Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Courage a gutt Kommunikatioun si gefrot! 

Courage a gutt Kommunikatioun si gefrot!
Photo de Sven Huls provenant de Pexels

 

Wat eppes! An eiser Gesellschaft gouf nach ni esou vill kommunikéiert wéi grad elo. Wuel huet am Laf vun de leschten 30 Joer de Staminee u Bedeitung verluer, deen awer exponentiell ersat gouf duerch Facebook, Twitter asw. Allerdéngs huet deen numeresche Staminee e groussen Nodeel. Et gesäit een sengem “Frënd” net an d’Gesiicht.

Et ginn der, déi fannen ëmmer en Hoer an der Zopp, an da päifen engem d’Kriticken wéi Stalin-Uergelen laanscht d’Ouer. Et gëtt een als Rietsen dohinner gestallt oder als Reaktionären,- wat natierlech als Beleidegung z’interpretéieren ass-, als Schwurbeler, als Populist oder och als lénks Sau (politesch). Vill Kaméidi also um Comptoir!

D’Politiker hunn et do munchmol schwéier op sech opmierksam ze maachen a musse besonnesch déck Téin späizen. Dat ka geféierlech gin fir d’Gesellschaft.

de Vaccin géint de Covid-Virus war just um Maart ewéi déi gesamt Politik eraus posaunt huet, datt et net wäert eng Impfflicht ginn. D’EU-Kommissiounspresidentin UVDL esou gutt wéi Merkel, Macron…Bettel. De Message sollt deemools sinn: mir Europäer sinn gutt Demokraten! Bannent engem Joer huet sech den Toun radikal geännert. Ëmmer méi dacks geet elo Rieds vun esou enger Impfflicht. Si mir elo dowéinst méi schlecht, manner gutt Demokrate ginn?!

Fir eis richteg ze verstoen: ech deelen d’Meenung, datt jiddereen sech sollt sprëtze loossen, ausser e puer rar Ausnamen. Et geet mir hei drëm, drop opmierksam ze maachen, datt d’Politik sech och um Punkt vun der Pandemie weider diskreditéiert huet. Wuel däerf och e Politiker am Laf vun der Zäit seng Meenung änneren, besonnesch wann et ëm e Virus geet vun deem bis dato esou gutt wéi guer näischt gewousst war, mä dann ass eng geschéckt Kommunikatioun an der Gesellschaft dréngend néideg!

De Gabor Steingart weist zu Recht drop hinn, datt virun de Wahlen an Däitschland quasi all d’Leader aus der Politik, inklusiv de Professer Lauterbach versprach haten, dass der Staat die Grenze vom Impfangebot zur Impfpflicht  nicht überschreiten werde. Nach de 7. September huet een Olaf Scholz getwittert: Wir müssen dafür werben, dass sich mehr Menschen impfen lassen. Nicht mit einer Pflicht, sondern lebensnah. An haut?

Et hu sech wuel zousätzlech Leit impfe gelooss, ma et geet bei wäitem net duer, fir déi sougenannten Herdenimmunitéit ze areechen! Also aus dem Impfen eng Obligatioun maachen. Eng breet Majoritéit aus dem Vollek mécht mat, aus Iwwerzeegung. A grad déi Iwwerzeegung gëllt et, net op d’Spill ze setzen. Well et kommen Zweiwel op!

D’Behaptung, datt een mat Impfen aus der Pandemie erauskënnt, erweist sech als net méi onbedéngt richteg. Et ginn ëmmer nei Varianten, och déi Geimpften stiechen unn op Däiwel komm eraus, och si selwer gi krank. Fakt ist: Die Impfung hilft, aber sie erlöst nicht. Doniewt feelt et un Erfarungen fir kënnen ze soen, wéi gutt a wéi laang de Vaccin wierksam ass.

De Virolog Hendrik Streeck gëtt esou zitéiert: Wir kennen weder die Schutzwirkung noch die Schutzdauer ganz genau. Ich halte unter diesen Umständenm eine allgemeine Impfpflicht für ein schwieriges Instrument. De Steingart ass der Meenung, datt grad esou Sätz spéider wäerten d’Bundesverfassungsgeriicht a sengem Verdikt beschäftegen!

et huet een sech an de leschten 12 Méint un e gewëssene pilotage à vue vun der Politik gewinnt. An et acceptéiert een dat och well een der Regierung net direkt kann de Virworf maachen, et net besser gemaach ze hunn, well si et hätt musse besser wëssen. Et huet een et acceptéiert, datt um Ufank vun der Pandemie de Spunnes mat der Mask gedriwwe gouf an datt Wochen drop dëse Gesiichtsstring obligatoresch gouf. Grad esou mat den Impfdosissen: fir d’éischt 2, elo 3, spéider eng 4. a méiglecherweis eng 5.

Iergendwéi huet een d’Impressioun: et ass alles richteg, et ass alles falsch! Keng gesonnt Situatioun fir Gesellschaft a Politik. Et ass Courage gefrot. En Austosch an der Chamber iwwer eng eventuell Impfflicht ass wuel gutt, geet awer bei wäitem net duer! Do muss en däitleche Message kommen aus der Regierung, vum Staatsminister Bettel, vun der Gesondheetsministesch Lenert a vun der Justizministerin Tanson.

Et geet ëm d’Glafwierdegkeet vun der Politik. An iergendwéi musse mir eis no dësem Krich och nach kënnen an d’A kucken.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *