Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Notre-Dame de Paris an d’Konschtbanausen 

Notre-Dame de Paris an d’Konschtbanausen
Image parian kelsall de Pixabay

Wat soll dat Gëdeessems rondrëm d’Spendenaktioun fir d’NOTRE-DAME de Paris ?! Och gewësse Journalisten mengen, si missten sech opreegen, datt grouss Gesellschaften, räich Familjen a Frankräich léiwer hir Milliounen an d’Restauratioun vun enger Kierch spenden, ewéi fir Flüchtlingen, déi am Mëttelmier riskéieren, ze erdrénken. Wat soll dee Quatsch ?! Zanter wéini gëtt virgeschriwwen, fir wat fir Zwecker soll gespend ginn? Déi Kathedral ass eleng fir sech en Argument, vun Zäit zu Zäit op Paräis ze fueren. Et ka jo sinn, datt et Leit gëtt, déi léiwer de Barock-Style hunn ewéi d’Gothik, dat ännert awer näischt un der “Immensitéit” vun där Kierch.

 

 

E t gëtt deene räiche Familjen virgehäit, si géingen d’Spenden vun der Steiererkläerung ofsetzen. Jo an? Dat kënnen si grad esou maachen, wann si enger ONG Sue ginn, déi sech fir Flüchtlingen asätzt. A mir selwer gehéieren jo schliisslech bal alleguerten mat zu deenen, déi kleng Spende maachen, an dann Februar/Mäerz d’Tabell op der Steiererklärung ënner “libéralités” ausfëllen, fir déi puer Mécken kënnen ofzesätzen. A béide Fäll ass d’Affer de Papa Staat, deen op eng gewëssen Zomm “x” vu Suen muss verzichten. Ass et ieren de montant vun de Spenden, dee bestëmmte Leit esou erféiert, jo schockéiert ? LVMH spend 200 Milliounen Euro, grad ewéi d’Famill Bettencourt-Meyers vun L’OREAL, Kering kënnt mat 100 Millioune geschäert grad ewéi Total, dobäi refuséiere verschiddener esouguer op eng Défiscalisatioun ! An awer muss de franséische Staat dat anert Joer op 600 Millioune Steierrecetten verzichten ! Jo, et si vill Suen, et kann ee sech schwéier virstellen, datt eng eenzeg Famill kann mir-näischt, dir-näischt op 200 Milliounen Euro verzichten, ma musse mir eis dowéinst behuelen ewéi verschidde frustréiert “gilets jaunes” ?

 

E t ass eess ewéi eess, de Staat, deen am meeschte muss blechen. Soll mer dann d’Notre-Dame de Paris ofrappen? Dovunner ofgesinn, datt dat och eng Staang Suen géif kaschten, kënnen dat just Leit verlaangen, déi eng absolutt Kulturbanaus sinn ! Wa mir gäeren a Frankräich ginn, da wuel net eleng wéinst Sonn, Plage a Camembert, ma och fir déi vill schéi Plaazen ze genéissen, en Ausflug duerch zig Joerhonnerten. Doranner ass Paräis exemplaresch, déi franséisch Haaptstad huet Zäitzeien aus ville verschiddenen Epochen. D’Vallée de la Loire ass och e gudd Beispill, dacks zwar kitscheg, an awer derwäert, duerch déi verschidde Schlässer a Buergen ze trëppelen. Solle mir dat alles futti goe loossen, nëmme wéinst PISA-gestéierte Leit, déi kee Sënn hunn fir Konscht a Kultur ?

 

D De franséische Kulturministère gëtt all Joer d’Bagatelle aus vun 320 Milliounen Euro. Dat ass extreem wéineg, wann ee bedenkt, datt am Hexagone ëmmerhinn 45.000 Gebailechkeeten oder Monumenter ënner Denkmalschutz stinn! An iwwregens: d’Notre-Dame de Paris ass keen Eenzelfall!

image credits: Wikipedia

D’Notre-Dame de Reims war um Enn vum 1. Weltkrich vun de Preisen futti bombardéiert ginn…a gouf nees opgeriicht ! A wéi wor et dann matt der « Frauenkirche » zu Dresden ? Gouf och nees opgeriicht ! Idem fir d’Bibliothéik zu Sarajewo, d’Schlass  vu Windsor, déi aal Bréck zu Mostar , den Theater FENICE zu Venedeg etc ?

Eigentlech ass et, wéi ëmmer: et geschitt eng “Katastroph”, d’Medie si voll dofunner a scho gëtt gespend. Dofir: wann der mengt, et wier eppes nozehuelen, da weist mol nees Reportagen vun de Booter um Mëttelmier, am Beschten awer wuel vun der Hongersnout am Jemen. Do hunn d’Leit Ënnerstëtzung wierklech batter néideg!

Related posts

1 Comment

  1. Hinterscheid Luc

    Et war, ass an bleift jidderengem selwer iwerloss wat hien mat sengem Geld mecht, soulang et legal ass.
    Ech perseinlech wärt wuehl keen Cent spenden. Weder fir Hip nach fir hop.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *