Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Déi Gréng: wéi gutt, datt et Gesetzer gëtt! 

Déi Gréng: wéi gutt, datt et Gesetzer gëtt!
Image parMarie Sjödin de Pixabay

Den Henri Kox soll also neie Logementsminister ginn! Kee Josée Lorsché an och net d’Djuna Bernard, déi awer virun 10 Deeg tatsächlech am Gespréich wor; wahrscheinlech koum een zur Konklusioun, datt d’Madame Bernard awer dach ze vill jonk wier fir dee Posten an nach net genuch politesch Erfahrung hätt. Ma de politesche Marsch gëtt souwisou den Ament am Ëmweltministère geblosen: d’Carole Dieschbourg huet sech am Fall Traversini just eng eenzeg Kéier zu Wuert gemelt, den 18.September op Tëlee Lëtzebuerg, mat ënner anerem dëse Wieder: “…ech hunn hei an deem Dossier och elo keng Trace genau vu wéini datt et ass…” Hoppela! Natiirlech kann dat virkommen, datt en Haus, e Gaardenhaischen, e Schapp iergendwou an der Gewaan steet, well et opgeriicht gouf wäit virun all deenen Ëmweltgesetzer an et wëssentlech oder onwëssentlech vergiess gi war, konform zu de Bestëmmungen ze setzen. Mä deen Ament steet déi Constructioun an der Illegalitéit do! An do ass dat fuschneit Naturschutzgesetz ( http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2018/07/18/a771/jo) am Artikel 7.5 däitlech:

Par constructions légalement existantes dans la zone verte, on entend les constructions qui ont été autorisées par le ministre et qui ont fait l’objet d’exécution conforme à toutes les autorisations délivrées par le ministre, ou qui ont été légalement érigées avant toute exigence d’autorisation du ministre, et dont tous travaux postérieurs à la première érection ont été dûment autorisés et légalement effectués”. 

Well d’Ministesch selwer keng Tracen vun deem Gaardenhaische fonnt huet, war déi Constructioun an der Illegalitéit. D’Ministesch huet also duerch hir “verspéiten” Autorisatioun aus enger Illegalitéit eng legal Saach gemaach!

 

Derbäi kënnt, datt déi Parzell (1872) am Naturreservat Prënzebierg läit, an zwar an der Partie A, an och do ass d’Gesetz duerch e groussherzoglecht Reglement http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/1991/11/20/n1/jo

nees eng Kéier méi ewéi däitlech:

“…sont interdits:

toute construction incorporée au sol ou non;
l’emploi de pesticides et de substances organiques ou animales susceptibles de modifier la croissance de la végétation naturelle;
le changement d’affectation des sols.

 

Wär de Schapp an der Partie B , och zone tampon genannt, wier deen op där Plaz erlaabt gewierscht. Dat ass awer net de Fall! An anere Wieder: d’Ministesch an hir Leit konnten absolut keng Autorisatioun ausstellen, si hätte par contre den Dossier direkt mussen denoncéieren. Eng Autorisatioun ex post ass nëmme méiglech, wa virdrun e “Baustopp” dekretéiert gi war; dee gëtt dann iergendwann opgehuewen an d’Autorisatioun kann eraus, virausgesat, déi verschidden Elementer maachen et méiglech. Esou gouf et gemaach an engem aneren Dossier, deen um Wupp vun dësem Artikel op en RTL-Liéserbréif verlinkt ass. All dat war am Dossier Traversini net geschitt!

D’Prozedur fir esou Autorisatiounen ze ginn – oder ze refuséieren- ass iwwregens och festgeluecht: en éischte Rapport gëtt vum Feeschter gemaach a weider geleet un den Uewerfeeschter; et ass un him, den Dossier un den Ëmweltministère ze schécken, wou dann an engem spezielle Gremium nees eng Partie Leit de Kapp driwwer strecken, un der Autorisatioun oder um Refus schaffen, an d’Saach da schliisslech der Ministesch pour signature weiderreechen. An däer Aentwert stinn ëmmer eng Rëtsch Initialen, an zwar vun all de Leit, déi un der Ausaarbechtung vun der ministerieller Decisioun mattgewierkt hunn. Am Fall vun der Autorisatioun fir den Här Traversini gëtt regelméisseg – vun Affekoten bis bei Politiker- drop higewisen, datt et sech just ëm zwou Initialen handele soll: déi vun der Ministesch an déi vun der Sekretärin!

“Déi Gréng halen de Ball flaach”

D’Ministesch huet an hirer Ausso vum 18. September op der Tëlee nach drop higewisen:” Hei war et och, datt eng Renovatioun vun engem bestehenden, scho bestoendem Gebäi. Et ass keng Vergréisserung…näischt aneschters ugefrot. Dofir ass dat säin normale Wee gaangen, wéi bei eis d’Dossier gekuckt ginn”   

Ofgesinn dofunner, datt d’Gesetz an d’groussherzoglecht Reglement eng aner Sprooch schwätzen, schéngt den delai fir d’Autorisatioun extreem kuerz gewierscht ze sinn, -vum 9. Juli bis den 12. August- besonnesch fir den Ëmweltministère, deen éischter bekannt ass als Verwaltung vun de “Spéngelschësser”, wéi d’Geschicht vum Dachsbau hanner Biekerech gewisen huet http://3.127.214.33/hanner-biekerech-sackt-eng-strooss-an-kaschtepunkt-just-steiersuen/ oder och d’Erfahrungen vun der Madame Brigitte Bertrand et méi wéi verdäitlechen https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1409412.html

De Minister a Parteikolleeg François Bausch huet sech dëse Samschdeg op RTL hanner d’Madame Dieschbourg gestallt. Huet hie jo bal mussen! Fir de Rescht soll net méi an där Saach kommunikéiert ginn! Dobäi waren et déi Gréng, déi di lescht Joerzéngten regelméisseg op schaarf Texter fir d’Ëmwelt gepocht haten, elo riskéieren si selwer dorunner zu Gronn ze goen. Sinn si sech dees bewosst? Wee streng Gesetzer verlaangt, muss sech selwer am strengsten drun halen! Och wann et sech just ëm e Schapp handelt. Nach huet d’Ministesch d’Méiglechkeet, hir Decisioun ze revidéieren. Et wier déi propperst Léisung, well d’Responsabilitéit vun der Ministesch ass engagéiert duerch den Artikel 6 aus dem règlement grand-ducal:

Art. 6.

Notre ministre ayant dans ses attributions la protection de la nature et des ressources naturelles est chargé de l’exécution du présent règlement qui sera publié au Mémorial.

D’Zeréckzéien vun der Autorisatioun wier natiirlech en Aveu, datt eppes schiif gelaaf wor, politesch also Harakiri. Aus der Affaire Traversini gëtt eng Affaire Dieschbourg, mat hannendrun enger Verschlechterung vum Klima…an der Regierung.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *