Als Politiker muss een e breeden Ego hunn, sos mécht een déi Aarbecht net! Den Nicolas Schmit gehéiert zu deenen, déi nu wierklech net déi schlechste Meenung vu sech hunn. Als Aarbechtsminister huet hien tatsächlech d’Reform vun der ADEM duerchgesaat, eng Reform, déi awer nach e puer Joer brauch, ier si beim leschten vun den Ugestellten an där Administratioun och ukomm ass. Den Nicolas Schmit ass e gudde Riedner, hie bréngt et färdeg, op Kongresser d’Parteibasis ze begeeschteren, an nawell zitt et dee Mann scho méi laang an d’Friémt. Schonn 2011 wollt hie Generalsekretär adjoint ginn vun der OECD; duerno huet de Parteikolleeg, Ausseminister a passionéierte Ciklist Jean Asselborn him Méinte laang de Posten als Ambassadeur zu Paräis opstoe gelooss, ma och dorausser sollt näischt ginn. 2016 hätt hie sollen den Henri Grethen ersetzen op der europäescher Cour des Comptes, mä, well de Grethen net als President bei der Spuerkees ënnerdag koum, gouf och dorausser nix.
Zanter de leschten Nationalwahlen ass kloer: den Nico Schmit gëtt EU-Kommissär. Endlech um Ziel ukomm! Ma dat kënnegt sech och schonn nees komplizéiert unn, well am Ëmfeld vun de Wahlen huet de Vizepremier Etienne Schneider duerchblécke gelooss, datt hie grad esou un deem Posten interesséiert wier; eng Ausso, déi hie ganz séier drop zeréckgezunn huet, ma le mal étai fait!
Den Nicolas Schmit kéint sech déikéier allerdéngs selwer ofgeschoss hunn. Am Virfeld vun den Europawahlen an am Virfeld vum Kongress vun den europäesche Sozialisten a Spuenien hätt dee Mann nämlech kuerz
duerchblécke gelooss, datt hien interesséiert wir, Spëtzekandidat op europäeschem Plang ze ginn, also souzesoen eng Géigekandidatur géint de Frans Timmermanns. Esou kuerz deen Ament och war, hie kéint sech elo géint de Lëtzebuerger dréien. Den Timmermanns hätt dat nämlech net vergiess an hätt sech verschiddentlech géint de Schmit als Kommissär ausgeschwaat. Dat kruut ech natiirlech niérewou confirméiert, awer och net formell dementéiert. Allerdéngs ass et am Gespréich, och an den europäesche Couloiren. D’Viraussetzung ass awer ganz kloer d’Verdeelung vun de Posten an der EU. Ma och wann den Timmermanns wuel kaum Kommissiounspresident gëtt, esou ass awer duerchaus mat engem wichtege Posten fir hien ze rechnen. Déi geplangten grouss Allianz géint d’Populisten gëtt an de Kulissen weider verhandelt. Ganz aus dem Spill ass de Xavier Bettel iwwregens net fir EU-Conseilspresident ze ginn…et sief, d’Kanzlerin Angela Merkel géing sech erbaarmen.
opgefall ass a scho vill kommentéiert gëtt, datt den Etienne Schneider an der Lescht esou gutt gelaunt wär. Et heescht ëmmer nees, de Mann géing sech virum Summerlach -oder kuerz duerno- aus der nationaler Politik zeréckzéien. Da misst hien eppes aneschters en vue hunn,villäicht Direktioun Berlaymont zu Bréissel? Eng batter Pëll fir den Nicolas, mä, mat esou vill gudde Parteifrënn brauch een keng Feinden ze sichen! Wéi gesot, decidéiert ass nach näischt, ma d’Chancen fir den Här Schmit stinn net zum allerbäschten!