Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

Hypokrisie ronderëm den Atom 

Hypokrisie ronderëm den Atom
Photo de Markus Distelrath provenant de Pexels

den Atom ass also zanter 40 Deeg gréng! An déi Gréng sinn entsat. Maache mol esou wéi wann. Frankräich jubiléiert. De l’EXPRESS titelt: Comment la France a sauvé le nucléaire en Europe. Den Atomkrich ass eriwwer, eleng Lëtzebuerg an Éisträich klappen op d’Kasserollen fir eng lescht Schluecht. Dass du net gees! Dat war oofgemaachtent Spill, an déi Gréng matzen dran!

Frankräich huet Méinte laang mat den europäesche Länner diskutéiert, verhandelt. Et goung ëm déi sougenannten gréng Taxonomie, en Dokument vun 58 Säiten, dat den 31. Dezember um 22A30 zu Bréissel accouchéiert gouf. Den zoustännegen EU-Kommissär Thierry Breton huet wärend deene Gespréicher d’Wuert Atom ni an de Mond geholl. Atom war bis dohinner eng Beleidegung, eng déck Frechheet. Diskutéiert gouf iwwer eng énergie de transition décarbonée. Resultat: den Atom ass nees salonfäeg.

Den Atomstroum ass effektiv CO2-fräi. An d’Erënnerungen un d’Katastroph vun Fukushima (2011) sinn am gaangen, ofzehuelen, zugläich gouf den Drock aus dem Eck vum Klimawiessel ëmmer méi grouss. Wärend den Disskussiounen iwwer de grénge Pakt vun der Europäescher Kommissioun goufen sech déi verschidde Memberlänner alt méi bewosst, datt d’Demande u Stroum wäert enorm zouhuelen, an datt den erneierbare Stroum bei wäitem net duergeet.

De Waasserstoff ass wuel d’Energie vu muer, awer nach net prett, well seng Produktioun selwer den Ament nach ze vill Stroum frësst. Ma och ouni H2 gëtt dermadder gerechent, datt d’Demande no Stroum an den nächsten 30 Joer an der Europäescher Unioun sech verduebelt. Deementspriechend ass d’Präisentwécklung schonn déi lescht 15 Joer

tageschau

Däitschland huet dem Atom de Réck gedréit. D’Kanzlerin Merkel huet déi Decisioun geholl, Deeg no der Katastroph vu Fukushima. Zanterhier setzt Däitschland an der Haaptsaach op de Gas…aus Russland. Frankräich tabléiert op den Atom, den Osten vun Europa huet sech mussen op d’Sich maachen no Alternativen, well an deene Länner nach extrem vill mat Kuel geschafft gëtt. Deene Länner kënnt den Atomstroum elo zupaass.

Den neien däitsche Kanzler Olaf Scholz an déi Gréng wollten u sech den Atom aus der ganzer Europäescher Unioun verbannen. Enn November stoung de Regierungsprogramm vun der Ampelkoalitioun zu Berlin. E puer Deeg drop goung de Kanzler bei de franséische Staatspresident. En Ëmdenken vum Macron war net méiglech. Also huet Däitschland mussen seng Verhandlungsstrategie änneren.

D’Wiseventilateuren ginn an Däitschland net duer, also gouf a gëtt de Stroum prioritär mat Gas produzéiert. Wat d’Natioun vum Camembert mam Atom fäerdeg bruecht huet, gouf op d’Natioun vun de Curry-Wurschten mam Gas transposéiert: bis 2030 ass och de Gas eng Transitiounsenergie, an also déi nächst 8 Joer absolutt gréng. An d’Ëmweltpartei war live und in Farbe derbäi! De Minister Robert Habeck huet sech just de Baart en Dag méi laang wuesse gelooss an entsat an d’Kameraen gekuckt.

Domadder huet et sech dann och. De politesche Match ass gelaf, Gold geet u Frankräich, Sëlwer un Däitschland. D’Taxonomie gëtt op europäeschem Plang ugeholl, wou sech Däitschland warscheinlech wäert enthalen. Fremdschämen! De Lëtzebuerger Claude Turmes wëll nach net opginn. Dobäi ass d’Course eriwwer, hien an de Staatsminister Bettel riskéieren an der voiture-balai ze landen. Fir den Text ze kippen, missten nämlech 20 vu 27 Memberlänner dogéint stëmmen!

Grad Däitschland sicht d’Zukunft an der erneierbarer Energie. Déi awer kënnt net vun der Plaz a mécht de Stroum zousätzlech deier.

elo musse just nach 500 Milliarden Euro fonnt ginn fir déi nei (kleng) Atomzentralen ze bauen. Sinn d’Investisseuren dozou bereet? Grad déi lescht Méint hu gewisen, datt mat Energie vill Geld ze verdéngen ass. D’Präisser sprangen duerch de Plaffong! Dat ass e gréissere Problem besonnesch fir manner bemëttelt Leit! D’Regierung ass an hirem Recht, op sozial Ënnerstëtzung an de leschte Joer hinzeweisen, ma wéi de Sven Clement vun de Piraten kontert, Hëllefen vu gëschter droen de Suergen vun haut net Rechnung!

D’Regierung muss sech eppes afale loossen, d’Propose vun de Genossen vun engem eemolege Scheck an der Héicht vun 100 Euro koum oniwwerluecht eriwwer an ass net onbedéngt eescht ze huelen. Eemol gratis voll tanken wegl, an dat war et dann och schonn!

Bosseg och, datt an deem Kontext keen e Fanger gerouert huet fir d’Betriber. Si suergen fir de Räichtum vum Land an och si hunn ënnert den Energiepräisser ze keimen. Grad esou fir si muss et zu Entlaaschtunge kommen, ëmsou méi wou dëst Joer mat op d’mannst enger weiderer Indextranche ze rechnen ass. Domatter klëmmt den Drock op d’Ekonomie weider!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *