Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Finanzen

De Finanzminister muss léiere schwammen…. 

De Finanzminister muss léiere schwammen….

Well d’Sue kommen nëmmen esou an de Staatsbeidel eragespruddelt!Op d’ganzt Joer huet de Staat bal 17 Milliarden u Steierrecetten erageholl, wat ëmmerhinn eng Hausse vun 12 Prozent bedeit. Wann ee bedenkt: déi lescht 5 Joer war et eng Hausse vun nëmme 5 Prozent- wat ëmmer nach vill war. Besonnesch am leschten Trimester huet et gescheppert, mat engem Plus vu 25% op e Joer.

Déi direkt Steieren op de Stéit an op de Gesellschaften hunn an där Progressioun bal 2 Drëttel ausgemaach: bei de Stéit war et eng Steigerung vu gutt 12  Prozent, bei de Gesellschaften vun ëmmerhin 20%; do heescht et vum Statec, datt eng Rei Gesellschaften mam Bezuelen hannendra waren, an déi Suen koumen du viru Chrëschtdaach an d’Staatskees erageflattert.

D’Recetten vun der TVA sinn ëm 9,3 Prozent eropgaangen, déi vun den Accisen ëm 8,2. An d’Verméigenssteier – déi verschiddener bekanntlech wëllen eropsetzen- huet e Spronk gemaach vun 160 Milliounen, ass gläich, eng Verbesserung vun 31 Prozent.

Do brauch de Pierre Gramegna tatsächlech keng Angscht virun der schwaarzer Null ze hunn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *