Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Finanzen

Eng fatzeg Klo géint Rothschild zu Lëtzebuerg 

Eng fatzeg Klo géint Rothschild zu Lëtzebuerg
Image par PublicDomainPictures de Pixabay

de Sergei Bogdanchikov ass e räiche Mann. Hien hat sech berufflech bis un d’Spëtzt vum russesche Multikonzern Rosneft erop geboxt. Hie koum aus einfache Verhältnisser, ma hat et am Laf vun de Joer – besonnesch an der Boris Yeltsin-Zäit- zu vill Geld bruecht, Rubel, Dollar, Euro, egal, Haaptsaach Geld. De Mann hat kee Grond onzefridden ze sinn. Viru knapp 20 Joer hat den Här e ganze Pak Bores op der Lëtzebuerger Filial Edmond de Rothschild hannerlooss. D’Schicksal huet säi Laf geholl.

D’Geld war an riskant Strukturen an der Karibik investéiert ginn, déi wéi d’schéngt vun Mossack Fonseca opgestallt gi waren. Fir et kuerz ze maachen: no enger Rei Joer waren d’Suen zum gréissten Deel fort! Et heescht, de Mann wier vun engem Mataarbechter vun der Bank hannert d’Liicht gefouert ginn, vun deem sech d’Bank an der Tëschenzäit getrennt huet; et heescht awer grad esou, datt d’Bank sech och servéiert hätt, mat Kommissiounen, déi besonnesch héich gewiescht wären.

Wéi de Russ vun engem Bekannten op Irregularitéiten opmierksam gemaach gouf, koum et zu Gespréicher tëscht him an der Bank. Dat goung eng Zäitche gutt, bis de Mann enges Daags vun der Bank gesot krut, datt hien sech net méi bei hier ze weise bräicht. Persona non grata. Dat war fir de Mann e leschte Fouss-an-den-Aarsch: fir d’éischt zeg Dosenden Milliounen verluer – d’Klo beleeft sech op 100 Milliounen-, an elo nach vun der Bank eraus komplimentéiert!

Dem Mann ass et eescht: hien huet d’lescht Woch zu Nei-York eng nei Plainte agereecht. Hie selwer behaapt, ëmmer géint riskant Investitiounen gewiescht ze sinn. Dat géing jo bedeiten, datt esou Geschäfter hannert sengem Réck gefouert gi wären, wat zugläich sech schwéier virzestellen ass, et sief, d’Bank an/oder hiren Ugestellten hätten tatsächlech kromm gespillt. Den Thierry Labro schreift haut op paperjam.lu: ” A-t-il signé ou pas les documents que lui tend la banque et qui permettraient de la dédouaner d’une partie de ses responsabilités, ce sera vraisemblablement le cœur du sujet devant la justice luxembourgeoise,…”

schonn virun 4 Joer hat de russesche Millionär Plainte zu Lëtzebuerg gemaach, ëmmerhin hat de Mann e Kont op enger Bank hei am Land, ma

… Geschitt ass op eise Geriichter bis dato guer näischt..

An der Schwäiz waren se méi séier. Satisfaktioun krut de Russ allerdéngs net, an zwou Instanzen huet sech d’Geriicht géint hien decidéiert.

Et ass net u mir, ze tranchéieren, ob de Mann am Recht ass oder net, respektiv op d’Bank mat hirer 250 Joer aler Betribsgeschicht sech eventuell eng Kromm geleescht huet. Par contre ass et ubruecht, Kritik um Justizapparat ze formuléieren: 4 Joer ass eng (iwwerdriwwen) laang Zäit. Dat huet de Mëtten elo den CSV-Vertrieder Laurent Mosar der Justizministesch Sam Tanson am Parlament ënner d’Nues geriwwen.

D’Affär, déi an den nächste Wochen a Méint wäert probéiert ginn, an der Ëffentlechkeet héich ze kachen, wërft e grot Liicht op d’Finanzplaz an op d’Justiz. Bei der CSSF fänken se un, ongedëlleg ze ginn…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *