Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Déi nächst Wahlen decidéieren sech och op de soziale Medien 

Déi nächst Wahlen decidéieren sech och op de soziale Medien
Photo de Joseph Garza : https://www.pexels.com/fr-fr/photo/costume-gens-coeur-creatif-4001314/

Virun enger Woch haten DP an CSV Parteikongress. Dobäi goung iwwerraschend vill Rieds vun de soziale Medien. Offiziell an och an de Kulissen. Dat huet säi Grond: déi nächst Wahlen -kommunal an national- wäerten sech zum Deel duerch d’Internetsäiten decidéieren. Zwar ass Lëtzebuerg net Amerika, zwar ass Bettel net Trump, an nawell huet sech am Laf vun der Zäit e klenge System opgebaut.

A menger aktiver Zäit bei Radio Lëtzebuerg hunn ech eng Partie Commentateuren déi sech anonym op rtl.lu zu Wuert gemellt hunn, perséinlech kannt. Do war de Marcel, deem ech reegelméisseg op der Plëss d’Arem an d’A gekuckt hunn wann hien an d’Glas geluusst huet fir seng homophob Spréch lass ze ginn; do war de Jos mat senge familiäre Problemer, do war… Dacks iwwerduerchschnëttlech frustréiert Mënschen mat vill Fräizäit an hirem Beruff.

D’Politiker selwer kennen dës Leit och dacks. Den LSAP-Deputéierten Mars di Bartolomeo hat eng Kéier Ross und Reiter genannt, dem anonymmen Commentateur säi richtegen Numm divulgéiert an och d’ADEM als säin Employeur bekannt ginn. De Politiker ass jo meeschtens d’Affer vun esou Commentateuren ma grad d’Politik probéiert elo dorausser Kapital ze schloen.

besonnesch d’DP ass do op Zack. Ech denken do manner un de Premier Xavier Bettel dee bekanntlech méi séier twittert ewéi Politik mécht, fir deen de Schein méi wichteg ass ewéi de SEIN. Ech denken éischter un all déi Persounen déi souzesoen am Optrag vun der Partei an ënnert dem Deckmäntelchen vum Anonymat hire politesche Katz op rtl.lu lassginn: pro Gambia, géint d’Oppositioun, absëns géint d’CSV.

Dee System geet op. De lecteur non averti geet op dës Manéier dervunner aus, datt d’Stëmmung am Land extrem gutt ass fir d’Regierung a grad esou extrem schlecht fir d’CSV oder fir de Rescht vum politesche Spektrum. Et muss ee schonn e Bléck op d’Reaktioune vun dëse Commentaire werfen, also op den Daum erop, Daum erof, meeschtens vu Leit, déi sech net esou trauen mat hirer Meenung an d’Ëffentlechkeet ze goen. Do kënnt munchmol e ganzt anert Bild zum Virschäin, ma et fält deene Wéinegsten op. An dës Zort Frëndeskrees soll fir dat anert Joer ausgebaut ginn.

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photographie-en-gros-plan-des-icones-de-smartphone-267350/

Et héiert een nämlech, datt grad bei der demokratescher Partei eng Rei Leit aus den Alentouren vun der Fraktioun gepëspert kruten, nach méi aktiv an déi Richtung ze goen. D’Juegd op sougenannten influencer huet ugefaangen, also vu Leit déi op deem enge Media vill Frënn hunn, op deem aneren vill Follower, also op FB, op Twitter, op instagram, tiktok. Och op deem Punkt si mir zu Lëtzebuerg par Rapport zum Ausland – glécklecherweis?- hannendran, ma et gëtt dach där Persounen, déi besonnesch geliked sinn, déi also op déi eng oder aner Manéier hir Fan- oder Fun-Gemeinschaft kënne beaflossen.

Bal ëmmer ganz jonk Leit, net onbedéngt iergendeppes mat Politik um Hutt. Si ginn kontaktéiert, entweder fir als Kandidat mat op eng Lëscht ze goen oder awer wéinstens op hirer Internetsäit e gutt Wuert fir d’Partei anzeleeën.

Do kann een natierlech argumentéieren: d’Partei entwéckelt sech mam Geescht vun der Zäit. Pech fir déi aner, wann déi ze domm sinn! Ma manipulativ ass et schonn! Et ass näischt dogéint ze soen, wann de Politiker selwer déi sozial Medien als Marder- oder Leopard-Panzer benotzt, fir vu sech schwätzen ze doen. D’Piraten, virop de Sven Clement, maachen dat excellent a ginn dowéinst am leschte Politmonitor vun enger gréisstendeels jugendlecher Wahlclientèle belount.

Aner Parteien wäerten nozéien. Déi Gréng sinn an deem Kontext net schlecht opgestallt, verschiddener bei der CSV üben. Esou laang mat oppene Kaarte gespillt gëtt, ass alles an der Rei, wann och munchmol bedauerlech.

Photo de Karolina Grabowska: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/pieds-orteils-clous-peau-4963822/

Natierlech gëllt och hei d’Meenungsfräiheet, ma et soll schonn nach esou sinn, datt de Kleng-Kleng-Krich tëscht de Parteien iwwersiichtlech bleift am Sënn vun enger eenegermoossen transparenter Politik!

An eng gewësse Seriositéit ass och net vu Muttwëll. Op eemol hu mir Leit an der Chamber sëtzen, déi just sharen liken, op Instagram weisen, wéi si hier Zéiwenneel fierwen a mengen, eng Tripartite wier e Menü mat dräi Gäng! Tik Tok.

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *