Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Bettel ugekraazt, Engel ugezielt 

Bettel ugekraazt, Engel ugezielt
Photo de Brett Jordan provenant de Pexels

 

eigentlech sinn ech – oder soll ech soen: war ech?- e grousse Fan vum Frank Engel. Gescheite Käppchen, vill Erfarung an der Politik, brillante Riedner, dee kengem Sträitgespréich aus de Féiss goung. Leider steet hien sech dacks selwer am Wee. Säin Optrëtt de Moien op Radio Lëtzebuerg war d’Confirmatioun dovunner.

War et wierklech glécklech, wärend engem Prozess um Geriicht an d’Ëffentlechkeet ze goen? Aus der Siicht vum fréieren CSV-Parteipresident wuel jo, well deen sech 24 Stonnen nom Requisitoire vum Parquet – 9 Méint Prisong mat integralem Sursis- sech an den Eck gedréckt fillt. Souzesoen e leschte Rundumschlag virum Verdikt. Grad dat war de Feeler!

Wär et dem Engel drëm gaangen, nach emool géint seng fréier Partei, an der Haaptsaach géint d’Fraktioun auszedeelen, hätt ech säin Optrëtt eventuell kënne verstoen. Obwuel Verbatterung ass ni e gudde Conseiller. Den Engel huet awer indirekt d’Justiz an e schlecht Liicht gestallt, mat senger perséinlecher Feststellung, datt deen “CSV-Prozess” extreem séier zustane koum.

Déi Fro ass zwar berechtegt, nëmmen gehéiert si an de Prozess selwer an net op d’Antennen vun RTL. Wann een déi Fro nämlech opwërft, stellt een zugläich d’Onofhängechkeet vun der Justiz a Fro! Eigentlech e staarkt Stéck! Ech froe mech, op d’Magistratur sech dat gefale léisst? Dem Ex-CSVler seng Aussoen riskéieren e Selbstgol ze ginn!

Inhaltlech gouf et sos näischt Neits, wat net scho gesot gi wier. Dem Engel seng politesch Carriere schéngt am Eemer ze sinn. Säi verstopptenen Appell u Leit mat déckem Portmonni, him Suen ze ginn fir eng nei Partei ze grënnen, wäert kaum op vill Echo stoussen. Am Dezember fält de Verdikt, 24-48 Stonnen wäert d’Affair CSV-Engel nach emool vill an de Medien thematiséiert ginn, ma zu deem Ablack si vill Leit schonn a Gedanken ënnert dem Chrëschtbeemchen.

Grad ewéi zu dësem Ablack. Mir schreiwen de 27. Oktober, kuerz virun Allerhelljen. D’Politik – an net nëmme si- geet an d’Vakanz. Über allen Gipfeln ist Ruh! Ëmsou méi wou elo de Staatsminister selwer an e schlecht Liicht geroden ass, an d’Medien sech éischter op deen aschéissen! Net méi den Engel, ma de Regierungschef steet am Fokuss.

xavier Bettel, de “Knäipert”! Oder de Copy-Paste-Mann! Domadder muss de Premier an Zukunft wuel liewen. D’Virwërf an den excellenten Recherchen vum Onlinemagazin reporter.lu hu sech gewäsch. De Student Bettel huet nämlech a senger Ofschlossaarbecht op der Universitéit vun Nanzeg méi wéi 96 Prozent vum Inhalt virun iwwer 20 Joer einfach esou vum Internet kopéiert. Ganzer 2 Säiten vun am Ganzen 96 wiere kee Plagiat!

Dat muss een sech mol op der Zong zergoe loossen. Wuel war 1999 d’Welt nach eng aner ewéi haut, den Internet war nach an de Kannerschong. Ma dat ass keng Entschëllegung! Fréier goung een an d’Bibliothéiken Bicher ausléinen, et huet een sech Saachen erausgeschriwwen a wann een dorausser zitéiert huet, gouf een zum Schluss vu senger Aarbecht seng Quellen un. Déi nämmlecht Spillreegelen gëllen nach haut.

A wat huet de Student Bettel gemaach? Hien huet 20 Säiten vun der Homepage vum Europaparlament kopéiert, einfach esou, ouni iergendwellech Hiweis. Kannerspill! Dann ass eng Aarbecht séier gemaach. Et ass e flagrante Fall vun intellektueller Onéierlechkeet!

Grad déi Däitsch sinn op deem Plang äusserst streng. E Politiker wéi de von zu Guttenberg hat dowéinst mussen demissionéieren, ganz rezent hat sech déi Gréng Annalena Baerbock mussen entschëllegen fir hiert intellektuellt Geklauts an hirem Buch. Dobäi schéngt d’Éierlechkeet dem Staatsminister ganz uewen ze leien, wéi reporter.lu schelmesch schreift an aus engem Bettel-Interview mam ZEIT-Magazin zitéiert: Ech verdroen keng Onéierlechkeet. Wann ech d’Gefill hunn, et versicht een eppes mat Tricksereien z’erreechen, da verzeien ech him dat net!

Wéinstens elo gëtt de Premier säi Feeler zou! Menger Erënnerung no hunn ech dës Aarbecht deemools no beschtem Wëssen a Gewëssen verfaasst. Haut erkennen ech un, datt een dat hätt kéinten, jo villäicht missten aneschters maachen.

de Staatsminister wäert wuel kaum dowéinst demissionéieren. Zu Lëtzebuerg tickt déi politesch an och medial Auer ganz aneschters wéi an Däitschland. Et sief, déi auslännesch Press géing dovunner gewuer ginn. Da kéint et op engem EU-Sommet heeschen: Bettel, le plagiaire! Seng Kredibilitéit op der internationaler Bün wär ugeschloen.

Dat ass si souwisou och an där klenger Welt zu Lëtzebuerg. Vill Leit hunn him nach net vergiess, datt hien an engem Interview op RTL d’Zousécherung gouf, datt hien – egal wéi d’Wahlen déiten ausgoen- géif Buergermeeschter an der Haaptstad bleiwen. Mir wëssen, datt et aneschters koum. Elo kommen déi Plagiatsvirwërf derbäi. Interpretatioun aus dem Vollek: mat der Éierlechkeet an der Politik ass et souwisou net wäit hiergeholl a beim Premier elo scho guer net.

Mat de Revelatiounen vun reporter.lu ass den Image vum Staatsminister hefteg ugekraazt an deementspriechend och déi vun der Regierung. Dorausser kënnen kollateral Schied entstoen. Ech denken do un en eventuelle Referendum iwwert eis Verfassung. Eng Partie Leit géingen duerchaus géint déi Reform stëmmen aus puerer Roserei. Rache ist süss, soen sech do eng Partie Wieler, grad ewéi am Referendum 2015. Berechteg oder net, dat sief dohinner gestallt.

De Premier ass blaméiert, mat enger klenger Entschëllegung ass et net gedoen. Le mal est fait! Déi Jugendsënn bleift wéi Pattex un him hänken. Mä elo sti mir mol gläich op de Griewer an dann ass Chrëschtdag, an der Hoffnung, datt d’Sonn dann aneschters opsteet!

 

Related posts

1 Comment

  1. Claude Hoffmann

    Eis Gesellschaft fällt iwwert hier éegen Hindernis-Strategie. Haut kritt keng Botzfra méi eng Plaatz, wann se nët e Master an “Gebäudereinigungstechnik” huet. De Martin Schulz ass ënnergaang, well en an den Aaen vu sénge Leit nët genuch diploméiert war – an dobäi wär hien e Politiker mat Mënschegefill gewiecht, dee méi opweises haat wéi all déi aaner. An déi diploméiert faalen iwwert hier Fuddlerei. Wat wäer da besser? E kapablen an éierlëchen ouni Diplom, oder en onéierlëchen mat Diplom? Dat ass esou lächerlëch, dass ët scho bal pervers ass.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *