Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Wat huet de Bausch mat der Wakenaffair ze dinn? 

Wat huet de Bausch mat der Wakenaffair ze dinn?
Image parPublicDomainPictures de Pixabay

Direkt absolutt näischt, dofir awer indirekt. Am Minister senger Geschicht – Amëschung an d’Justiz oder net- geet et jo eigentlech ëm e Schantgen op der Mousel, wou d’Deviatioun net korrekt installéiert wor: de Verkéier goung op enger Plaaz iwwer den Trottoir, Motocyclisten haaten hir Probleemer, den Trottoir eropzekommen, verschiddener waren dobäi gefall an haaten sech blesséiert. De Parquet huet dorobberhinn direkt eng Entschiedegung vu Ponts et chaussées gefrot, am aanere Fall kéim et zu Prozesser. Iwwer dës Prozedur huet sech de François Bausch gewonnert, mä, natiirlech mussen et fir dës Prozedur Jurisprudenze ginn. Eng dofunner ass déi sougenannten “Wakenaffaire” aus dem Joer 1962.

 

D o hat Ponts et chaussées op engem Deel vun enger Strooss eng Zort décke Kräsi benotzt, bal esou déck, wéi kleng Mouselwaaken. Resultat: déi Steng sinn an d’fiischt Fënster vum Auto hannendru geflattert an déi goungen a Schiebelen. De Lëtzebuerger Automobilclub huet de responsabelen TransportMinister Robert Schaffner op d’Geriicht geholl an…huet gewonnen. De 14. September 1962 krut de Minister gesot, hien, dat heescht seng Verwaltung, misst 7 Automobilisten mat 13.298 Frang fir eng kabotte Fënster entschiedegen. Esou ee Verdikt hat et bis dohinner nach nie ginn.

“…il y a encore des Juges à luxembourg…”                 

huet de LE SOIR geschriwwen an d’Lëtzebuerger Auto-Revue huet houfereg geschriwwen: “Von der Nordsee bis zum Eisernen Vorhang hallte der Gerichtsspruch wider…”. Den Affekot Fernand Zürn, deen dës Affaire gewonnen hat, koum matt 300 weidere Fäll vu futissë Fënsteren fir e Wäert vun enger hallwer Millioun Frang. Et huet 6 Méint gedauert, bis och e klengen Artikel iwwer dëse Verdikt an der Westberliner Zeitung DER ABEND publizéiert gouf.

Link “Der Abend”: https://www.dropbox.com/s/sbm0wkdqeier4xw/nouveau%20document%202019-04-28%2011.14.53.pdf?dl=0

 

 

E t gouf also op eng gewësse Responsabilitéit vum Staat higewisen. Nët nëmmen, wat Schantercher ugeet, ma och en Tracé vun enger Strooss. D’Diskussioun gouf an der Zäit aaneschters gefouert ewéi haut. Wann emol op verschiddene Plaaze gerannt gouf, wéi op der Briddeler Streck, dann ass mam Fanger op d’Politik gewise ginn, mam Hiwäis:den Automobilist steet dacks laang am Stau, a wann de Verkéier da bis rullt, dann dréckt deen een oder aneren och alt mol iwwerdriwwen op de champignon. Dat war natiirlech net ganz richteg, mä ganz falsch war et och net. Et kann een nu wierklech net behaapten, wéi wann dat ganzt GESTAUS net eng Auswierkung hätt op eise séileschen Zoustand…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *