Whistleblower: am Eeschtfall kéint den Deputéierte plakeg do stoen

0
806
Foto von Oskar Smethurst von Pexels

Lëtzebuerg kritt also säi Whistleblower-Gesetz an iwwerhëlt gréisstendeels eng europäesch Direktive. Stellt e Bierger eng Violatioun vum Recht a sengem berufflechen Ëmfeld fest, kann hien dat mellen an hien ass gesetzlech geschützt. D’Justizministerin Sam Tanson huet de Projet virun 8 Deeg virgestallt an houfereg getwittert: “Doter les lanceurs d’alerte d’un véritable statut afin de remédier aux insécurités juridiques auxquelles ils sont actuellement exposés, telle est l’ambition du projet de loi déposé par la ministre .@SamTanson”. De Projet gëtt politesch allgemeng begréisst an nawell stellen sech Froen…grad wat de Politiker, den Deputéierten ugeet.

Et versteet sech vum selwen, datt de Whistleblower sech senger Saach muss sécher sinn. Hie kann net egal wat verzapen fir just säi Patron unzeschmieren, hie baschten ze doen. Der grösste Lump im ganzen Land ist und bleibt der Denunziant. Wann déi Persoun awer mengt, genuch Informatiounen a Beweiser ze hunn, da kann si déi speziell Prozedur lancéieren an ass laut dem Artikel 23 vum Gesetz-Projet geschützt.

Gëllt déi Protektioun och fir Deputéierten? D’Juristen sinn sech alles aneschters wéi sécher, also och net eens. Dobäi si grad d’Volleksvertrieder gesetzlech obligéiert, Verstéiss géint d’Gesetz beim Parquet ze mellen, eng DENONCIATIOUN ze maachen. Verschiddener hunn dat an der Vergaangenheet gemaach an dobäi net onbedéngt déi beschten Erfarung agesammelt. Kommt! Mir ginn zwee Joer zeréck.

déi lescht Chamberwoch virun der Fuesvakanz am Joer 2020 war de Gast Gibéryen säi Krapp lass ginn. Wärend der Sëtzung am Plenum – den honorabelen Ausseminister war grad am gaangen ze poteren- huet den ADR-Deputéierten nach emol seng Geschicht erzielt. Einfach esou! Ouni datt et eppes mat der Dagesuerdnung ze dinn gehat hätt. De Jean Asselborn war iwwerfuerdert, well him d’Politik vu Gambia souwisou egal ass. De Staatsminister Xavier Bettel par contre koum liicht an d’Bredouille. De Gibéryen hat areecht, wat hie wollt: seng perséinlech Geschicht nach emol un d’Ëffentlechkeet droen, an de Staatsminister dobäi domm aus der Wäsch kucke loossen.

ech hat den 21. Juni 2019 vun der Geschicht a vum Prozess geschriwwen. Mä, esou richteg wakereg hat ech domadder kee gemaach, weder an der Press, nach sos an der Ëffentlechkeet https://bit.ly/3GDlxaS

An dat hat wuel de Gibéryen gewuermt. Well, et goung ëm keen aneren wéi ëm de Staatsminister, deen eng Enquête géint en Deputéierte maache gelooss huet. U sech, du jamais vu, also eppes Onerhéiertes. Wär déi Enquête géint e Bloen oder Roude gefouert ginn, wär den Echo wuel e ganz anere gewiescht. Et sief. Hei d’Kuerzfaassung vun der Geschicht.

den ADR-Deputéierten hat vun engem Informant zougestach kruut, datt beim SREL eng Oflauschteraktioun gemaach gi war. An enger éischter Phase op legaler Basis, mä, wéi dat esou ass a SREL-Sphären, et koum de Moment, wou d’Autorisatioun fir dat Ofgelauschters zäitlech ofgelaf war, an et gouf verluppt, si ze erneieren. Während engem ganze Mount gouf déi Aktioun weider gefouert, allerdéngs dunn an der Illegalitéit.

image credits: youtube

De Gast Gibéryen goung mat där Informatioun bei de Staatsminister. Dat gesäit d’Reglement fir d’Deputéierten wéi gesot esou vir: Informatiounen, déi an de penale Beräich falen, muss e Politiker oder eng politesch Partei weiderginn un de Parquet. Dat war hei alles korrekt verlaf, just datt de Premier virwëtzeg war an den Numm vum Informant wollt wëssen. De Gibéryen wor domatter net averstaan. Op deem Punkt gouf et also tëscht deenen zwee Politiker eng Meenungsverschiddenheet. Et gouf eng Instruktioun géint den ADR-Politiker gemaach, mat als requérant de Staatsminister, souzesoen de CEO vun der Regierung.

Dat wollt den Deputéierten virun zwee Joer nach emol am Plenum lassginn: de Premier war also den “Antragsteller” vun enger Instruktioun géint en Deputéierten. Duerchaus eppes Aussergewéinleches. Et kann ee kaum vun enger Protektioun fir den Deputéierte schwätzen, oder? Dobäi si grad si et, déi duerch hir Funktioun munches gewuer ginn. Natierlech villes aus der Kategorie leschte Beschass, ma awer och seriö Informatiounen, mat wéi gesot där drënner, déi si mussen/missten un d’Justiz weiderreechen.

de Fall Gast Gibéryen – bekanntlech elo an der Pensioun- ass e gutt Beispill fir ze ënnersträichen, datt grad d’Politiker, d’Deputéierten extrem exposéiert sinn. De Risk ass fir si esou grouss, datt et duerchaus kéint sinn, datt deen een oder aneren Deputéierten éischter tendéiert, d’Scheiklappen unzedoen, vun illegalen, ongesetzleche Geschichten näischt wëll wëssen, aus Angscht, e Prozess un d’Box ze kréien. Mësch dech an näischt, da kënns du an näischt! Ass en Deputéierten tatsächlech manner wäert ewéi den Otto-normal-Bierger?

Den Thema war virun 2 Joer brandaktuell, hat awer weider keen op de Plang geruff. Wee weess! Villäicht klappt et déi Kéier….

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here