Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Innepolitik

Vun engem politesche Monolog a vun engem politesche Maulkuerf 

Vun engem politesche Monolog a vun engem politesche Maulkuerf

6Joer als Staatsminister hu beim Xavier Bettel hir Friichte gedroen: de Mann ka vill besser schwätzen a kënnt och deemenstpriechend besser eriwwer. Inhaltlech huet hie säi Choix virun allem op d’Klimapolitik geluecht, fir déi Gréng, eng Plooschter op en hëlzent Been. An och wann hien Meteo mat Klima verwiesselt huet, esou huet dach keen eppes géint eng méi propper Ëmwelt. Vun der Thematik hir huet de Staatsminister domatter e groussen Deel aus dem Vollek hannert sech. “Et ass net ze spéit fir et nees gutt ze maachen!”,sot hien an huet kuerz, ganz kuerz, ze kuerz d’Manéier ugeschwat, wéi mir liewen. Wär hien do an den Detail gaangen – zum Beispill manner reesen, allgemeng manner consomméieren-, hätt hie bei deene Bloen kënnen apaken. Esou bleiwt et mol bei der Ukënnegung, den CO2 ëm d’Halschecht ze reduzéieren: 700 Demanden fir Photovoltaik leie fir, dat nächst Joer sollen et der nach méi ginn, d’Wandenergie wier bannent 10 Joer ëm dat Fënneffacht an d’Lut gaangen an doniewt gëtt voll op de gratis ëffentlechen Transport gesat. Héiert sech gutt un, grad esou wéi d’Ukënnegung vun engem Klimaschutzgesetz, ma et léisst den Observateur dach komplett um Dréchnen: näischt Konkretes, absolutt nix. Et wir de Moment gewierscht, dem Land ze verroden, ëm wéivill d’Accisen wéinst dem CO2 eropgesat ginn. Et hätt een och butzeg Detaier iwwert dat Klimaschutzgesetz kënne bekannt ginn, Undeitunge maachen, a wat fir eng Richtong dat Politik gemaach gëtt; ëmmerhinn ass et d’Vollek, dat nolauschtert an och d’Patronat, dat gäre wisst, wéi a wou et weidergeet. Esou awer blouf et bei banalen Aussoen, datt d’Steierreform wärt gréng ausfalen, datt ee lues a lues an Richtung Individualiséierung wëll goen an datt och onbedéngt mat der Grondsteier muss gebastelt ginn.

Kuerz, nees engkéier ganz kuerz huet de Xavier Bettel de Sujet ugeschwat, datt Klimawiessel a Klimawiesselpolitik och eng sozial Fro bedeiten. Par contre huet hien sech et net huele gelooss, op déi enorm gutt Situatioun vun de Staatsfinanzen hinzeweisen: den Zentralstaat huet 2018 eng éischte Kéier zanter laangem en Iwwerschotz gemaach an dëst Joer gi fir 2,6 Milliarden € Investitioune gemaach. Dobäi muss ee soen, datt tatsächlech méi Suen an d’Staatskeess kommen, well bannent 10 Joer goung eis Populatioun ëm 20 Prozent an d’Lut an d’Zuel vun de Frontalier huet an där Zäit eng Hausse kannt vun iwwer 30 Prozent. Esou fëllt sech de Steierbeidel! Fir awer mol net d’Problematik vum Logement ze ernimmen, grenzt un Zynismus: 50 Stonnen virdrun hate Leit um Parking vun der SNHBM campéiert, fir als éischt eng Wunnecht zu engem raisonabele Präiss ze ergatteren!

Image parMichel Meuret de Pixabay

30Minutten no dëser Ried wor Pressekonferenz vun der CSV. De Michel Wolter ass entsat: hie wollt Moies an der zoustänneger Chamberkommissioun op en Neits der Ëmweltministesch Froe stellen a Saache “klenge chalet” zu Déifferdeng. Wéi hien an där Sëtzung de Kommissiounsmemberen eng Photo gewisen huet vun de Buedemaarbechten an der direkter Ëmgéigend vun deem “3-Fënster-Gaardenhaischen”, mat der Remark, datt senger Meenung no do honnerten Meterkib Buedem geréckelt goufen, huet dee gréngen Deputéierten a Kommissiounspresident François Benoy gemengt, et wiere genuch Froe gestallt ginn!

Et koum tatsächlech zum Vote, wou déi ganz Oppositioun natiirlech vun der Majoritéit ënnergebottert gouf. Och de Chamberpresident Fernand Etgen war der Meenung, et wäre genuch Froe gestallt ginn an et sollt een op deen nächste Punkt vum ordre du jour eriwwer goen! Dat ass eng méi wéi gelungen Gesellschaft, op déi mir do lass steieren!! Ganz kloer: eng Chamberkommissioun ass keng Inquisitioun, och kee Geriicht, ma politesch Froen musse kënne gestallt ginn, ëmsou méi, wou eng Partie där Froen net vum Parquet wäerte gestallt ginn, wéi zum Beispill: huet d’Minsitesch eng Autorisatioun erausginn, ier hir Beamten en Avis dozou goufen? Do ass de Sujet nämlech net onbedéngt penal, ma méi politesch: d’CSV wëll wëssen, ob et sech ëm politesche Favoritismus handelt oder net!

Wann een et streng hëlt, soll d’Press och ophalen, Froen ze stellen. Och si soll gefällechst op e Verdikt an e puer Joer vum Geriicht waarden an den Dossier “3-Fënster-Gaardenhaischen” zu den Akte leeën an e Schotz Musek spillen. Awer nee! Si ass jo de 4. Pilier vun eiser Demokratie! An d’Chamber? Just gutt fir Aafenzirkus, deen deier bezuelt gëtt? Deen Afenzirkus gouf et iwwregens méi wéi genuch an de Joer 2012 an 13, mat der Affaire SREL- ouni déi wollen op deen nämmlechten Niveau ze setzen wéi déi vum chalet. Hätt do e Schwaarzen et gewot, ze soen, et geet elo duer mat de Froen, déi politesch Welt wier ze kleng gewierscht! 38 Joer hunn ech d’Aktualitéit an der Chamner suivéiert, nach ni hat ech vun esou engem ondemokratesche Vote héieren. An de Message, deen d’Politik an d’Vollek iwwerdréit, ass dee Falschen: ” do hunn der bestëmmt eppes ze vertuschen”.Méi glaafwierdeg gëtt d’Politik doduerger och net grad!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *