D’Naturschutzgesetz soll wäertvoll Liewensraim virun enger Beanträchtegung oder esou guer Zerstéierungen schützen. Sinn Agrëffer an Liewensraim Biotopen néideg, sinn eng Autorisatioun vum Ëmweltministèrë an Kompensatiounen erfuerderlech. Des Kompensatiounen ginn zu Lëtzebuerg zanter e puer Joer no engem Öko-Punkten-System bewäert a berechent.
Esou Öko-Punkten sinn schonn dubiéis a komplizéiert; ënnert dësem Link kann ee sech e Bild dovunner maachen:
Öko Punkten sinn an engem Land wou Wirtschaft eng grouss Bedeitung huet a séier wiisst och net komplett falsch. An der Praxis wierken dës Öko Punkten awer oft esou wéi een modernen Ablasshandel . Mat engem System eppes futti maachen, bezuelen, oder ersetzen, an dann ass alles an der Rei, domat kréien mer virgegaukelt einfach alles kënnen bei der Natur ze ersetzen. Mer zerstéieren a mer bezuelen, an dann renaturéieren mer erëm.
Ma kann een mat Öko-Punkten der Natur wierklech hëllefen?.
Kënne mir natierlech Strukturen, Liewensraim vun Deieren a Planzen déi sech iwwer Joerzéngten gebilt hunn, einfach probéieren ob enger anerer Platz ze (er)setzen, an zwar all Kéiers dann wa se eis hënneren ?
D’Planzen vun enger neier Naturheck oder vu Beem, dat kenne mer liicht. Mee wann eng nei Uplanzung och no e puer Joer eng gewëssen Gréisst huet, brauch eleng eng Naturheck iwwer 30 Joer bis se e vollwäertege Liewensraum ass, e Bësch brauch souguer iwwer 200 Joer bis sech esou eppes wéi en natierlechen Bësch, gebilt huet. Also mat Öko Punkten kënne mer weder Natur direkt , nach kënne mer Natur an engem iwwerschaubaren Zäitraum och nëmmen Usazweis kompenséieren, oder ersetzen.
Natur brauch einfach vill Zäit, an déi Zäit hu mer Haut net méi. D’Lëscht vun deenen Déieren a Planzen déi derbäi sinn ze verschwannen an ausstierwen, déi Lëscht gëtt ëmmer méi grouss. Mir kënnen haut mat Öko-Punkten beschte Falls probéieren de Schued fir déi natierlech Ëmwelt -déi mir eise Kanner an Enkelkanner hannerloossen-, längerfristeg e bësselchen a Grenzen ze halen.
Sollten Öko Punkte dofir nach e gewëssen Sënn erginn, esou just bei Projeten, déi fir d’Gesellschaft eng absolut erwisen Noutwennegkeet hunn, an ob kee Fall duerfen Liewensraim betraff oder zerstéiert ginn, wou eng Kompensatioun net méiglech ass, well vill ze vill laang Zäitraim erfuerdert sinn.
E Veianer Schlass, eng Iechternacher Basilika oder d’Kathedral an der Staat a vill aneres: kee Mënsch wéilt oder kann dëst ersetzen, respektiv kompenséieren. Liewensraim an eiser Natur sinn lieweg mat vill dynamesche Prozesser, déi mer mol net all kennen: wéi wëlle mer do eppes ersetzen ?
Bei den Öko Punkten a Kompensatiounen ass et wéi mat dem Wuesstem zu Lëtzebuerg, egal wéi mer eis dréien a kéieren, iergendwou ass eng Grenz.
Esou soll ee mat den Öko-Punkten a Kompensatioun vun der Natur ganz virsiichteg ëmgoen. Eng Kompensatioun soll ëmmer nëmmen eng allerlescht Méiglechkeet sinn. Eigentlech gesäit Naturschutz Gesetz dëst och esou fir. Esou dierfen an der Gréngzone geschützten Liewensraim nëmmen zerstéiert oder beanträchtegt ginn, wann den Agrëff dem ëffentlechen Interessi gëllt. Och am Bauperimeter mussen jeeweileg Agrëffer grad esou kompenséiert ginn.
An der Praxis muss e sech froen: wat heescht ëffentlechen Interessi?
Am folgenden Film: e weidere Vëlo-Wee tëschent Biekerech an Hitten, dee queesch duerch wäertvoll a geschützten Liewensraim féiert. Ass dëst esou een ëffentlechen Interessi, deen Agrëffer an Zerstéierung vun wäertvollen Liewensraim justifiéiert?. Un dësem Beispill gesäit een wéi einfach et nach ëmmer zu Lëtzebuerg ass, wäertvoll Natur-Raim ze zerstéieren, an datt dann d’Naturschutz Gesetz wéi Öko-Punkten der Natur guer net hëllefen.
Den Öko Punkten System hu mer zu Lëtzebuerg nom Virbild vun Baden Württemberg, hei e puer weider Videoen aus Däitschland als Informatioun zu deem Thema.
https://youtu.be/7ZipwoFum https://www.youtube.com/watch?
oder deen heiten…
Oeko punkten compensatioun…wat dei greng net alles erfannen?
De greisste witz ass allerdengs d compensatioun bei flieger reesen,wou een e puer euro als ablass ka blechen..ech froe mech emmer wei vill leit ob dee bloedsinn erafalen.