Recent Posts

Post Categories

TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...

Blog Post

Aussepolitik

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser…
chd.lu

…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi den ADR-Mann Mëtt November zu Sotchi hat mam fréiere Kreml-Chef Dmitri Medvedev…zesummen mat 3 Memberen vun der däitscher AFD. Dem Mann seng Positioun vis-à.vis vu Russland wier däitlech!

C’est bien simple: pas un vote de l’élu (non inscrit) au Parlement européen ne contrarie le narratif de Moscou. La résolution du 17 décembre 2025 sur la “suppression progressive des importations de gaz naturel russe”? Contre. Renforcer la résilience de la Moldavie face aux menaces hybrides russes? Niet. Condamner la “désinformation et la falsification historique de la Russie pour justifier sa guerre d’agression contre l’Ukraine”? Non plus. Le plan de l’UE “en faveur d’une paix juste et durable pour l’Ukraine”? Trois fois non!

D”Europa-Parlament géing de Krich an der Ukrain als russesch Offensiv duerstellen, als Invasioun déi net provozéiert, net justifiéiert war. Dat wär d’Problematik ze vill unilateral interpretéiert, gëtt de Lëtzebuerger zitéiert, e Standpunkt, deen hien net kéint deelen. De fréieren Ambassadeur (Griechenland, Zypern, Rumänien) wéilt d’Relatiounen tëscht Politiker aus Europa a Russland reaktivéieren. Zwou Visio-Konferenzen wäre schonn organiséiert ginn, mat enger Hand voll Vertrieder aus der Douma a matt ronn 10 Europadeputéierten; een drëtte Rendez-vous an deem Genre wier fir elo Enn Februar.

Fazit: näischt Neits am Westen, op d’mannst net aus lëtzebuerger Siicht. Den Ex-Duebel-Agent gëtt sls Spiouneguckelchen am Déngscht vun hirer Majestéit am Kreml beschriwwen, an déi europäesch Institutioune wieren an der Vergaangenheet naiv genuch gewiescht fir dorobber eranzefalen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *