Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Christian Spielmann: Impfen oder net impfen? 

Christian Spielmann: Impfen oder net impfen?
Foto von Nataliya Vaitkevich von Pexels
Europäesch Länner waarden op den Tsunami vun Omicron. De Virus verbreet sech extrem séier, ass awer glécklecherweis meeschtens net esou geféierlech. Trotzdeem wäert hien an den nächste Wochen eng grouss Erausfuerderung fir d’Spideeler ginn!
Den Tsunami hannerléisst mat Sécherheet grousse Schued, ma verschidde Länner kucke schonn méi wäit, op déi Zäit duerno. Spuenien zum Beispill denkt driwwer no, vum Mäerz un de Covid-19 als eng “normal” Krankheet ze betruechten, déi net méi aus dem Alldag ewechzedenken ass. Also wéi d’Wantergripp. Komplette Revirement och an Israel, wou vill Restriktiounen elo schonn ofgeschafe ginn. D’Land mat enger “Durchseuchung” komplett immuniséieren?
Korrekterweis muss ee soen, datt Spuenien an Israel eng héich Impfquot hunn. Aner Länner – wéi Däitschland an och Lëtzebuerg- diskutéieren iwwer eng Impfflicht; Italien féiert si an fir Persounen vun iwwer 50 Joer, Griechenland vun iwwer 60, an Éisträich kënnt déi total Impfflicht.
Leider goufen vun der Press Impfskeptiker mat Covidioten an een Dëppe gehäit an zu Schwurbler deklaréiert, leider sinn Journalisten zu Aktivisten mutéiert- wuel verstanen an déi zwou Richtungen!
Hält d’Alphabet bei Omicron op oder dréit de Virusse-Karussell weider? Impfen oder net? De Christian Spielmann plädéiert fir den ” NEEN”.

Eigentlech mécht e Mënsch ni zweemol de selwechte Feeler, scho guer net, wann et e ganz schlëmmen war. Am Kontext vun der aktueller Pandemie muss een sech awer froen, firwat Politiker zimmlech dacks op déi selwecht onsënneg Mesuren zeréckgräifen, déi näischt bruecht hunn, wéi z. B. d’Lockdowner. Oder kuckt den Virus elo um 23.00 Auer op d’Auer a geet schlofen?

Wéi eng vun all den Mesuren, déi vum 16. Mäerz 2020 un – Datum, wou mir fir d’éischt agespaart goufen – geholl goufen, huet de Virus verdriwwen? Ofstand halen, Hänn desinfizéieren, Masken droen, Lockdowner an duerno d’Impfungen? Net eng huet den sougenannten SARS-COV-2 aus der Welt geschaaft.

Firwat et de Coronavirus nach gëtt, ass mat vill Argumenter versicht ginn ze erklären. Mee d’Äntwert läit op der Hand. Kuckt emol d’Gripp. Ass si jee verschwonnen? NEE. No dem alljärlechen Ausbroch an de Méint November bis Mäerz, verschwënnt se, fir no e puer Méint nees opzetauchen, normalerweis an enger neier Form – de Virus huet mutéiert. Huet d’Grippeimpfung d’Krankheet ausgerott? NEE. E Virus huet just als Aufgab, sech ze reproduzéieren. An dat mécht en an den Zellen vu Mënsch, Déier, Planz an Champignon. Ausserhalb gëtt e kee Virus! Am Laf vun der Zäit huet de Virus déi besonnesch Ofwier-Strategie entwéckelt, ze mutéieren. E Virus, deen mutéiert, gëtt een net lass! NIMOOLS! All Kéier wann e Virus sech bedreet fillt, dann mutéiert hien, z. B. am Fall wann e Vaccin an d’Spill kënnt. E Virus muss a Rou gelooss ginn, da verschwënnt hien, wéi den Influenza-Virus. De mënschlechen Immunsystem gëtt hien Meeschter. Et brauch een keng Impfung.

Mee elo gëtt iwwerall vun enger Impfflicht geschwat, déi de Virus soll liquidéieren. Mol e puer Zuelen zum aktuellen Impfstand hei am Land op den 09.01.2022:

449.037 Leit sinn komplett geimpft an 98.767 geheelt. Zirka 13% vun der Populatioun wieren also net geimpft. Hei am Land liewen ronn 634.000 Leit. Dobäi sinn awer och d’Kanner aus den Alterskategorien vun 0-12 (laut Statec: 88.058), an dovunner sinn der eng Rei geimpft an déi si jo an der Zuel vun den Geimpften mat agerechent. Zirka 18.000 Leit hunn eng éischt Dosis Vaccin kritt. Also sinn hei am Land da schonn bal méi Leit geimpft, geheelt oder nach net al genuch ewéi der hei wunnen.

D’Impfung soll jo déi eenzeg Alternativ sinn, fir aus der Pandemie eraus ze kommen. Komesch ass awer, datt d’Impfung géint den Covid-19 déi eenzeg an der ganzer Geschicht vun den Impfungen ass, wou een d’Krankheet kritt, géint déi ee geimpft ginn ass. Ass dat normal? Stellt iech emol fir, Är Elteren hätten vum Dokter gesot kritt, wéi si Iech géint d’Kinderlämung wollten impfe loossen: “Äert Kand kann awer nach krank ginn, mee net méi esou schlëmm. Hatt ass dann héchstens op engem Been geläämt.” Rot mol wat Är Eltere gemaach hätten?

Momentan sinn 63% vun den neien positiv Getesten komplett geimpft, an de Klinicken leien 45% Geimpfter. Den RKI mëllt, datt 95% vun den Omikron-Fäll just bei Geimpften festgestallt goufen.

Ausser dem Vaccin vun Janssen sinn d’Leit zweemol gepickt ginn. An elo ass eng 3. Booster-Impfung an d’Spill bruecht ginn. An Israel impfen se elo schonn fir d’véiert, wat en Inzidenzwäert vun iwwer 1000 mat sech bréngt. A wat kënnt dann? Nummer 5, 6, 7, … an dann kritt jiddwereen en Tank mat Impfstoff an d’Haus an e muss ech dann all moies selwer d’Pickür setzen. Wat ass d’Allheelmëttel, also all d’Impfstoffer wäert? NÄISCHT!

Mat der Impfflicht, déi am Raum steet, wäert dann all Mënsch och nach säi Recht op Integritéit verléieren, d’Recht ganz eleng iwwer säi Kierper, säi Liewen ze bestëmmen. Firwat ignoréiert d’Politik (an de Staatsrot mat 12 Juristen/innen) eis Gesetzer an d’Tatsaach, datt hei am Land offiziell 11 Leit (laut der Nummer 8 vun den “Rapport Suivi des effets indésirables des vaccins”) un der Impfung gestuerwe sinn https://bit.ly/33r2iTv– ouni déi net gemellt goufen – an datt iwwer bal 22.000 Leit hei an Europa eleng un der Impfung gestuerwe sinn, ouni déi iwwer 1,3 Milliounen Niewewierkungen (https://openvaers.com/). Elo sinn d’Kanner un der Rei! Wat erzielen Bettel a Co. den Elteren vun dem éischte Kand, wat d’Impfung net iwwerlieft?

Zu gudder Lescht stellen ech mir d’Fro, firwat d’Leit sech impfe loossen. Aus Angscht krank ze ginn, ze stierwen? Jo, wann een esou denkt, da soll een sech impfe loossen. Mee firwat dann deene Leit e Virworf maachen, déi dat net wëllen, déi keng Angscht hunn oder aner Ursaache gesinn, fir sech net picken ze loossen? Déi Geimpften brauchen jo näischt méi ze fäerten. Si kënnen duerch eng Häerd Ongeimpfter trëppelen, ouni méi Angscht brauchen ze hunn. Oder?

 

Christian Spielmann

 

Related posts

6 Comments

  1. Phil

    Kompliment Här Spielmann, exzellent beschriwwen an zou Pabéier bruecht!

  2. Jean-Pierre Rosen

    Genau esou wei et as. Ech vermesse just dei Wichtechkeet fun Kontrollgruppen. Wa jiddeteen gepickt gouf, kann een net mei mat Impf-freien vergleichen. Et kann niemols mei raus fond gin op impfen gut oder schlecht war. Dofir as impffreiheet op laang Siecht dei besser Alternative. Dei Geimpften brauchen dei Impffrei, an och emgedreit.

  3. Gilbert

    All Respekt fir äre Commentaire Här Spielmann.
    Dat eng Impfflicht aus medezinescher an epidemiologescher Siicht (ausser enger kuerzzäiteg Eegeprotektioun) näischt bréngt misst elo awer jidderee verstanen hunn. Et ginn natierlech och Leit déi dat ni wäerte verstoen, an Anerer nach méi spéit.
    D´Fro déi sech elo stellt, firwat dann eng Impfflicht? Fir mech ginn et 2 Grënn.
    1. Et goufe ganz vill Dosisse vun der Madamm VdL bestallt, an dowéinst mussen déi och verimpft ginn. Ech ka mir ganz gutt virstellen, datt vu Bréissel vill Drock op ons Politiker gemaach gëtt. wat den Drock ausmëscht gesäit besonnesch um Verhale vum Här Bettel. Hien huet sech total verännert, an et schéngt mir wéi wann et sech em eng ferngesteiert Marionette handelt.
    2. An dat ass fir mech dat geféierlechst. Et soll keng Kontrollgrupp entstoen(sou wéi den J.P. Rosen dat och schonns geschriwwen huet). Wann 50% geimpft wieren, an et géifen no puer Joer vill Krankheete bei de Geimpften optrieden, wéi Kriibs, Häerzinfarkt, Diabetes a.s.w. da kéint een dat der Impfung zouuerdnen. Dat ass awer ab enger Impfquot vun 85% net méi méiglech. Dowéinst gouf d´Impfquot och permanent no uewen adaptéiert. Sou dierft et quasi onméiglech sinn, de Staat oder den Hiersteller vum Vaccin, bei Niewewierkungen unzesichen. Et geet also just dorëms sech ofzesécheren, op Käschte vun de Leit hirer Gesondheet.
    Wat ons Medien betrëfft, do sinn ech total enttäuscht. Ech mengen déi sinn sou eppes vu “futti”, wéi se nëmmen “futti” kenne sinn. Se si souzesoen zu ” Erziehungsmedien” degeneréiert. Eng objektiv Informatioun gëtt et do dach bal guer net méi. Entweder goufen d´Journalisten indoktrinéiert oder se hunn sech fräiwëlleg verkaaft. Wéi sot de Coluche “les journalistes ne croient pas aux mensonges des hommes politiques, mais ils les répètent, c´est pire”
    Et gëtt just nach Impfpropaganda bedriwwen, an bei enger PK gëtt näischt méi hannerfrot. Enn einfacht Beispill: wéi d´Ännerung am Covid-Gesetz koum, datt net-geimpfte Persounen, och mat negativem Test net méi op enger Terrassen dierfe setzen, an eppes iessen oder drénken, hätt dach als Journalist missten opsprangen a froen op wéi enger Etüde sou Mesure baséieren. Sou eng gëtt et zu 100% net! Fréier, wou mir nach richteg Journalisten haten, wiere Lenert a Bettel vun deenen an der “Loft zerrappt” ginn, wéinst sou willkürleche Mesuren.
    Et schéngt mir och sou, wéi wann och de Staatsrot net méi sou richteg den Duerchbléck huet. Op RTL konnt ee liesen, datt de Staatsrot d´Verréckele vun de Spärstonn vun 01.00 Auer op 23.00 Auer net als “Agrëff vun onse Fräiheeten” gesäit. Dat stemmt zu 100%. Nëmmen:
    1. duerfir brauch ee keng Juristen, ee Kand vu 16 Joer wier warscheinlech och zu där Conclusioun komm.
    2. Dorëms geet et dach guer net. De Staatsrot soll kucken op wéi engen wëssenschaftleche Studien sou Mesurë getraff ginn. An da sollen se ofweien op déi jeeweileg Mesurë justifiéiert sinn oder op et sech em Willkür handelt. Ech mengen dat hunn se bis haut nach net gemaach.
    Niewewierkunge bei Kanner. Wéi ech fir un e puer Woche bei adrreports gekuckt hunn, sinn schonns iwwer 60 Kanner un de Niewewierkunge vun dem Vaccin gestuerwen. Dozou hätt ech 3 konkret Froen:
    1. Wei vill eeler Leit konnten duerch den Doud vun dëse Kanner virum Covid gerett ginn?
    2. Wéi konnt ons Gesellschaft (et gëtt jo ëmmer vun Solidaritéit geschwat) vum Doud vun dëse Kanner profitéieren?
    3. Felicitéieren ons Politiker (Bettel & Lener) deene Kanner hier Elteren dann elo och, well se sou “solidaresch” waren?

    1. Gilbert

      Just nach zur Informatioun. Bei deene Kanner handelt et sech em Kanner aus der EU an aus dem europäesche Wirtschaftsraum.

  4. Gilbert

    Ob YT fënnt een eng ganz interessant Reportage iwwer d´Niewewierkunge vun der Impfung. Dierf ee roueg kucken. Och wa keen doriwwer schwätzt, et ginn der trotzdeem ganz vill.
    “Reportage: Im Stich gelassen-die Covid-Impfopfer”

  5. SFL

    Bravo Chris a Respekt … 🖖🖖🖖

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *