18Joer de Jean-Claude Juncker als Staatsminister, dat goung iergendswéi duer. De Mann huet musse fort, awer net well hien politesch gebrach gewierscht wier – am Contraire, seng Partei souz mat 26 Deputéierten am Parlament. Hie war éischter perséinlech um Enn, hat villes fir Land a Partei gemaach an huet Sauerstoff an der europäescher Unioun gesicht. Déi kleng Nationalpolitik hat him Freed gemaach, ma no bal zwee Joerzéngten huet et hien an d’grouss Welt gezunn. De Lëtzebuerger Wieler huet dat bei him gespuert.
18 Joer, dat goung duer, well de System Juncker sech wond gelaaf wor. All Regierung, all Partei setzt hirer Leit en place. D’CSV huet do keng Ausnahm gemaach, just, datt si esou laang un der Muecht wor, datt op emol keng Plaaze méi fräi waren, fir Leit ze plasséieren. Et huet an der Gesellschaft ugefangen, ze grommelen, de politesche Wiessel war iwwerfälleg. Blo a Gréng ware scho laang net méi, respektiv nach ni un der Muecht, sou datt sech an den éischte Méint vun der Regierungszäit gesonnt servéiert gouf, fir hier Leit anzestellen.
Depolitesche Wiessel koum lues a lues. 2005 goufen déi Gréng eng éischte Kéier an de Staater Schefferot gewielt. D’Entente mat der DP ronderëm de Buergermeeschter Paul Helminger wor esou gutt, datt d’Experiment 6 Joer drop an d’Verlängerung goung. Helminger a Bausch waren d’Zuchpäerd, si goufen excellent mateneen eens, esou gutt, datt et éischt Gespréicher gouf tëscht deenen zwou Parteien fir eng politesch Zesummenaarbecht op nationalen Niveau. Et waren informell Reuniounen, limitéiert op e puer Persounen: François Bausch, Camille Gira, Félix Braz, Sam Tanson an Abbes Jacoby op der Säit vun deene Gréngen; Paul Helminger, Claude Meisch an Dan Theisen fir déi Blo, bei déi een nach kéint d’Patronen derbäi setzen à la Norbert Becker a Lucien Emringer. Pizza Connexion goufen déi Gespréicher genannt, déi am Hierscht 2011 eng éischte Kéier waren, zimmlech direkt no der zweeter Editioun vun enger blo-grénger Koalitioun um Knuedler. Déi Rout kruuten dofunner nach näischt matt, well si jo mat deene Schwaarzen an der Regierung waren.
Et goung dunn awer op eemol schëtzeg: d’CSV-LSAP-Regierung hat schwéier gelidden ënner enger Geschicht ewéi Foussballterrain vu Wickréng-Léiveng, et goufe Probleemer beim Opstellen vum Staatsbudget Anno 2012, et gouf eng Causa Schmit an eng Causa Frieden an de Juncker war souwisou net där Kammoutster een. Last but not least gouf et d’SREL-Affaire. An aus där Affaire muss ee sech virun Aan halen, datt et 2009 eng SREL-Kontrollkommissioun gouf an 2013 eng SREL-Enquêtekommissioun. De François Bausch war an deenen zwou Kommissiounen als Member, respektiv als President. Am Joer 2013 confirméiert hien, datt de Staatsminister a Chef vum SREL, d’Member vun der zoustänneger Kommissioun zweemol am Joer 2009 an d’Bild gesat hat, vun deene Gespréicher mat der Auer a vun engem weidere, presüméierte Gespréich am groussherzogleche Palais. De Jean-Claude Juncker hat dem deemolege Kommissiounspresident Charel Goerens alles verzielt; deen huet nach deen nämmlechten Dag déi aner Kommissiounsmemberen iwwer Telefon an d’Bild gesat, ier et dunn zu enger Reunioun vun där Kommissioun koum. Dat war am Fréijoer 2009 de Fall. Du ware Wahlen, an am Hierscht huet de Staatsminister op en Neits d’Kommissioun zesummeruffe gelooss, fir deenen neie Memberen och d’Geschicht vun der Auer ze verzielen
Zweemol erzielt, ma weider keng grouss Reaktiounen vu Säiten vun de Kommissiounsmemberen, och net vu Säiten vun der Oppositioun! Et huet een dem ierweschte Chef vum Geheimdéngscht vertraut. Gelungenerweis koum déi nämmlecht Geschicht, mat hoergenee den nämmlechte Fakten an d’Ëffentlechkeet vum Joer 2012 unn. Do huet een nach just esou musse maachen, wéi wann een aus alle Wolleken géif falen, Zeter a Mordio brëllen, Skandal! Skandal! Dat huet jo keen Numm! etc a virun allem, d’Presse regelméisseg mat sougenannten Top-News ze fidderen, fir d’Ëffentlechkeet bei der Staang ze halen. Esou koum un d’Ëffentlechkeet, datt de SREL Leit observéiert huet: 4000 Dossier! En Hauch vu STASI-Wand goung duerch d’Land. Tatsächlech huet de SREL sech beholl, wéi e Staat am Staat; tatsächlech sinn dem Regierungschef krass Feeler ënnerlaf an der Gestioun vum Geheimdéngscht, mä quant au fond, bannent 3 Joer, nix Neits! D’Rapporten vun deenen zwou SREL-Kommissiounen waren ëmmer streng vertraulech; ech hat Abléck an déi verschidden Texter a ginn derfunner aus, datt si am Laaf vum Prozess wäerten op d’Tappéit kommen, et sief, si géinge virdrun vun der Press publizéiertginn. Zu där Zäit sinn éischt Kontakter gelaaf matt de Sozialisten, d’Iddi vun enger Dräierkoalitioun huet ugefaangen, ze këngen, op d’mannst an de Käpp vu verschiddene Politikker an och vun deem engen oder anere Patfon, déi sech zwar am Hnnergrond gehalen hunn, ma dofir dichteg un de Fisselle konnten zéien-
… eigentlech missten si deen Ament erkläre, d’Vollek an d’Press beduckst ze hunn…
D’Memberen vun der SREL-Enquêtekommissioun hunn an der Zäit ënner Eed op d’Froen vun der police judiciaire geäntwert. Déi Aussoen wäerten am Laaf vum Prozess am November ervirbruecht ginn. Op d’Reaktiounen vu verschiddene Politiker sinn ech besonnesch gespaant: si mussen dann erklären, datt si vun der Affaire wossten, ma si eréischt iwwer 3 Joer duerno aus dem Tirang erausgeholl haten. Eigentlech missten si deen Ament erklären, d’Vollek an d’Presse beduckst ze hunn. Fazit: jo, et gouf eng Affaire SREL, ma hier Envergure war bei Wäitem net déi, zu där si an der Ëffentlechket opgebauscht gi war! Bei deene Bloen a bei deene Rouden stoung iwwregens net jiddereen hannert där Iddi vum Putsch: de Charel Goerens huet sech zum Beispill äusserst zeréckgehalen, grad ewéi een Jean Asselborn oder e Mars di Bartolomeo. Deenen 3 gëtt eng ganz gutt Relatioun mam “Jean-Claude” nogesot, a si wossten, datt do en dreckecht Spill géing inszenéiert ginn.
De Prozess am November gëtt op d’mannst gad esou spannend ewéi de Putsch vu virun bal 6 Joer!