Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

D’Affekoten sinn opbruecht: d’Berufsgeheimnis steet um Spill! 

D’Affekoten sinn opbruecht: d’Berufsgeheimnis steet um Spill!
Image par Alexas_Fotos de Pixabay

den Affekot huet e Berufsgeheimnis, ouni dat et dacks onméiglech wier, e Vertrauensverhältnis opzebauen. Déi Relatioun Client/Affekot ass ze vergläichen mam Dokter: de Client plappert méi vu sech selwer, well hie weess, datt de Medezinner näischt dovunner däerf weider erziélen. Dobäi ass et wichteg, datt am Fall vum Dokter de Patient, am Fall vum Affekot de Mandant esou vill wéi méiglech vu sech a vu senger Situatioun  erausplappert, datt den Dokter, respektiv den Affekot sech e bessert Bild vun hirem vis-à-vis kënne maachen a sech esou eng Relatioun opbaut, déi op géigesäitegem Vertrauen baséiert. Fir den Affekot steet elo dee secret professionnel zum Deel um Spill.

eng Première ass et net. Dat Berufsgeheimnis ass scho méi laang opgehuewen, am Fall, wou den Affekot matt Wäisswäschen vu Suen konfrontéiert ass oder vun Terrorismus,- do wou och dem Journalist säi Quelleschutz ophéiert. Zanter dem leschte Joer ass allerdéngs eng weider europäesch Directive ënnerwee, matt där d’Berufsgeheimnis eng weider Kéier kéint ënnerhillegt ginn, op d’mannst fir déi Juristen, déi fir de Finanzsecteur schaffen.

Image par Steve Buissinne de Pixabay

Et ginn nämlech ëmmer nach ganz agressiv Finanzproduit, déi drop spezialiséiert sinn, fir esou vill wéi méiglech Steieren ze spueren. Onnëtz ze soen, datt déi Produiten geduecht sinn, fir Persounen mat vill Investitiounspotential. Déi Produiten bestinn allerdéngs komplett legal! D’Directive DAC 6 gesäit elo vir, datt certains intermédiaires an esou engem Fall missten d’Steieramt doriwwer informéieren. Matt deenen Intermédiaires sinn  an der Haaptsaach gemengt: experts-comptables, Réviseuren, Banquier, Notairen, mä awer och Affekoten. D’Directive gesäit allerdéngs grad fir d’Juristen eng méiglech Dispense vir, wat d’Regierung och wëlles huet, awer just an enger éischter Phase. De Barreau schreiwt dozou:”Mais dans un deuxième temps, le projet de loi introduit une obligation de dénonciation qui est spécifique aux avocats….’ qui devra informer les autorités fiscales, de manière anonyme, des éléments principaux du dispositif fiscal concerné, y compris par une référence à la dénomination par laquelle ce dispositif est connu. Cet anonymat n’est cependant qu’une chimère puisque l’Administration des contributions directes (avec l’appui du Ministère des Finances) affirme que le secret de l’avocat ne lui est pas opposable. Par ce biais le fisc pourra donc exiger des informations nominatives sur les clients visés par les déclarations anonymes”! Dat ass disproportionnéiert, seet de barreau, net néideg, net adequat: d’Steierautoritéiten hätten souwisou aner Méiglechkeeten fir un d’Informatiounen erunzekommen, via déi aner sougenannten Intermédiaires, wou verschiddener ënnert hinnen mattgehollef hunn, dee Finanzproduit op d’Been ze stellen.

Image par Welcome to all and thank you for your visit ! ツ de Pixabay

 

wéi gesot, et handelt sech wuel ëm Steieroptmiséierung, mä awer net ëm Steierhannerzéiung. Si ass komplett legal! Natiirlech däerf ee sech Froe stellen, ob esou Finanzinstrumenter iwwer 10 Joer no der grousser Kriis nach ubruecht sinn, ma da stellt sech grad esou d’Fro iwwer d’Zukunft vun der Finanzplaaz Lëtzebuerg. Dat gëtt och d’Chambre des fonctionnaires et employés publics an hirem Avis ze bedenken:

Par la transposition de la directive (UE) 2018/822, le Grand-Duché de Luxembourg fait une fois de plus un pas supplémentaire en direction d’une plus grande transparence fiscale entre les États membres de l’Union européenne. Reste à savoir si les bonnes intentions de l’échange automatique et obligatoire instauré dans les États membres ne risquent pas de finir dans l’inefficacité, en dispensant de l’obligation de déclaration la profession de premier ordre dans le domaine de la planification fiscale, à savoir les avocats.

Par ailleurs, dans le cadre des vicissitudes générées par le Brexit, il faut espérer qu’après sa sortie de l’Union européenne le Royaume-Uni respectera les mêmes obligations de déclaration que celles des vingt-sept États membres restants, afin de leur éviter une „concurrence fiscale déloyale“.

Ce n’est que sous la réserve des commentaires qui précèdent que la Chambre des fonctionnaires et employés publics marque son accord avec le projet de loi lui soumis pour avis.

Aneschters ausgedréckt: d’Regierung géing op en Neits iwwer d’Directive erausgoen a wéilt sech esou bei den internationale Partner de schéine Männche maachen, fir den Image vun der Finanzplaz opzepolléieren. Perdant dobei wär an dësem Fall d’Berufsgeheimnis vum Affekot. Den Asaaz ass net grad kleng!

Hei de ganzen Avis vum Barreau zum Gesetzprojet:

https://www.dropbox.com/s/8b98pn76egrhwwa/20191031_avis%20-%20barreau%20-%20projetloi7465.pdf?dl=0

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *