Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Den LSAP-President suergt fir gutt Stëmmung bei Gréng a Blo 

Den LSAP-President suergt fir gutt Stëmmung bei Gréng a Blo
image credits. wikipedia

ambitiounen a Realitéit ass dem Franz Fayot säin Artikel vum leschte Samschdeg (9. Mäerz)  am lëtzebuerger Wort iwwerschriwwen. Doranner geet zum Beispill Rieds vun der Oekosteier op de Bensinpräiser, déi bekanntlech esou schappeg ausgefall ass, datt awer och keen eenzegen Automobilist sech doriwwer am Eescht kann opreegen. Déi Gréng wäerten him Merci soen, esou an der Ëffentlechkeet blaméiert ze ginn. An deem Kontext schreiwt den LSAP-Chef vun SUVs an aaneren Drecksschleideren, déi ee ganz aaneschters sollt besteieren, wéi Auto, déi manner CO2 oder NOX produzéieren, an de roude Koalitiounspartner gëtt deene Gréngen de gudde Rot:d’AGRäIFEN VUN DER ËFFENTLECHER HAND, EBEN IWWER ESOU STEIERLECH USäTZ, ASS ONËMGäNGLECH FIR ENG GRéNG POLITIK. De Klimaplang géing awer grad dat bis ewell vermësse loossen. De Wahlgewënner kritt also vum Wahlverléirer an aller Ëffentlechkeet gesot: Aer Politik daacht näischt!

De Franz Fayot huet mat Sécherheet net vergiess, wéi an der Zäit dem Ëmweltminister Lucien Lux säi politesche Stäerchen ënnergoung wéi een Ënnerséiboot. Säin LSAP-Kolleeg hat an der Zäit

image credits: gettyimages.com

d’Autosteier ganz zëmperlech an d’Lut gesaat, de Wieler war entsaat: Äddi, an net Merci! Elo sollen déi Gréng et machen an drunner ersaufen! Eigentlech huet de Fayot jo net Onrecht: et woren déi Gréng, déi di lescht 3 Joerzéngten regelméisseg mat enger fatzeger Oekosteier genervt hunn; elo als Wahlgewënner missten si hir eege Fuerderungen aléisen, schliisslech steet eise Planéit mam Klimawiessel kuerz virun sengem Ënnergang. Ma déi Gréng hunn och d’Experienz Lux net vergiess a wëssen, datt se mat wierklech gréngen Decisiounen all hir Mandater, déi se am Oktober bäikruten, an engem Siess nees kënne verléieren. Also, gëtt léiwer op der Plaz getrëppelt.

 

.Interessant och seng Iwwerleeungen, wat de leidege Probleem vum logement ugeet. Do kréien der nees engkéier déi Gréng, an awer och déi Staater Buergermeeschteg laanscht d’Baken: Staat a Gemengen missten an de marché agräifen, duerch eng radikal Besteierung op den Immobiliegewënner, duerch eng ugepasste Grondsteier, eng Spekulatiounssteier, duerch eng Präisbrems (wat och och dorënner ze verstoen ass) an och duerch eng Verméigenssteier.

Domatter stellt sech de Fayot, an also d’LSAP, op de lénke Bord vun der Politik- wat jo och ugekënnegt gi war. Hei allerdéngs schéisst de Parteipresident ganz schaarf an et bleiwt ofzewaarden, op d’Partei net op deem engen oder anere

image credits: vdl.lu

Punkt wäert zeréckrudderen. D’Madame Polfer kritt virgehäit, schonn Buergermeeschtech gewierscht ze sinn, wéi Thatcher a Reagan an den 80er Joer un der Muecht woren, an enger Zäit, wou den Neoliberalismus Héichkonjonktur hat. Bannent 40 Joer hätt d’Madame Polfer ëmmer nach déi nämmlecht Reflexer a géing op de marché setzen, dee sech selwer reguléiert. D’Madame Polfer wier net bereet, ëmzedenken!

Fazit: déi Rout sinn am gaangen, sech ze profiléieren, hir Ecken a Kanten ofzeschläifen. Dat féiert zu Klengkrich an der Dräierkoalitioun. Gambia 2 ass definitiv eppes aaneschters wéi Gambia 1!

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *