Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Keng Fräiheet ouni Sécherheet? 

Keng Fräiheet ouni Sécherheet?
Bild von Michal Jarmoluk auf Pixabay

Iergendwéi sinn ech vum Sujet verfollegt, Sécherheet an der Stad. Net genuch domadder, datt ech selwer virun 2 Joer am Theater-Parking iwwerfall gi sinn (avec violence) a meng Fra an der Tëschenzäit zweemol (sans violence), ma ech ginn och reegelméisseg vu Geschäftsleit dorobber ugeschwat. Kierzlech vun enger franséischer Vendeuse déi guer net weess, wien ech sinn, ausser, datt ech d’Buttler-Roll iwwerhuele fir menger Madamm d’Tuten ze droen. Déi Verkeeferin huet eis souzesoe gutt Rotschléi mat op de Wee ginn.

Ëmmer méi Cliente kéime bei si an d’Geschäft ouni näischt, just mat Handy. Kee Portmonni, keng Suen – ausser e puer Mënz fir de Parking-, keng Kreditkaart, keen Ausweis. Wann eppes kaf gëtt, da gëtt mam Handy bezuelt. Dat wär och d’Explikatioun, firwat esou vill Fraen iwwerhaapt keng Posch méi bei sech hätten.

Déi opbruechte Fra huet och sos aus hiren Erfarungen erzielt. Zum Beispill vun Iwwerfäll direkt virun der Hausdier an der Groussgaass. Rezent wier e Mann direkt virun hirem Geschäft vun zwou Persounen iwwerfall ginn: zolitte Schlag op d’Schëlleren, sou datt deen an d’Gette goung; wéi hie bis um Buedem louch, krut hien dat ofgeholl wat déi aner vun him wollten. An dat a Presenz vu genuch anere Leit.

Allgemeng gelästert gëtt ënner de Kommerzanten iwwer d’Police. Si wier esou wéineg present, datt ee scho bal déit erféieren wann si dann tatsächlech emol duerch d’Gaassen trëppelen! Déi stater DP an den CSV-Stadverband hunn déi leschte Joer den zoustännege Minister Henri Kox ëmmer nees an de Viséier geholl. Dee Mann ass elo vun der politescher Bildfläch verschwonnen, an déi Blo an déi Schwaarz kënnen eng Koalitioun och op nationalem Plang agoen. Déi perfekt Geleeënheet also, hir eege Fuerderungen an d’Praxis ëmzesetzen.

  • D’Heeschen an der Haaptstad sollt bekanntlech Stonneweis verbuede ginn. De rouden Inneministère hat do säi Veto ageluecht. Dat kéint zanter e Sonndeg politesch mat Liichtegkeet geännert ginn.
  • Virun allem d’CSV hat d’Iddi vun enger kommunaler Police thematiséiert. Keng esou nei Iddi, well et gouf déi Gemengepolice schonn virun der Fusioun vu Police a Gendarmerie. Revival? Et géif Sënn maachen, op d’mannst an deene grousse Gemengen.
  • De stater Schäfferot huet sech ëmmer nees driwwer opgereegt, datt de Koxen Heng net genuch Polizisten déit astellen. Och dat kann elo Ratz-Fatz nogeholl ginn.
  • Méi Presenz vun der Police an der Stad an op der Gare? E Klacks fir deen neie Minister!

Ech si gespaant op de Koalitiounsaccord. Wat bleift vun deene Fuerderungen nach iwwereg? Ginn si tatsächlech an d’Praxis ëmgesat oder bleift et bei faulen Ausrieden?! Den neie Policeminister kéint duerchaus mam nei Justizminister an d’Gespréich kommen an nofroen, wéi et méiglech ass, datt 4 Poliziste Woche laang an Untersuchungshaft souzen? Et kann een sech net éiweg hanner der Gewaltentrennung verstoppen.

Ënner den Uniforméierten besteet eng extreem Onrou, ënner anerem wéinst de Virfäll am Garer Kommissariat. Et géing op alle Fall Sënn maachen, d’IGP (Inspection énérale de la police) ze reforméieren; si kann net weider ewéi e Staat am Staat funktionéieren! Ma och sos kommen d’Polizisten sech vir ewéi d’Hännesse vun der Natioun: haut e Spëtzbouf festgeholl, a schonn den Dag drop trëppelt deen nämmlechten als fräie Bierger duerch d’Stad fir weider säin Onwiesen ze dreiwen. Goung do net driwwer Rieds, datt esou kleng Delinquenten de Prozess vill méi séier sollte gemaach kréien ?

D’CSV huet eng nei Politik versprach. Da loosst se kommen! Et ass normal, datt grouss Reformen sech net direkt an der Praxis weise kënnen, ma si mussen sech am Koalitiounsofkommes erëmspigelen. A wéi steet et ëm eise fréiere Chef-Spioun Frank Schneider? Den Ex-Staatsminister Xavier Bettel huet bekanntlech fir dee Mann kee Féngerche kromm gemaaach; hëlt elo den neie Luc deem säin dramatesche Fall an d’Hand? Den Ex-SREL-Mann huet sech bekanntlech duerch d’Bascht gemaach fir laanscht e Prozess an den USA ze kommen.

Sollt dem neie Luc do en diplomateschen Erfolleg geléngen, wär et e signifikatiivt Zeechen no baussen, datt de Grand-Duché nees vun der Politik gefouert gëtt. Pake mir et un? Oder pake mir an? Déi nächst 5 Woche mussen et weisen.

Related posts

4 Comments

  1. Dominique Wingert

    Gudden moien Här Kaiser. Emmer erëm flott är Artikelen ze liesen, wei ëmmer top geschriwwen.
    Vill Froen an ech sin gespaant op d‘Reaktiounen, an ech sin mer sëcher ech net eleng.

    1. Guy Kaiser

      Dat ass léif an ech soen MERCI Här Wingert!

  2. Guido Gennen

    Je ne sais pas si la solution est d’engager plus de policiers ou de les libérer de tâches administratives aussi fastidieuses que inutiles pour qu’ils puissent être sur le terrain.

  3. Frank Bertemes

    ‘t kann ee wierklech gespaant op deen definitiven Text vun deem Koalitiounsofkommes sinn – an dat a villerlee Hisiicht. A la une soll dann elo scho mol d’Bekämpfung vun der Aarmut figuréieren – total iwwerraschend, well kee Sujet virun de Walen. Wëll deen “neie Luc” domat een däitleche Beweis vu senger Suerg ëm eng eescht gemengte Sozialpolitik – fir déi hien a senger politëscher Vergaangenheet jo bekanntlech éischter manner bis guer net stoung – erbréngen an zwar scho vun Ufank un? Den Asaz vun der “Caritas” an dem”Roude Kräiz” wären dann bei konkrter !emsetztung jo ëmmerhinn net ëmsoss gewiescht… Wann dann och déi aner Politiken (natierlech och déi hei am Text viséiert Sécherheetspolitik) grad sou eescht geholl géife ginn – ma dann: ça promet!
    Sollen dann all déi Kritikaster vum “ale Luc” elo vum “neie Luc” a senger Dramfonktioun Ligge gestrooft ginn? Dat kënne jo nach spannend 5 Jor schwaarz-blo ginn , eng Koalitioun vun enger wirtschaftsneoliberal rietser Mëtt, déi sou Munchen virun de Walen als sozial an ekologësche Fiasko ugesinn huet….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *