Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

De Bierger ass souverän, als Wieler an och als Konsument! 

De Bierger ass souverän, als Wieler an och als Konsument!

Gläich ass Chrëschtdag an direkt duerno gëtt de Lëtzebuerger nees zappeleg! Den nächste groussen Event steet an d’Haus: den Auto-Festival. An hie kritt gesot, datt den Elektroauto d’Zukunft ass. Wien sech traut, d’Wuert Verbrennermotor nach ze benotzen, muss sech direkt duerno de Mond mat schwaarzer Seef wäschen. Ma och hei ass de Konsument Kinnek, hien eleng decidéiert a léisst sech dobäi net onbedéngt an d’Kaarte kucken. Säi Séilenzoustand léisst sech awer aus Statistiken erausliesen.

Photo by Mike Bird: https://www.pexels.com/photo/blue-smart-fortwo-166680/

De lëtzebuerger Fuerpark besteet aus net grad 600.000 motoriséierte Kutschen- wuelverstanen: Camion, Bus, Moto  an Trakter mat abegraff. 14.000 dovunner rullen elektresch. Net grad enorm, a wann déi staatlech Primm bis ewechfält, gëtt der Elektromobilitéit de Stecker gezunn (vum 18.12.2023 de Fall an Däitschland). Dofir frot den Ex-Minister Turmes, dee vum Wieler fristlos gekënnegt krut, bei der Regierung eng Verlängerung vun deem Subsid, deen net vum Staat, ma vum Steierzueler gestemmt gëtt.

VW an Däitschland – e Won fir d’Vollek- war de Risk agaangen fir op de Batterieënauto ze setzen a muss kleng bäiginn. D’Nofro fir en Elektroweenchen ass bis ewell ëm 30 Prozent méi kleng ausgefall ewéi geduecht an dat huet Konsequenzen fir ë.a. d’Produktiounswierk zu Emden. Dee Site ass net komplett ausgelaascht an esou gouf eng Aarbechtsschicht gestrach. Dat bedeit näischt aneschters ewéi datt d’Produktiounskäschte klammen, VW mécht an deem Segment Verloschter. Dobäi heescht et houfereg op der VW-Internetsäit: Das Werk wurde bei laufender Produktion zu einer der modernsten Fabriken der Automobilindustrie und einem Leuchtturm-Projekt der Elektromobilität umgebaut. Och e Wierk zu Dresden huet mussen zoumaachen!

Zeréck bei de Festival, zeréck op Lëtzebuerg. D’Vendeure vu verschiddenen Automarken maachen sech grouss Suergen. Si wëssen am Beschten, datt den Elektroauto nach seng Zäit brauch. Et goufen zwar an de leschte Joer vill Fortschrëtter gemaach besonnesch wat d’Batterie betrëfft, awer leider net genuch. Eng rezent Etude an den USA huet erginn, datt den E-Auto ëm 25 Prozent méi ufälleg ass op Pannen.

Photo by Kindel Media: https://www.pexels.com/photo/parked-cars-near-charging-stations-9800034/

A wann an der Publicitéit behaapt gëtt, de Modell “x” vun der Mark “y” kéint bis zu 500 Kilometer wäit fueren, dann ass dat zwar richteg ma grad esou falsch. Op déi Distanz kënnt een nëmme wann een net méi séier fiert ewéi tëscht 90  an 110 KmH! Wien elo an den nächste Méint iwwer bayresch Autobunne matt 150 Kmh a méi jauft, kënnt op maximal 260 Kilometer. Vun der elektrescher Heizung net ze schwätzen.

Fir vu Lëtzebuerg aus op säi Gletscher als Vakanzenzii ze kommen, kann et also duerchaus sinn, datt een ënnerwee 2- bis 3 mol muss stoe bleiwen fir Stroum ze tanken. Vill Spaass!

 

Wäermepompelen verkaafen sech ewéi waarm Bréidercher an Däitschland. Esou stoung et zejoert reegelméisseg an der Press ze liesen, ma wat gëschter wouer war, ass haut falsch! D’Blat huet sech komplett gedréit an zwar scho virum ëmstriddenen Heizungsgesetz.

Bild von HarmvdB auf Pixabay

An den éischte 5 Méint vun dësem Joer goung d’Zuel vun den Installatioune vun deene Wonnerpompelen ëm 20.000 Unitéiten zeréck. Eng Baisse vun 38 Prozent par rapport zu der nämmlechter Period zejoert. Den Däitsche setzt voll op d’Gasheizung! Deen Trend huet schonn 2021 ugefaangen: virun 2 Joer goufen 653.000 där Heizungen installéiert. Statistiken iwwer dëst Joer gëtt et nach keng, ma de Friedrich Merz (CDU) sot an der Maybrit Illner-Talkshow, datt d’Gasheizunge gefrot wieren ewéi nach ni!

“…de Bierger ass net nëmmen a Wahlperioden souverän!…”

Et geet net drëm, den Elektro-Auto oder d’Wäermepompel méi schlecht ze rieden ewéi si sinn. Ma d’Situatioun ass nun emol déi, datt de Bierger als Konsument “Nee-Merci” seet. Kloer ass dovunner auszegoen, datt um nächste Festival Batterieënautoen verkaf ginn, awer dacks als zweete Woon: de Verbrennerauto steet prett an der Garage fir méi lang Distanzen ze fueren, den E-Auto gëtt benotzt fir op d’Aarbecht ze fueren -virausgesat de Patron ass net ze wäit ewech-, bei de Bäcker, Owes op eng Keelepartie asw.

Eng éischter gehuewe Clientèle deemno, déi sech déi staatlech Primm net laanscht d’Nues wëll goe loossen. An esou änlech ass et mat der Installatioun vun enger Wäermepompel. Wann een en eelert Haus domadder wëll norëschten, kascht et la peau des fesses. Wann een awer eng nei Wunneng plangt, soll een duerchaus eng Optioun huelen op de Fortschrëtt!

An anere Wieder: net eng Regierung oder d’Press decidéiert, ma de Bierger. Hie keeft sech en E-Auto oder eng Wäermepompel wann et him an de Krom, an de Portmonni passt. Dee staatleche Subsid ass als Leckerli ze verstoen, op kee Fall als Diktat. An Däitschland ass an deem Kontext villes schif gelaf, mam Resultat, datt all déi, déi sech elo huerteg fir eng Gasheizung entscheet hunn, nach esou bal net wäerten op d’Pompel zeréckgräifen. Kontraproduktiv, ma et weist, datt de Bierger net bereet ass, sech als Konsument op d’Nues schäissen ze loossen.

Jiddereen wëll zeréck zur Natur, awer kee wëll dee Wee zu Fouss goen…

Related posts

3 Comments

  1. Jean

    Bei maer kennt ounihin keen elektro auto an och keng waermepompel an d haus…allerdengs och kee verbrenner.
    Ech begnuege mech mat gratis oeffentlechen transport den dei greng eis geschenkt hun an de luc eis hoffentlech leisst.
    A fir op dubai gett et jo d luxair.

  2. Phil

    Wann e Produit esou gutt soll sin wéi et vun den Regierungen geluewt gett, misst et sech jo awer vun selwer verkafen an d’Vente misst nett permanent nees mat staatlech Primmen ugekuerbeltt gin. “Self-soustaining sales” géifen d’Angelsachsen dofir soen. Mä esou wéi et elo leeft, ass dat Planwirtschaft awer keng Marktwirtschaft. D’Leit kafen sech primordial eng Primm, awer keen Auto resp. Wärmepompel.

  3. Guido+Gennen

    J’évite l’achat d’une voiture électrique par amour de la nature et de ma santé:
    – le recours au véhicule électrique revient à dédouaner l’énergie nucléaire (ah oui, celle la est verte entre-temps – merci l’Europe). L’extraction des matières premières pour la construction des batteries et leur recyclage sont des plus polluants. Ce qui ne gène pas les écolos, comme d’ailleurs l’effet polluant de toutes ces armes livrées et financés aux belligérants.
    – je n’ai pas l’intention de rouler dans une cage de faraday avec une énorme batterie et ses radiations à l’intérieur. Les effets désastreux sur la santé sont déjà connus (chut, secret bien gardé)

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *