Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Wat kënnt nom “Pissen an der Dusch”? 

Wat kënnt nom “Pissen an der Dusch”?
Photo de Владимир Васильев: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-reflechie-debout-dans-l-eau-du-lac-5003440/

Mir sinn alleguerten zu klenge Brigitte Bardot mutéiert. Esou formuléiert et de Sylvain Fort a sengem Essay am L’EXPRESS. Et ass villäicht iwwerspëtzt formuléiert, ma ech muss him Recht ginn. Jiddereen ass Klima-Expert, deen een schmäisst iergendwelleche Bulli op e wäertvollen Tableau, deen aneren pecht sech um Makadamm un. Et wäert net méi laang daueren, da kann een sech e Stull lounen bei Ëmweltorganisatiounen, mat deem een e prioritäert Recht huet, sech domadder op eng Autobunn sëtzen ze goen.

Photo de Marlon Schmeiski: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/nature-femme-romantique-sombre-4481032/

Den däitsche Kanzler Olaf Scholtz schwätzt vun Zeitenwende, ma ass et net éischter en neien Zäitgeescht?  D’Natur krut hiert Gesiicht zeréck fir alles, wat eis helleg ass. D’Natur steet nees fir eppes Gëttleches. An der Natur, an all Bam, all Steen gesäit esou munchereen eng Nymph oder eng Elf. D’Natur kann de Mënsch belounen a grad esou bestrofen; si kann eis ernieren, retten, si kann eis zouschëdden mat Waasser, mat Bulli, mat Schnéi, mat Lava.

Et mécht ee keen Déier dout, et seet ee kee Bam ëm, et buddelt een net am Buedem no Gold oder Pëtrol, well domadder beleidegt een d’Natur, déi bei Geleeënheet wäert zeréckschloen. Besser, et ëmäermelt een e Bam fir d’Kraaft vun der Natur a säi Kierper afléissen ze loossen!

Maachen ech de Spunnes? Verschidde Gourou -leider och am Yoga- behuelen sech tatsächlech wéi fréier d’Druiden; vereenzelt Klima-Aktivisten trieden an Talkshows op an hannerloossen beim Spectateur deen nach e Minimum u Verstand huet, en Trach voll Matleed; eng ganz Partie Naturopathen sinn Scharlatanen a missten vum Staat kontrolléiert ginn. An dach, et kann een et dréien a kéieren wéi ee wëll, d’Natur krut an de leschte Joer eng nei Opmierksamkeet.

wikipedia

Mir reegen eis op wéi d’BB, wann e klengt onschëllegt Déierchen massakréiert gëtt. Där Beispiller ginn et dausenden an de soziale Medien a mir reegen eis op, schreift de Sylvain Fort, well dat Déier onschëlleg ass a mir sinn et net! Wir sind alle Sünderlein, schwaach Wiesen, deenen hir Séil Dag fir Dag nei befleckt gëtt. Nach viru Joren duechte mir, d’Natur géing eis gehéieren, elo awer huet sech d’Blat gedréit: mir gehéieren der Natur!

Huet de Mënsch sech domadder selwer nei entdeckt? Op jidder Fall huet sech deen doten Zäitgeescht an der Gesellschaft breet gemaach a mautscht viru sech hin ewéi d’Kanalisatiounswaasser an der Kläranlag. Wat awer kënnt um Enn dobäi eraus? Bleift et bei enger parlamentarescher Demokratie? Grad si huet jo a Saache Klimawiessel bis ewell net esou vill zustane bruecht. Sinn eis Stied nach just fir Foussgänger a fir Vëlo, wou mir dann derduerch trëppelen ewéi duerch e Musée? Gëtt et eng Gesellschaft vum wirtschaftleche Stëllstand? Vun nach méi Migratiounen, nach méi Hongersnout?

An de soziale Medien gëtt et ëmmer méi där Haruspexen, déi wëssen wéi et wäert ausgoen. Déi lescht Generatioun prophezeit eis, datt mir d’Joer 2050 net méi wäerten erliewen, et sief – si loossen sech domatter d’Dir e Sputt op- mir géingen eis Mentalitéit änneren. Zeitenwende eben. Oder Changement. D’Natur ännert permanent. Nëmmen esou kann si sech adaptéieren fir ze iwwerliewen!

“Mat Pissen an der Dusch geet et net méi duer”, huet de President vum Nohaltegkeetsrot um Neijoerschpatt gewarnt. Wéi dann elo? Och dat grousst Geschäft ënnert der Dusch? Jo, awer wuelverstanen – a glécklecherweis- am iwwerdroene Sënn. Ech zitéieren den Text op rtl.lu: Natierlech wier et och um Consommateur, säi Verhalen z’änneren, heescht et vum President Romain Poulles. Stéchwuert Transport, Iessen, Wunnen a Konsum, mä vill Etüde géife beweisen, datt den Impakt bei maximal 15 Prozent läit, wa jidderee sech exemplaresch verhält.

rtl.lu

Also mam wirtschaftleche Wuesstem méi lues maachen. Ok! Esou wäit sinn ech schonn zanter Joer. Ma wéi vill méi lues? Wéi vill Faillitten ka sech eis Ekonomie leeschten? Wéi vill Aarbechtsloser kënne mir iwwer Joren an Joerzéngten mat erduerch huelen? Well dat ass jo déi direkt Konsequenz, wann de Wuesstem zeréckgeet. De President Romain Poulles verlaangt, datt wir sind das Volk Drock op d’Politiker maachen. Si sollen endlech ufänken, eise Planéit ze retten!

Ass e bësselchen bëlleg! E bësselchen sech d’Liewen einfach gemaach vum Nohaltegkeetsrot. Wat fir en Diameter soll den Offlossrouer vun der Dusch kréien? Dir sot:” wa jiddereen vun eis sech exemplaresch verhält…” Wouranner besteet dann dat Exemplarescht? Wannechgelift méi präzis! An Dir erwaart Iech jo net, datt dat eenzeg an eleng op fräiwëlleger Basis kann duerchgezu ginn. Gëtt e Bonus/Malus-Syseem agefouert fir d’Akafsgewunnechten vun de Leit ze steieren?

Klimaaktivisten am Ausland wëllen de Kapitalismus ofschafen. Näischt dogéint! Virausgesat mir kréien eng Alternativ presentéiert, déi méi sozial gerecht ass ewéi den abléckleche System. Ech gesinn deen nach net. Ma den Nohaltegkeetsrot wäert säi Strategie-Pabeier fäerdeg am Tirang leien hunn. Eraus domadder!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *