Vum Charel Margue a vum Stéphanie Empain: Waffegesetz an Datebank

0
5018
image credits: rtl

de Charel Margue huet Joer laang déi politesch Meenungsëmfroen fir d’Medien interpretéiert, an der Haaptsaach kommentéiert. Elo muss hie selwer Politik maachen a muss sech de Virworf gefaale loossen, méi wéi engkéier schonn bannent 7 Méint an d’Fettnäppchen getrëppelt ze sinn.

Déi Gréng hunn nämlech un engem neie Waffegesetz gebastelt an  dobäi wäit iwwer d’Ziil geschoss, an dësem Fall: si goungen stramm iwwer den Text vun enger europäescher Direktive eraus. Fir si hu Waffen eppes mat “Peng-Peng” ze dinn, e klengt Kand, dat an de Wisen Winnetou a Cowboy spillt, ass e potentielle Kandidat, spéider engkéier tatsächlech op Mënschen ze schéissen. Dobäi ginn et friddlech Leit, déi Waffen einfach sammelen, e Gefill vu Gléck empfannen, eng Pistoul, e Messer am Grapp ze halen an all Informatioun iwwer hir kleng oder grouss Kollektioun wéi e Geheimnis ze fleegen. An dës Leit fillen sech iwwerdubbert mam geplangte Gesetzprojet vun där grénger Fraktioun. Et ginn e puer Associatiounen vu Waffesammler, a si wollten vun der zoustänneger juristescher Kommissiun gehéiert ginn. Domatter wäre mir beim Charel. Dee gouf nämlech de Bréif vun den associatiounen net weider un d’Kommissioun, ma huet eegestänneg decidéiert, déi Leit selwer ze empfänken, an zwar net an der Kommissioun, ma an der Fraktioun vun deene Gréngen. Dat muss een sech virstellen! Dat war scho luusseg! Natiirlech ass et erlaabt – an esouguer erwënscht-, datt Fraktiounen sech a Kontakt setzen mat Leit “aus dem Vollek”, fir op déi Manéier besser gewuer ze ginn, wou de Schong dréckt. Ma an dësem Fall war et d’Parlament hanner d’Liicht gefouert! E mea culpa wier net falsch gewierscht.

Eng vun den Associatiounen, d’ALANA (association luxembourgeoise des armuriers et négociants d’armes) goung op dee Rendezvous, am feste Glaawen, vun der Kommissioun gehéiert ze ginn; si huet sur place musse feststellen, datt si ugeschass gi war. Ma de Message vun deene Gréngen, aparti vum Charel Margue, war glaskloer: hien a seng Partei wieren der Meenung, datt nëmmen eng Waff, déi et net gëtt, eng gutt Waff wier. Während där Entrevue huet déi gréng Deputéierten Stéphanie Empain esouguer vun engem béise Bréif geschwat, dee si vun där anerer Associaioun vun de Waffesammler zougestalt krut hätt;

Stéphanie Empain
Wikipedia

e Bréif, deen esou béiss soll sinn, datt si sech géing bedroht fillen. Bei dëser Associatioun handelt et sech ëm Firearms United, an déi huet sech bei der Deputéierten vun esou engem Schreiwes op d’Schäerfst distanzéiert. Si fënnt et allerdéngs gelungen, datt just dës Madame dat Schreiwes krut, a sos keen anere Member vun der grénger Fraktioun, respektiv vun der Justizkommissioun, an zwar hätt d’Madame Stéphanie dee Bréif krutt, nach éier si als Rapportrice vum Waffegesetz designiéiert gi war. Firearms United Luxembourg bleiwt derbäi: mat esou engem Schreiwes, vun deem si bis dato iwwregens keng Copie zougestallt krut, wëllt si näischt ze dinn hunn. Si huet sech och e puermol bei der Deputéierte gemelt, fir mat hir an d’Gespréich ze kommen, a waard bis ewell ëmsos op eng Aentwert!

Mä, och dës Associatioun wollt vun der commission juridique gehéiert ginn an hat an deem Sënn e Bréif un de President vun der Kommissioun fortgeschéckt, also un de Charel. Do koum tatsächlech eng Aentwert, ma bossegerweis vun enger attachée parlementaire vun der grénger Fraktioun, an zwar net um Bréifwee oder iwwer Telefon, ma ganz relax iwwer message op Facebook. D’Associatioun huet nogefrot a krut confirméiert, datt weder hir Demande nach déi vun der Alana bei der juristescher Kommissioun ukomm an och net an der Chamber registréiert gi war! Firearms United Luxembourg seet sech enttäuscht a geet dervunner aus, datt en Dialog iwwer dat neit Waffegesetz net vun der grénger Fraktioun erwënscht ass. De Charel gesäit et als keng plus-value, eng Associatioun an der Kommissioun ze empfänken, also brauchen déi aner Deputéiert och näischt dovunner ze wëssen.

A wat d’Geriichter esou alles denken a schreiwen iwwer dat neit Waffegesetz, ass dem Charel an dem Stéphanie esou eppes vun egal. Haaptsaach, si 2 hu Recht! Hei de Link fir d’Avisën: https://www.chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=02877B6BCD010D51DAE6D821E13A1A35B101133FA9F3620E3CE6D943971536E92FD4F8D8DE36EBDAFCD041A99957F3C7$369554426AAF05ACA50A9D40F4776323

 

zweete Fall vum Charel sengem Despotismus:déi juristesch Kommissioun huet sech mat allerlee Sujetën ze befaassen, och mam ablacklechen Topthema vum “geheime” Casier. De Charel hat fir eng vun de Sëtzungen d’Procureure générale invitéiert, nees engkéier ouni sech mat denen anere Memberen ofgeschwat ze hunn, an och nach zesummen mat Vertrieder vun der Dateschutzkommissioun. Dat geet guer net! D’Madame gouf nees ausgelueden. An net genuch domatter: virgëschter war d’Kommissioun op en Neits zesummen, a kuck do, bemool goung d’Dir op, an et koum eran den Direkter vun der Police. De gudde Mann war perséinlech vum Charel invitéiert ginn, déi aner Membren hu sech virun de Kapp gestouss gefillt an haten den Direkter mat engem schéine Bonjour nees heem geschéckt. Eng penibel Situatioun! Et schéngt, wéi wann de Charel nach vill ze léieren hätt am Oemgank matt den Arbechtskolleegen, am Oemgank mat der Politik! D’Tëschefäll sinn eigentlech ze grave, fir doriwwer ze laachen: wann hei Bréiwer an Informatiounen de gewielten Volleksvertrieder virenthaale ginn, wéi ass et dann bei aneren Dossier? Et wär ze hoffen, datt do kee Systeem vun deene Grénge bedriwwe gëtt. An d’Kiischt um Kuch: de Mann huet sech zu der Ausso hiräisse gelooss: Ech si kee Jurist an ech hu keng Ahnung vu Justiz! Abé jo! Deen näechste wannechgeliff….

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here