Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Verpeschte vun der lëtzebuerger Loft an de leschten Otemzich! 

D’Verpeschte vun der lëtzebuerger Loft an de leschten Otemzich!
Image par S. Hermann & F. Richter de Pixabay

Klimakollapsologen an och dat Meedchen mat de rosenen Aan maachen esou, wéi wann de Mënsch geschwënn net méi kéint op dësem Planéit liewen. Mir hu wuel villes (leider) verpescht, ma et stëmmt net, datt déi lescht 30 Joer näischt dogéint ënnerholl gouf. Wann zum Beispill de franséische Staatspresident Macron mengt ze wëssen, datt all Joer am Hexagone eng 48.000 Persoune stierwen wéinst schlechter Loftqualitéit, esou gëtt dat wëssenschaftlech dementéirt: a Frankräich ass d’Loft – jo, esouguer zu Paräis-, esou gutt wéi scho laang net méi, an dat nämmlecht Bild weist sech zu Lëtzebuerg.

Image par David Mark de Pixabay

D’Wäerter fënnt een erëm op www.emwelt.lu. Si ginn absolutt net duer, fir Panik ze maachen! Am Géigendeel: d’Statistike weisen, datt op deem Punkt duerchaus politesch reagéiert gi war an datt eist Land trotz deene villen Autoen op de Stroossen ëmmer nach eng gréng a keng brong Long ass.

Am Schlechsten kënnt den NO2 ewech, de Stickstoffoxid, ma och do leien d’Wäerter quasi iwwerall  ënner der Limit, iwwerall, ausser am Zentrum vun der Haaptstad, wou d’Tendenz allerdéngs no ënne weist a wou wéi duerch e Wonner sech d’Situatioun an der Neier Avenue op der Gare ëm 33 Prozent verbessert huet! Och zu Bouneweeg huet sech d’Situatioun gutt erkritt.

image credits: emwelt.lu

 

dann de Schwefeldioxid (SO2). Do gouf eng Spëtzt areecht vun 68 µg/m3 am Joer 2010 an zanterhier leien déi Wäerter bei all de Miéssstatiounen ënner 30 µg/m3.

image credits: emwelt.lu

De Bläi an der Loft mécht esou wéineg aus, datt dee moll iwwerhaapt net méi gemooss gëtt. De Kuelestoffmonoxid (CO) huet eis Loft grad esou verlooss. Wann zu Esch/Ulezecht am Joer 1995 nach 13 µg/m3 gemooss gi waren, esou goung dee Wäert am Joer 2018 op 1 µg/m3 erof. Nämmlecht glécklech Situatioun zu Bouneweeg, Stad-Zentrum, Winston Churchill…

image credits: emwelt.lu

wou nach eppes ze maache bleift, ass de sougenannte Feinstaub, particules en suspension, de renge Stëbs, ma och do ass d’Situatioun alles aneschters wéi alarmant. D’Wäerter leien ënnert dem seuil d’évaluation supérieur a sinn wäit ënnert der valeur limite!

image credits: emwelt.lu

22 µg/m3 zu Esch-Uelzecht si wuel kee gudde score, ma leien ëm ronn d’Halschecht ënnert der erlaabter Limite!

Fazit: d’Situatioun wat eis Loftqualitéit ugeet, ass net esou schlecht, wéi si ëmmer gemaach gëtt. Hätte mir scho virun 70 Joer Miésstatioune gehat, wär d’Resultat wuel nach méi opfälleg! Zu Paräis zum Beispill loung den SO2 am Joer 1960 bei 200 µg/m3 a läit haut quasi bei NUll. An där nämmlechter Zäit goufen d’Wäerter vum Kuelemonostoff duerch 10 dividéiert, den oxyde d’azote goung ëm 50 Prozent zeréck. Et ass also net esou, wéi Klimafanatiker et apostologesch eraustroteren, datt op dësem konkrete Ponkt awer och guer näisht geschitt wier. Wat net heesche soll, datt mir et net nach besser sollte maachen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *