Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Jeannot Weber: E neien Naturschutz-Plang fir Lëtzebuerg 

Jeannot Weber: E neien Naturschutz-Plang fir Lëtzebuerg
Jeannot Weber

 

Jo, et ass richteg, datt d’Natur eng Hëllef brauch. Ma firwat setze mer net mol déi Pläng a vir allem Gesetzer endlech ëm, dei mir fir de Schutz vu der Natur hunn? Zur Zäit sinn Hecke-Schneider ënnerwee, do gesäit een däitlech wat a punkto Naturschutz zu Lëtzebuerg esou alles schiff leeft. Queesch duerch d’Éislek,  Réidener Kanton an soss, Hecken geschreddert zerfazt vu Maschinen déi fir esou eng Aarbecht zanter 2018 vum Naturschutz-Gesetz verbueden sinn a wou den 03.03.22 nachmol s am Artikel 17 präziséiert ass ginn:

Au paragraphe 6, alinéa 2, les mots  « tels que la faucheuse à fléaux »  sont remplacés par ceux de  « ne garantissant pas une taille nette » .

Och datt Hecken net zeréckgeschnidden ginn op Këschten oder Lego Hecken gehalen, ass net erlabt.

jweber

Also wa mir mol net déi aktuell Gesetzer ëmgesat kréien, an dëst bei esou einfachen Geschichten wéi dem Hecke-Schneiden, jo wei wëlle mer dann eng méi komplex Natur schützen. Hecken sinn scho laang duerch Naturschutz Gesetz geschützt a se duerfen och nëmmen vum 1. Oktober bis Enn Februar geschnidden ginn. Dat ass awer an der Praxis deen eenzegen reelle Schutz den Hecken haut hunn, well wéi a wat da beim Schneiden passéiert, dat ass absolut willkürlech an entsprécht souguer oft mol net engem gesonnde Mënscheverstand.

Esou ass schneiden vun den Hecken laanscht Weeër, wéi Vëlo oder Feldweeër  zu enger absoluter Farce ginn. An dorunner bedeelegt sech leider och den Naturschutz Syndikat Sicona.  Ech hunn dowéinst de Verantwortlechen vum Naturschutz Syndikat folgend Schreiwes geschéckt:

 

Un Direktioun, Comité a Verantwortlecher vum Naturschutz Syndikat Sicona

Et ass e grousse Verdéngscht vum Naturschutz Syndikat Sicona, datt haut an enger Rei Landschaften d’Natur erëm eng kleng Plaz huet. Duerch divers gutt Naturschutzaarbechten vum Sicona hunn verschidden Déieren a Planzen eng Iwwerliewungschance zu Lëtzebuerg behalen. Leider ass trotz dësen Beméiungen, insgesamt nach ëmmer en däitlechen Verloscht un Natur a Biodiversitéit an de Landschaften zu Lëtzebuerg ze gesinn.

Dofir ginn et eng Rei Grënn.

jweber

Bedauerlech, datt ënnert den Argumenter vun Fleegenaarbechten an der Natur, vill Biodiversitéit verhënnert gëtt. Esou och ze gesinn beim Heckeschneiden. Et ass och hei e Verdéngscht vum Naturschutz Syndikat Sicona, datt Naturhecken duerch eng Fachgerecht Fleeg, e wäertvollen a villsäitegen Liewensraum kënne sinn. Haut ass de Naturschutz- Syndikat Sicona een vun de gréissten a wichtegsten Acteuren bei der Heckefleeg zu Lëtzebuerg.

Schockéiert an traureg mécht awer déi iwwerdriwwen an net méi Naturgerecht Heckefleeg, laanscht all Feld a Vëlowee an der Landschaft, an dat och vum Naturschutz Syndikat Sicona.

Hecken a Bëschränner ginn mëttlerweil laanscht all Weeër prophylaktesch a schablounenhaft geschnidden, wat fir den Liewensraum Heck e Verloscht u Qualitéit bedeit. Dat alljährlecht säitlecht Shneiden vun den Hecken ass näischt anescht wéi eng Verstümmelung vun Naturelementer. Dëst permanent Schneiden laanscht all Weeër bedeit e Verloscht u Liewen, u Bio Diversitéit an och u Liewes Freed. Naturfrënn wéi Elteren , a ganz Schoulklassen kënne mat hire Kanner weder am Fréijoer, Hecken mat Bléien nach am Hierscht Friichten entdecken. Déi iwwerdriwwen Schneid Aarbechten un den Hecken laanscht Weeër, déi all Joer mëttlerweil wéi e Ritual duerch gefouert ginn, gi mam Argument vun der Sécherheet oder aner Ursaachen justifiéiert.  Iwwer 70 Prozent vun Hecken laanscht Weeër, déi ech kierzlech am Hierscht 2021 kontrolléiert hunn,brauchen keen esou en alljährlechen säitlechen Schnëtt. De gréissten Deel vu den Hecken Planzen wuessen weder an de Wee, nach stelle se soss e Problem duer.

Datt Hecken geschnidden ginn, well eng Maschinn déi fir Hecke Schneiden agesat gëtt, dëst esou erfuerdert, ass einfach net acceptabel! Méi Bio Diversitéit an der Natur Heck kann nëmmen erreecht ginn, duerch manner oft säitlecht Schneiden. All dëst beschreift de Naturschutz Syndikat Sicona och op senger Websäit , an der Praxis ass awer laanscht Feld a Vëlo Weeër absolutt näischt méi dovun ze gesinn.

jweber

Et brauch bei der Heckefleeg laanscht Weeër bei der praktescher Ëmsetzung eng aner Orientéierung, wéi bei der Duerstellung an der Ëffentlechkeet. Eleng kleng Schëlder déi iwwer eng sënnvoll ekologesch Heckefleeg informéieren, an dann awer enger Heck Liewensraum laanscht de Wee ewech huelen, dëst ass fir mech net hëllefräich. Zu der Natur Heck brauch et méi konkret Aktiounen an Informatioun. Et soll een och beim Hecke schneiden laanscht Weeër vill méi differenzéiert virgoen, an Hecken déi kee Sécherheetsproblem duerstellen och a Rou loossen. Aus eegener Erfahrung weess ech, dat et ëmmer erëm Matbierger ginn fir déi un enger Heck ni  genuch geschnitten gëtt. Ee Problem vum Naturschutz ass, dat déi meescht Leit Haut net méi vill mat der Natur ze dinn hunn, an och net méi vill iwwer Natur wëssen. Haut kommen déi meescht Leit awer bei hiren Fräizäit- Aktivitéiten, ëmmer méi, a gären an d’Natur. Do lount et sech de Leit e bësschen  Natur ze offréieren, a mat positiven Aktiounen ob Bedierfnesser vun Liewensraim wei Natur Heck opmierksam ze maachen. Firwat net mol bei den Hecken laanscht de Wee en Info Schëld setzen mat esou eppes wei :  Des Heck ass e wäertvolle Liewensraum,  mat diversen Bléien am Fréijoer an Friichten am Hierscht. Dës Heck bitt vill Biodiversiteit, an dofir schneide mer dës Heck net all Joer..

jweber

Et sinn nach e puer Wochen wou elo Hecken duerfen geschnitten ginn. Als Verantwortlech vum Naturschutz Syndikat Sicona bieden ech Iech derfir ze suergen, bei der Heckefleeg, d’Natur an den Naturschutz erëm an de Mëttelpunkt ze stellen. D’Hecken als ee vun de wichtegsten Liewensraim an eise Landschaften verdéngt méi e grousse Respekt. Et brauch eng Opwäertung vun der Natur-Heck, an et brauch zousätzlech Hecken a Beem a villen Landschaften, wéi innerhalb vun eisen Dierfer a Wunngebitter. De Naturschutz Syndikat Sicona ass e Gemengesyndikat, deen duerch seng konkret Aarbechten um Terrain villes schonn bewierkt huet, a Weideres bewierken kann. Den Naturschutz Syndikat huet nieft enger Virbildfonktioun, och vill Kompetenzen a Wëssen, a soll sengen Memberen a Matbierger motivéieren an hëllefen, vill Natur an de Gemengen ze erméiglechen. Natur Heck huet hei eng ganz wichteg, eng Schlësselroll.

Vun Abrëll/ Mee bis Enn November dominéieren méi Aktiounen déi ëffentlechen Gréng Anlagen, wéi Feld , Vëlo a Bëschweeër. Och Member -Gemengen beim Naturschutz Syndikat Sicona, weisen duerch déi jeeweileg teschnesch-, Gäertner- oder Fieschter Servicer, oft en désastréist Verhalen vis a vis der natierlecher Ëmwelt. Et weist sech ob den diversen Gréng Anlagen, e regelrechte Botzfimmel, jo e Propretéitskrich géint alles wat do u Kraider oder Blimmchen sech vun Fréijoer bis an de Wanter eran weist. Fréi an extrem oft, mol net méi mat dem normale Mënscheverstand ze verstoen, ginn esou Aktiounen mëttlerweil och nach bis Enn November duerchgefouert. Datt hei um Niveau Informatioun nach villes muss geschéien, ass kloer. Hei ass et och wichteg, datt de Sicona d’Aufgab vun enger Weiderbildung bei de Leit aus den Gemengen-Servicer mécht a konkret Aktiounen duerchféiert. vv

jweber

Eng Natur no Fleeg laanscht Feld a Vëlo Weeër, wéi an den Gréng-Anlagen , scheitert haut meescht duerch een iwwerdimensionéierten, awer fir Natur net adäquaten Fuerpark an de Gemengen. Méien heescht et Haut, et ass awer e Mulchen wat praktizéiert gëtt. Dëst zerschredderen vun enger Vegetatioun, déi da leie gelooss gëtt, geschitt oft a reegelméisseg, fir datt keng ze héich Vegetatioun entsteet. Aus Mulcher erëm Meier ze maachen, dëst ënner Berécksichtigung vun Natur schounenden Aspekter, ass de Schlëssel dësen kommunalen Tabula Rasa ze stoppen. Um Beispill aus der Gemeng Mamer, déi eenzeg Gemeng wou et mer bekannt ass, datt zumindest dat Geméinten net als Mulch leie gelooss gëtt, weist et sech dat dëst och méiglech ass. Beispiller am Ausland weisen och, dat mëttlerweil extra Maschinnen fir esou Asätz zur Verfügung stinn.

Mataarbechter vum  Naturschutz Syndikat Sicona beméien sech mat Fachkompetenz an enger grousser Motivatioun all Dag ëm méi Natur an de Gemengen. Dofir soll een dëst Schreiwes vu mir als e konstruktiven Bäitrag gesinn. Als een Appel un Iech als e Responsabelen vum Naturschutz Syndikat Sicona, engem Gemengensyndikat deem seng Aufgab haut wéi an der Zukunft méi wéi jee wichteg ass.

Oder och deen heite Video

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Exzellent a wichteg Aarbecht vun Iech, Här Weber! Respekt!
    ‘t freet ee sech all Dag méi, wat déi “Gréng” an der Regierung ëmrappen – ass do esou vill vun natierlecher grénger DNA verluer gaang, well déi realpolitësch Prioritéiten ganz anerer gi sinn?
    Och ech stelle mir divers Froen, wann ech spadséiere ginn a mam Velo fueren….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *