Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Europa

D’CSV an hieren Engel! 

D’CSV an hieren Engel!
im,ge credits: Wikipedia

Eng gewëssen Iwwerraschung ass et schonn: de Frank Engel gouf zum neien CSV-Parteipresident gewielt! Viru Wochen hätt ee sech dat nach net kënne virstellen, ma déi lescht 10 Deeg gouf ëmmer méi däitlech, datt d’Course tëscht him an deem anere Kandidat, Serge Wilmes géif ausgoen wéi am Photo-finish. Deementspriechend knapp ass d’Resultat ausgefall: 54 Prozent wore fir den Engel. Do ka kee behaapten, et wier e gudde Score! D’CSV ass souzesoen an zwee Lager gedeelt, waat eng schwiereg Ausgangspositioun ass fir deen neie Mann un der Spëtzt, deen et elo muss fäerdeg bréngen, seng Géigner op seng Säit ze bréngen. Ass de Frank Engel dozou am Stand?

Déi Parteidelegéiert, déi fir den Engel gestëmmt haten, wollte mat Sécherheet eng méi kanteg Persoun un der Spëtzt vun der Partei gesinn, wahrscheinlech mat enger Tréin am Knäpplach fir déi schéin, al Zäiten ënner engem Jean-Claude Juncker. Si wollten net de Serge Wilmes, dee fir si kee richtegen ‘renouveau’ bedeit hätt, waat een och ëmmer dorënner wëll verstoen.  Datt Journalisten sech an der Ëffentlechkeet den Engel als neie Mann gewënscht haaten, seet genuch: si erwaarden sech vun him déi eng oder aner knallhaart Ausso…eventuell och e faux-pas?!

De Mann, deen déi lescht Joer an europäesche Sphären verbruecht huet, muss sech elo ganz séier an déi national Politik eraschaffen, well, zanter haut gëtt hien net méi  vu politesche Géigner a vu Journalisten als Honorarkonsul vun Armenien observéiert, ma als President vun der gréisster Partei zu Lëtzebuerg! An ëmmerhinn besteet fir hien op d’mannst déi theoretesch Méiglechkeet, a 4 Joer zum Spëtzekandidat fir déi nächst Wahlen opgestallt ze ginn.Bis dohinner ass allerdéngs nach e wäite Wee ze goen…e ganz wäiten!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *