer Mënz ofkaf gouf. Dorunner sinn déi sozial Medie Schold, ma zu engem groussen Deel och déi klassesch Medie selwer. Eigentlech huet hier Kris sech zougespëtzt mat PEGIDA a mam Slogan “Lügenpresse” an der Zäit vun der Flüchtlingskris , kuerz drop koumen zwou weider Erausfuerderungen wéi den US-President Donald Trump an d’Pandemie.

Et war den ZDF-Chefredakter Peter Frey, deen um Enn vun der Migratiounskris an Däitschland säi mea culpa gemaach hat, mat de Wieder: villäicht wore mir net genuch op d’Leit agaangen, hu mir eis net genuch ëm deenen hier Suergen gekëmmert. Richteg! Als Beispill erënneren ech mech un de Fall vun enger eelerer Damm, déi Joerzéngte laang quasi ouni Noper gewunnt hat. Wéinst de ville Flüchtlingen gouf an hirer Ëmgéigend e Container-Duerf opgeriicht a boufdeg! hat d’Fra 800 Noper. Auslänner mat enger anerer Kultur, enger anerer Sprooch! Wéi déi Madamm sech doriwwer opgereegt huet, koumen Deeler vun der Press mam Zitat: “Dieser Schoss ist fruchtbar noch!” D’Fra hat sech souzesoen disqualifizéiert a gouf an de brongen Eck gestallt.

Där Beispiller goufen et an der Zäit quasi Dag fir Dag, wou d’Press aus Angscht an de Populismus ze falen, eng ganz Rei Flüchtlingsthemaen léiwer vertikal klasséiert, ze soen ënner den Teppech gekiert huet. D’Resultat wor: de Journalist huet sech ausschliisslech mat Politiker ënnerhalen, mat Vertrieder vu Gewerkschaften a vu Patronatsverbänn, mat Psychologen, Soziologen a sos allméiglech Experten, an déi breet Majoritéit, nämlech d’Vollek gouf mam Fanger am Mond am Reen stoe gelooss, koum net zu Wuert.

Dat suergt fir Frustratiounen. Änlech hu sech d’Medien wärend dem Virus-Krich beholl. Nëmmen net déi offiziell Strategie hannerfroen!

Den däitsche Journalist Gabor Steingart schwätzt vun enger märchenhaften Wunderwelt, déi sech opdeet, wann een eng Zeitung opschléit. Hier leben in wachsender Zahl Veganer und Vegetarier. Die Firma Beyond Meat aber feiert am Küchentisch ihren Triumph. Wëll soen: d’Press thematiséiert ze vill de Veganismus, an zwar an enger Zäit, wou nach ni virdrun esou vill Fleesch konsuméiert gouf. An den Industriestaaten geet de pro Kapp Konsum vun 85 op 88 Kilo am nächste Joerzéngt an d’Luucht, bannent 60 Joer eng Versechsfachung!

Das Elektroauto vor der Tür wird nicht beschrieben, es wird zelebriert, wer sich mit Verbrennungsmotor fortbewegt, hat hier Zutrittsverbot, er gilt den Bewohnern der Wunderwelt als Umweltsau. Wëll soen: déi elektresch bleche Kutsch gëtt an der Press vill ze vill thematiséiert. Wann awer d’Autokonzerner fir d’Enn vum zweete Quartal an Europa an an den USA Milliardegewënner ukënnegen, dann sinn déi quasi exklusiv op Diesel- a Bensinnsauto zeréckzeféieren.

An den USA sinn nëmmen zwee Prozent vun de verkaafte Ween elektresch! TESLA ist ein Börsenstar, der ausserhalb der Yuppie-Communities auf den Strassen kaum zu finden ist. Wann an enger lëtzebuerger Dageszeitung bannent e puer Deeg 4 Säiten plus en Editorial als Plädoyer fir d’Vëlosfuerer bestëmmt sinn, huet een d’Impressioun, mir wären alleguerten zu Lëtzebuerg e bësselche Charlie, Fränk an Ändy zugläich, ma wann een dann mat schlechtem Gewëssen konservativ mam Auto duerch d’Haaptstad fiert, da stellt ee fest, datt d’Vëlospisten meeschtens esou eidel sinn wéi d’Sahara an der Mëttesstonn! D’Press als Waasserdréier fir den Cyclissem?

Et sinn zwar tatsächlech 48.000 e-biken kaf ginn, ma déi wéinegst fueren domadder, héchstens mol eng Kéier de Week-end, wann et net ze waarm an net ze kal ass!

et geet net drëm, de Medien ze verbidden, iwwer Veganismus ze schreiwen, iwwer d’Elektromobilitéit, iwwer e-Vëlo asw. Et geet ëm d’Ponderatioun, d’Gewiichtung tëscht Wonschdenken an der tatsächlecher Realitéit. Also dem reelle Liewen an d’Gesiicht kucken! An dem sougenannte Lambda-Bierger seng deeglech Suergen sinn dacks anerer.

D’Zuel vun de Veganer a vu Vegan-Restauranten ass um Klammen? Tipptopp! An nawell gëtt esou vill Fleesch giess ewéi nach ni virdrun! Kontradiktioun? De Veganismus hëlt zwar zou, ma bleift eng kleng Minoritéit a besonnesch just a Schickeria-Kreesser verbreet. Op där anerer Säit ass d’Fleesch extreem präiswäert. Jiddereen kann sech et leeschten. An enger Promo ginn 5 Bifdecker fir 8 Euro 99 ugebueden, also d’Stéck fir 1,8 Euro! Dat ass schlecht fir d’Déieren, déi dacks ënner aller Sau geziicht a geschluecht ginn, awer excellent fir de klenge Mann vun der Strooss. De Sonndesbrot ass net méi just fir besser Hären.

Journalismus soll esou fräi ewéi méiglech sinn vun Ideologie, net nëmmen vun där politescher. Eng journalistesch Analyse muss aus Fakte bestoen an net aus enger Spléckung vun der Gesellschaft a Gutmensch a Bösmensch. E Reportage iwwer vegaant Iessen schreift sech méi einfach ewéi eng statistesch Opstellung vum Fleeschmaart, mat der Erkenntnis, datt nach ëmmer mussen Déiere geschluecht ginn. Dat eent ass fir déi Gutt, dat anert fir déi Béiss!

Ween den Elektro-Auto an den Himmel lueft, ass modern, also op der gewonnener Säit. Wien dat awer hannerfreet, deen ass op d’mannst esou fossil ewéi de Pëtrol. Also léisst ee léiwer mol d’Fanger derfunner! Eng Zort Auto-Zensur, an esou degradéiert de Journalismus lues ma sécher zu enger Fabréck vu Wonschdenken, jo, vun Illusiounen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *