Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Stonn vun der Wouerecht réckelt méi no! 

D’Stonn vun der Wouerecht réckelt méi no!
Image par valentinsimon0 de Pixabay

am Krich géint de Virus huet d’Regierung eng éischt Schluecht gewonnen: d’Zuel vun den Nei-Infektiounen ass op engem Minimum ukomm. Dat ass der Regierung hire Verdéngscht. Natierlech hu sech grad déi leschte Wochen d’Stëmmen vun de Kritiker geheeft, dat Ganzt wier iwwerdriwwe ginn, nom Motto: duerno ass een ëmmer méi gescheit, ewéi virdrun. Natierlech woren Saachen schief gelaf, wéi zum Beispill keng Visiten an den Altersheimer, keng Visiten beim Dokter asw.

A ganz kloer: kee Land op der Welt hat d’Warnung vum Robert Koch-Institut aus dem Joer 2014 fir eescht geholl. Bis viru Kuerzem sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert hire Saz: de Virus ass nach do! Bossegerweis stécht sech bal kee méi dermadder unn. Och an Däitschland net, wou Café a Restaurant schonn zanter 14 Deeg nees op sinn. Trotz sougenannten hot spots -wéi eng Kierch zu Frankfurt mat 107 Infektiounen- läit bei eisem Noper de Reproduktiounsfacteur bei 0,7 Prozent. Bedeitend besser wéi matzen am Confinement. Huet et awer eppes mat Sonn an Temperatur ze dinn?!

fir déi zweet Schluecht an dësem ‘Krich’ huet d’Regierung dat néidegt Waffenarsenal prett gestallt: mat engem Milliarden-Euro-Pak gouf d’Dicke Bertha erausgeholl, fir der Wirtschaft ënner d’Ärem ze gräifen. Esou guer d’Oppositioun huet net vill ze meckeren, ëmsou méi, wou d’Majoritéit déi eng oder aner Propositioun vun der CSV iwwerholl huet.

Esou gesinn huet d’Regierung ganz villes richteg gemaach a misst u sech als Musterschüler do stoen. An awer kënnt si net laanscht Schréipsen, laanscht Kollateralschied. Déi Persounen, déi mir geschriwwen haten, fir sech driwwer opzereegen, datt si trotz urgence während Wochen net duerften bei den Dokter, wäerten dat an Erënnerung behalen; déi Familljen, déi eng Persoun déi um Stierwe loung, net duerfte besiche goen, grad esou. An déi vill Persounen a Betriber déi fir déi staatlech Ënnerstëtzung duerch de Raster rutschen, wäerten d’Fauscht an der Täsch maachen!

Wéi ass et zum Beispill mat deene Betriber, déi just hallef opmaachen an also op d’Deelzäitaarbecht zeréckgräifen. Kréien si nach eng zousätzlech kleng Hëllef? D’Kris huet eréischt kuerz un d’Dir geklappt, de gesellschaftlechen Drock op d’Politik gëtt enorm. Enn Abrëll woren déi steierlech Recetten fir de Staat schonn em 423 Milliounen Euro zeréckgaangen! Dobäi huet d’Oppositioun et kloer am einfachsten!

eng CSV geet e Stéckelche Wee zesummen mat der Regierung, esou laang bis eppes riskéiert schief ze lafen: deen Ament fänkt d’Gepicks unn mat de Baillonetten. An d’Oppositioun kann sech “glécklecherweis” net iwwer aner Sujet bekloen. Do schwieft e Militär-Satellit iwwer de Käpp vun der Regierung, dee riskéiert, e Faass ouni Buedem ze ginn. Pikanterweis muss grad den Antimilitarist François Bausch als Arméiminister de Projet verdeedegen. Gerechent gëtt elo schonn mat enger Verduebelung vum Präiss – 350 Milliounen!-, an esouguer RTL koum zu der kecker Behaaptung, datt den Etienne Schneider dem Kolleeg Fränz dat fault Ee am Nascht leien gelooss huet.

Dann gëtt et nach d’leaks an der Justiz an de Memorandum of understanding fir google zu Biissen. Fir d’Oppositioun Häerz wat begiers de méi?! Et wonnert also net, datt d’CSV hire Rhytmus endlech fonnt huet: si jot d’Majoritéit virun sech hin. Och de Chamberpresident bleiwt do net verschount. De Fernand Etgen koum déi lescht Woch zolitt un d’Schleideren no enger gepefferter Interventioun am Plenum vum Gilles Roth an och vum Laurent Mosar. De Fernand Etgen huet elo e Bréif un de Marc Hansen geschriwwen, deen zoustänneg ass fir d’Relatiounen tëscht Parlament a Regierung, mat der demande, d’Inneministesch Taina Bofferding misst ganz präzis op eng parlamenatresch Fro äntwerten. A weider…:

…de manière générale, je vous prie de bien vouloir communiquer aux membres du Gouvernement de répondre de manière précise aux questions posées par les Députés et ce dans les délais requis…”

Ween de Fernand Etgen kennt, weess, datt dee kee Sträit verdréit. Ma de gudde Mann wäert op deem Plang an nächster Zäit verwinnt ginn. Mol kucken, ween als Nächsten an de Viséier geholl gëtt….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *