Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Schnoken

Op en Hoer wier d’Dornröschen vergewaltecht ginn! 

Op en Hoer wier d’Dornröschen vergewaltecht ginn!
image credits: unknown

Politesch Correctness léisst keng Diskussioun zou. Zu Paräis sollt de Schrëftsteller Alain Finkielkraut op der Universitéit vu Science Po eng Konferenz haalen. Verschidde Studenten gesinn dee Mann um stramm rietse Bord ; si hunn en däermoosse Spektakel opgefouert, datt de Schrëftsteller huet musse vun der Police an de Sall erabegleet ginn.

 

Z u Frankfurt huet d’Goethe-Universitéit eng Konferenz iwwer de Voile fir d’Fra organiséiert. Eng Madame Schroter huet iwwer den Thema geschwaat : « islamesche Voile- Symbol vun der Dignitéit oder vun der Ënnerdréckung?” Neess eng Kéier grousse Spektakel vun de Studenten, déi net dermatter gerechent haten, datt hiert Gedeessems näischt aneschters war, ewéi eng Publicitéit fir d’Konferenz. De Sall war ze kleng, et hate musse Still bäigesaat ginn.

 

Wat erféiert ass, datt esou Szenen sech op Universitéiten ofspillen, an engem Tempel, wou WËSSEN geschafe gëtt, souzesoen eng hällech Plaz, wou Meenuns- an Ausdrocksfräiheeten duerch exercéiert ginn. Et huet een ëmmer méi d’Impressioun, datt vill Jugendlecher sech méi wuel fillen am Bräi vum Mainstream, ze liddereg sinn, sech mat anere Meenungen kontrovers ausanenerzesetzen.

 

O p der Sorbonne gouf en Theaterstéck vum Aale Griich Eschyle verbueden; an deem Stéck droen d’Acteuren Masken virum Gesiicht, esou wéi dat am Antiken Theater den Usus war. Dat wär eng Allusioun op e Blackface soten d’Militanten vun der ligue de défense noire africaine. Zu Florenz gouf d’Oper Carmen opgefouert, wou um Enn d’Zigeinerin (dat seet een net !) vum Don José doud gemaach gëtt. An Zäiten vum me too ass dat awer net méi esou einfach; de Regisseur huet d’Spill ëmgedréit: et sollt net de Mann sinn, deen d’Fra erschéisst, ma et sollt mol engkéier ëmgedréit sinn : d’Fra setzt de Klabes un de Mann. Yippieh !

Image parrawpixel de Pixabay

Op där anerer Säit gouf an enger Primärschoul zu Barcelona d’Buch vum Rotkäpchen an dem béise Wollef aus der Bibliothéik erausgeholl. Dat Buch wier toxesch. Wann d’Mary Poppins duerch e Schaaschteg flitt a mat schwaarzem Gesiicht erauskënnt, wär dat eng Uspillung op déi Maximalpigmentéiert. D’Dornröschen soll verbuede ginn, wéinst der Szen, wou de Prënz dem Meedchen, dat viru sech hi schnaarcht, eng Bees gëtt. De Prënz huet hatt net ëm Erlabnis gefrot, also eng Zort sexuell Aggressioun !

 

D’ Anne Rosencher hält am L’EXPRESS fest: et ass normal, datt Verschiddenes an der Gesellschaft ännert, datt e banale Witz vu fréier hautdesdags sech net méi kann erzielt ginn. Awer:”ILs (les censeurs de belles causes) avancent par l’intimidation et le chantage à l’accusation de sexisme ou de racisme. Chaque cas, pris à part, semble dérisoire. Ajoutez-les les uns aux autres, et ils donnent la désagréable impression que l’air se raréfie.

 

D’Generatioun « Totalepilatioun » oder och « Generatioun Y” ass am gaangen ofzedanken, an hannerléisst extreme Schued an der Gesellschaft. Déi Generatioun, déi sech esou gären ganz plakeg weist, huet sech en décke Pelz wuesse gelooss, wat den Dateschutz betrëfft, an zwar am breedeste Sënn. Esou krut ech Courrier vu menger Zousazkrankeversécherung:”Suite à la nouvelle règlementation GDPR, les tickets de pharmacie ne nous permettent plus d’identifier nos assurés « ! De Fortschréett ass net opzehalen ! Grad, wéi wann et ee Geheimnis wier, wat ech do an der Apdikt akaafen.

Bon, et arrangéiert wéinstens d’Assurancëgesellschaft! Et muss een elo eng Copie vun der Dokteschordonnance bäileeën…vill wäerten net dorunner denken….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *