Am Mäerz geet et virum Appellsgeriicht an deem penibelen, onendleche Justizdossier Lunghi – RTL, an dat zéngt Joer! Zanterhier ass scho munches passéiert. Sou och, datt de fréiere Generaldirekter vum Mudam, Enrico Lunghi, wärend bal engem Joerzéngt ( 2016 bis haut) ongebremst duerch seng Affekote stänneg d’Géigesäit konnt ugräifen – dat heescht den deemolege CEO vun RTL, den deemolege RTL-Programmchef an déi zwee RTL-Journalisten vum Nol op de Kapp.

Dës Prozedur konnt a kann den Här Lunghi sans problème duerchzéien, well hien – vum Staat, also vum Steierzueler – deier Affekotskäschte bezuelt krut a nach ëmmer kritt. Vun enger “égalité des armes” kann absolut keng Ried sinn, well déi deemoleg Journalistin, déi 2016 wärend engem Interview vum Generaldirekter tätlech ugegraff gi war, bis haut all hir Affekotskäschte selwer bezuele muss.
Dobäi kënnt, datt vun 2018 bis haut dem Här Lunghi seng Fra a hie selwer dräi Bicher geschriwwen hunn, an deenen déi betraffe RTL-Leit, virun allem déi zwee Journalisten, zum Deel uerech diffaméiert ginn. Géint dës dräi Bicher goufe Kloe gemaach.

Sou zum Beispill sinn elo wéinst dem zweete Buch souwuel de fréiere Generaldirekter vum Mudam – opgrond vum Artikel 85-1 – wéi och seng Fra, Catherine Gaeng, opgrond vum Artikel 505 vum Code pénal wéinst violation du secret de l’instruction respektiv recel, virun eng chambre correctionnelle verwise ginn, wou an de nächste Méint de Prozess géint si stattfënnt.
Iwwer déi zwee aner Bicher, géint déi wéinst Diffamatioun, Calomnie an Beleidegung (injures) Kloe gemaach goufen, dierft och an nächster Zäit eng Decisioun falen.
Net méi spéit wéi den 30. Oktober huet den Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen, eng parlamentaresch Fro gestallt, fir vun de Ministere vun de Finanzen, der Justiz an dem ëffentlechen Déngscht gewuer ze ginn, wéi vill Suen de Staat den Affekote vum fréiere Mudam-Generaldirekter bis haut bezuelt huet.
Hei de komplette Text vun dëser Question parlementaire vun de Piraten.


Si cela va sans le dire, cela ira encore mieux en le disant : comme à votre habitude, vous calomniez et vous diffamez, en plus de raconter n’importe quoi.
Ce n’est pas Enrico Lunghi, ce sont vos petits copains de RTL et leurs mandataires qui freinent des quatre fers dans cette affaire depuis presque dix ans maintenant, je renvoie au chapitre intitulé « Les manœuvres dilatoires » de MON deuxième livre pour votre édification et celle de vos lecteurs.
Et pendant que vous y êtes lisez donc aussi MON premier livre, vous saurez pourquoi l’État paye ses frais d’avocat à Enrico Lunghi (attention divulgâchage : c’est à cause de l’irréflexion de M. Bettel).
Si M. Goergen et les Pirates l’avaient fait il se seraient épargné le ridicule de leur question parlementaire derrière laquelle je soupçonne fortement l’intervention des petits copains susnommés et notamment cellui (l’écriture inclusive m’arrange bien pour le coup…), qui passe son temps à geindre sur ses frais d’avocat.
Oh et puis réjouissez-vous, vous pouvez ajouter un nom à la longue liste des soutiens de Lunghi dans le monde culturel et médiatique puisque M. Franck Colotte vient de publier une critique élogieuse de SON dernier livre dans le Tageblatt :
https://www.tageblatt.lu/kultur/chroniques-dun-monde-avant-fragments-classes-par-enrico-lunghi-et-lhumanite-en-miroir/