Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Klimawiessel: et bléist en anere Wand an eiser Politik 

Klimawiessel: et bléist en anere Wand an eiser Politik
image credits:pixabay

de 14. Oktober gouf gewielt, an den nämmlechten Dag stoung schonn den Accord, fir mat Gambia 2 weiderzefueren. Den Ausléiser war, datt déi Gréng d’Verloschter vun de Rouden an der aler Koalitioun méi wéi gutt konnte maachen, woumadder keen gerechent hat (ech och net!), ausser déi Gréng selwer, déi Wochen virun de Wahlen bei der TNS-ILRES e Sondage maache gelooss haaten, mat der formeller Konklusioun: Bierchof fir CSV, Bierchop fir d’eege Partei. Déi Gréng hunn doropperhinn déi nämmlecht Decisioun geholl, ewéi d’CSV: nëmmen näischt ze vill ënnerhuelen, brav op der Plaaz trëppelen; mam Ënnerscheed, datt dat bei deene Gréngen déi richteg Decisioun war, well sie jo als Regierungspartei fir d’Wahlen ugetruede war; et war fir d’CSV déi falsch Decisioun, well si méi hätt mussen hir Oppositiounspolitik an hire “Plang” an der Oeffentlechkeet kloer maachen.

Mat Gambia 2 leeë mer eis elo ënner de Chrëschtbeemchen, an et musse e soen, ënner ganz anere Conditiounen, wéi nach viru 5 Joer. Deemols hat d’CSV zwar och verluer, awer alles Reschtsëtzer, d’Partei war esou stark, datt een duerchaus konnt behaapten : eng Koalitioun ouni CSV – och déi ouni de Juncker- ass sech net virzestellen. Haut ass dës Partei zwar nach ëmmer stäerkste Kraaft, ma vill méi geschwächt ewéi viru 60 Méint. En Desaster, och politesch a mënschlech fir de Claude Wiseler.

“…déi Gréng par contre wäerten sech opféieren, wéi wann si all Dag eng grouss Bëx Spinat gefruppst hätten…”

Gambia 2 wëll et nach emol probéieren, och mat just enger hauchdënner Majoritéit. Ma den Aha-Effekt ass net méi deen nämmlechten : viru 5 Joer sin d’Fënster opgerappt ginn, fir dem Juncker säin Nicotin aus dem Hotel de Bourgogne erauszeloossen (sic : aalt politescht Denken géint modern Iddien auszetauschen). Elo awer ass déi nei Regierung scho quasi déi aal, business as usual. An der Koalitioun selwer huet sech awer nach aneres geännert: d’LSAP ass esou stark geschwächt, datt si sech wäert villes musse méi gefaale loosen, ewéi déi 5 Joer virdrun; déi Gréng par contre wäerten sech opféieren, wéi wann si all Dag eng grouss Bëx Spinat gefruppst hätten.

Interessant ass och ze héieren, wéi skeptesch verschidden DP-Leit sinn vis-à-vis vun där neier Editioun vun der Dräierkoalitioun. Vill – villäicht ze vill- haten sech virun de Wahlen op eng Koalitioun mat der CSV agestallt. Wann een den Diskussiounen am Chamberplenum nolauschtert an tëscht den Zeilen interpretéiert, héiert een dat kloer eraus. D’Debatten um 18. Dezember hunn dat däitlech gewisen, an am wibblechsten ginn dobäi d’Sozialisten. Déi Debatten hunn-besonnesch zu spéider Stonn – kloer gemaach, datt den neie Chamberpresident Fernand Etgen et net wäert einfach kréien: een duerch an duerch gudde Mënsch, dee kenger Méck kann eppes zu Leed dinn, deen awer zugläich net déi néideg Autoritéit huet, sech uewen um Juck vum Plenum kënnen duerchzesetzen: wann Deputéiert sech däerfe géigesäiteg perséinlech ugräifen, ass dat en no go, an dat versprécht nach monter ze ginn. Eng Partie blo Politiker haalen sech op alle Fall gutt matt de Kolleegen vun der oranger Fuerf, si eleng wëssen, virwat. E Schaléck, deen dobei Béises denkt…

CSV wëll konstruktiv mat der Regierung matt schaffen, an zugläich de fënnefte Gank aleeën, wat d’Oppositiounspolitik ugeet. Net esou einfach, do de richtegen Toun ze fannen, och net fir déi nei Fraktiounscheftaine Martine Hansen. Dës Fra muss sech elo an den nächste Méint behaapten, an den eegene Reien an och am Plenum. Dobäi kënnt een net laanscht d’Feststellung: d’CSV-Arméi ass wuel nach stark, ma et feelt un den Zaldoten, fir un d’Front ze schécken. De Claude Wiseler wäert sech zeréckhalen, idem fir de Marc Spautz! A wee bleiwt dann nach, fir vun Zäit zu Zäit deck Baken ze maachen?  Do gëtt et wuel e Roth an e Mosar, an eventuell nach e Wolter, ma fir de Rescht dinn d’Truppen sech schwéier: déi wéinegst si bereet, sech an ee méi komplizéierten Gesetztext eranzeschaffen a wëlle scho guer net op de Podest klammen, fir der Regierung de Schariwari ze bloosen! Esou aus der Oppositioun erauszekommen, gëtt net einfach.

Derbäi kënnt, datt d’Land sech dru gewinnt huet, net vum Juncker regéiert ze ginn. An anere Wieder: et huet ee sech un de Xavier Bettel gewinnt, deen en anere Style huet, ma deen déi lescht 5 Joer zwar munnechmol hektesch geschwaat, dofir d’Land trotzallem mat roeueger Hand gefouert huet.

 

Xavier Bettel
Xavier Bettel,Yves Kortum

Wat gouf dee Mann um Ufank vu sengem Mandat lächerlech gemaach! An haut? Hien ass ëmmer méi matt senger Spontanéitéit acceptéiert! An et goufen jo déi lescht Wochen esou vill Cadeauen ënner de Wanterbeemchen geluecht, datt eigentlech keen Uursaach huet, net zefridden ze sinn.

 

Der CSV bleiwt näischt aaneschters iwwereg, fir ëmmer nees d’Fro opzewerfen: “Wer soll das bezahlen”, der Regierung ënnert d’Nues ze reiwen:”Wir versaufen unser Oma ihr klein’ Häuschen”! Mä, haaten déi Chrëschtlechsozial net och alt mol d’Stränz am Grapp, besonnesch virun de Wahlen?

eent ass sécher: sollt dës Koalitioun bis un d’Enn halen, ginn et déi nächste Kéier Blockwahlen: Gambia 2 géint CSV a géint…jo géint ween nach? D’Piraten stëmme jo lëschteg d’Projet vun der Regierung matt, an ech schléissen net aus, datt de Sven Clement geschwënn an der demokratescher Partei lannt. Dës Partei, déi mat Allerweltsthemen wéi Déiereschutz a besser Renten an d’Course goung, wäert sech a 5 Joer a Loft opgeléist hunn. Déi Lénk missten sech och eng afaale loosen, fir sech an der Ëffentlechkeet méi däitlech ze weisen-et sief, d’gilets jaunes géingen och zu Lëtzebuerg op d’Strooss goen. An dann hätte mir nach eng ADR, déi sech méi wéi engkéier prett soot, mat der CSV an eng Regierung ze goen. Et stellt sech haut tatsächlech d’Fro: packt eng CSV, déi net däermoosse gutt opgestallt ass, d’Wahlen géint e blo-gréng-roude Block. D’Aentwert ass wuel éischter: neen! Ausser d’Regierung géing gréisser Bauzegkeete maachen, ausser, déi international Wirtschaft géing esou an d’Gätte goen, datt d’Wahlcadeau nëmme schwéier ze finanzéiere wären. Wa mir also vu Blockwahlen ausginn, stellt sech tatsächlech d’Fro, op CSV an ADR net de Wee vun enger Zort “Allianz” wäerten ausprobéieren? ADR an d’Regierung? Déi Schwaarz wäerten kaum méi mat engem radikalen NEEN äntwerten.

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *