Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Duell Xavier Bettel a Luc Frieden: an där enger Hand de Rousekranz, an där anerer den Dolch! 

Duell Xavier Bettel a Luc Frieden: an där enger Hand de Rousekranz, an där anerer den Dolch!
Photo by Artem Podrez: https://www.pexels.com/photo/two-people-fencing-5941819/
  • Déi kommunal Wahlen goufen ouni Zweiwel vun de Liberale gewonnen a vun deene Gréngen verluer. D’CSV huet och mussen zum Deel kräfteg Aboussen hinhuelen -ëmmerhin a 36 Gemengen-, bleift awer stäerkste politesch Kraaft a weess, datt si nach e ganz laange Kräizwee bis den Oktober ze trëppelem huet. Alles deit – op d’mannst zu dësem Ablack- op en Duell hin tëscht dem Erausfuerderer Luc Frieden an dem Chämp Xavier Bettel. Spill mir d’Lidd vum Doud! D’Partie ass fir déi Schwaarz schonn bal verluer!
Photo by RDNE Stock project: https://www.pexels.com/photo/a-nun-using-a-rosary-while-praying-5875438/

Éischtens ass d’demokratesch Partei iwwerraschend staark opgestallt an zweetens ass net ausgeschloss, datt aus der aktueller Dräierkoalitioun géint d’CSV eng Allianz zu 4 entsteet. De Robert Goebbels, ëmmerhinn a senger ADN iwwerzeegte Smoothy-Sozialist wëll selwer net ausschléissen, datt Gambia e Pirat – oder méi- kéint mat an d’Boot huelen fir aus engem flotten Dräier eng Véirerkoalitioun zesummenzekréien. Wat natierlech eng Risesauerei wär, en Hohn fir d’Demokratie, an trotz allem nees eng Majoritéit!

Ofgesinn vun der Haaptstad sinn d’Gemengewahle fir d’Demokraten ouni gréisser Opreegung gelaf a mat um Wupp där verblüffender Feststellung, datt hier Zaldoten extreem disziplinéiert sinn: net grad zwee Drëttel vun de Stëmmen waren Lëschtestëmmen. An Zuelen ausgedréckt: déi Blo kruten am Ganzen 642.000 Stëmmen op hire Kont agedroen, dovunner ware bal 400.000 Lëschtestëmmen. A verschiddene Wahlbureauen an der Haapstad koum d’demokratesch Partei op dat Dräifacht vu Kreesstëmmen  ewéi d’CSV.

Do gouf also geschwäerzt op Däiwel-komm-eraus, net nach vill panachéiert, ma ze soen Blannemännerches d’Partei ënnerstëtzt, geboostert. Et confirméiert sech, datt do déi auslännesch Wahlpopulatioun eng grouss Roll matgespillt huet. Net grad en Drëttel vun de Wieler an der Haaptstad waren déi Kéier Auslänner, déi sougenannten Ex-Pats. An si hunn massiv d’DP gewielt. Engersäits wuel well et d’Partei ass vum Staatsminister, anerersäits well deem Staatsminister seng Partei déi lescht zwee Joer ganz schéin aktiv war, fir déi Leit als Wieler ze gewannen.

Net domm taktéiert! D’Rechnung goung op. An enger ganzer Partie Wahlbureauen op der stater Gare goungen déi Liberal als de Gewënner ervir. Éischter iwwerraschend, mä manner wann ee weess, wat déi lescht 20 Méint esou alles vun den Demokraten gedriwwe gouf. D’CSV huet zwar landeswäit ëmmerhin hiert drëttbeschte Resultat an der Stad kënne realiséieren, ma de Retard op déi auslännesch Populatioun ass net méi esou séier gutt ze maachen

“…Kloer däerf een Kommunalwahlen net mat Nationalwahlen vergläichen…”

…de Lokalpatriotismus kann duerchaus eng aner Envergure hunn ewéi op nationalem Plang. Esou kréien ech aus gewësse “bloe Kreesser” gesot, datt si besonnesch an der Ekonomie de Pitti’s-Aufsatz vu Gambia sat sinn an datt si mat Sécherheet net méi wäerte blo wielen. Ma dat bleift ze confirméieren a souwisou kann d’DP mat deem Virspronk am Kreess-Schwäerzen sech deen een oder aneren Aussetzer erlaben. An déi auslännesch Populatioun ass an den Nationalwahlen eng aner ewéi an de Gemengewahlen. Am Oktober handelt et sech haaptsächlech ëm där mat duebeler Nationalitéit. Ënnerstëtzen déi grad esou déi Blo?

Deen anere grousse Virdeel vun der DP ass wéi gesot de Bonus als Partei vum Regierungschef, also eng Zort Virschoss am Vertrauen. D’Partei vum Staatsminister plus um Knuedler eng Buergermeeschtesch ad eternam. Komm, mir wiele blo! Dee Bonus wäert op nationalem Plang och zu Buch schloen. Derbäi kënnt e Xavier Bettel deen als Kandidat absolutt net ze ënnerschätzen ass. Hien ass zwar en iwwerflächleche Politiker – huet wuel och dowéinst op reegelméisseg Pressebriefingen verzicht-, ass dogéint an der digitaler Welt gutt vernetzt a kann Selfie schéissen méi séier ewéi dem Lucky Luke säi Schied. Fréier gouf et e Bic, haut ass et e Selfie. Et fonctionéiert eemol ewéi d’aner Kéier!

wikipedia

Op deem Plang huet de Luc Frieden nëmmen more Kascht opzedëschen. Hien ass zwar an der Tëschenzäit op Facebook & Co, ma bis een do seng Followers, seng Frënn a Feinden huet, dat brauch seng Zäit. Dem Luc Frieden säi Markenzeechen ass Seriositéit, wat net wëll heeschen, datt hien nach ni politesch Feeler gemaach hätt. Als fréiere Finanzminister aus der Aera Juncker an als fréiere Chef vun der Handelskammer ass seng Glafwierdegkeet an deem Beräich an de Spezialistekreesser ganz einfach méi grouss.

D’CSV kann iwwregens am Zentrum voll optrompen mat Top-Kandidaten: nieft dem Frieden e Serge Wilmes, e Maurice Bauer, Paul Galles, Elisabeth Margue, Laurent Mosar, Marc Lies , Diane Adehm, Claude Wiseler….de Spëtzekandidat ass deemno richteg gutt embedded! Ma geet dat duer fir sech signifikativ am Resultat vis-à-vis vun de Liberalen kënnen ofzesetzen? Schliisslech kommen déi grad esou mat hiren Haaptleit aus Kavallerie an Infanterie. Fier wien blénkt d’Sonn vun Austerlitz?

A ville Länner geet de politeschen Trend an der Lescht no rieds, munchmol net ze knapps. Aktuell läit d’AfD an Däitschland bei 18 Prozent! Wär d’CSV gutt beroden, méi op steuerbord ze dréien? Aus dem Resultat vun de Gemengewahlen kann een dat allemol net kloer erausliesen. Also éischter si loossen, d’Feld der ADR iwwerloossen déi am Laf vun de Joerzéngten och op eng gewësse Stammclientèle kann zeréckgräifen.

Alles hänkt dovunner of, a wéi fären d’CSV sech kann vun der DP demarkéieren. Tëscht Xavier Bettel an Luc Frieden sinn déi charakteriell Ënnerscheeder net ze iwwersinn:

Luxemburger Wort

deen een frisch, fromm, fröhlich, vu konfus bis diffus, net op de Ponkt bréngen; deen aneren Fuerzdréchen, awer sachlech. Deen een mat Blendamed fir Aperolspritz, deen aneren mat Alka Seltzer fir d’Wort zum Sonntag. Ob d’Cravatte blo ass oder schwaarz interesséiert den Observateur allerdéngs manner ewéi den Inhalt, d’Presentatioun an d’Argumentatioun vum jeweilege Kandidat.

Zum Duell Bettel contra Frieden kënnt et souwisou. D’Madamm Lenert hat jo net de Courage fir am Zentrum ze kandidéieren, wou allerdéngs nieft dem Süden déi meeschte Stëmmen ze rafe sinn, an déi Gréng hu sech elo schonn selwer ofgeschoss. Déi zwou Parteien wäerten also deementspriechend sech dorobber virbereeden.

“…ma och e Wahlgewënn kann eng Néierlag bedeiten…!”

Déi Liberal drécken d’CSV an den Eck vun der Vergaangenheet. Eng grouss Partei déi vergiess huet sech ze erneieren. Beispill: de Luc Frieden. Déi Schwaarz haten an hiren eegene Reien net de gëeegente Kandidat fonnt an hu mussen op en has-been zeréckgräifen, op e Mann dee virun 9 Joer der Politik de Réck gedréit huet. Ganz falsch ass d’Attack net, an nawell weess de Xavier Bettel, datt de Retour an d’Politik vum Frieden fir hien eng Erausfuerderung gëtt. Also léiwer mol an d’Lächerlecht zéien?

Bis ewell huet een aus konservative Kreesser ëmmer nees ze héiere krut, datt si prett wieren fir eng Regierungskoalitioun mat der DP, och esou guer mam Verzicht op de Posten vum Staatsminister. Do misst just nach de Xavier Bettel matspillen…an dee wëll net onbedéngt! Hie fillt sech wuel an där ablécklecher Koalitioun an där hien den onkontestéierten Dirigent ass an déi Chancen huet, vum Wielerwëllen – deen et zwar schéngt ëss net gëtt- confirméiert ze ginn.

Déi Gréng wäerte wuel gutt 2 Mandater hänke loossen, ma déi verluere Stëmmen ginn éischter eriwwer bei d’DP an d’LSAP ewéi bei d’CSV. Also Status quo fir Gambia. An en zousätzleche Sëtz fir d’Genossen am Osten ass elo schonn gebongt- ausser eng Iwwerraschung a leschter Sekonn. An anere Wieder: Gambia kéint sech duerchaus an den drëtten Tour erandanzen. D’CSV och, allerdéngs an der Oppositioun!

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Als alen dapp erennert mech den duell frieden vs.bettel un de franzeischen presidentiell walkampf anno 1969 poher vs pompidou, wou d kommunisten demols de slogan bonnet blanc geint blanc bonnet fonnt haten.
    Bref…net vill interessantes.
    De gewenner get oder bleiwt premier…de verleierer geet an de privatsecteur oder op breissel.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *