Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

D’Kontrollmedezinn: eng Schaan fir eist Land 

D’Kontrollmedezinn: eng Schaan fir eist Land
Bild von Peggy und Marco Lachmann-Anke auf Pixabay

 

Et ass mir kal de Réck erofgelaf! Wat ech déi lescht Méint a virun allem Deeg esou alles iwwer d’Kontrollmedezinn ze héieren an ze liese krut, passt guer net an eng modern Gesellschaft. Éischter eng Reliquie aus SED-Zäiten. D’Patienten déi vun de Kontrolldokteren geruff ginn, mussen all Méigleches iwwert sech ergoe loossen. D’Medezinner regéieren ewéi Götter, wäit a breet keng Instanz fir och si ze iwwerwaachen an eventuell ze sanktionéieren.

  • De Patient huet dacks keng 5 Minutten Zäit fir säi Fall ze explizéieren. Et gëtt him iwwer de Mond gefuer wéi wann hien iwwerhaapt net krank wier, ma just wéilt blo maachen.
  • De Patient huet nawell gären e Rapport vun engem spezialiséierten Dokter; säi vis-à-vis awer ass dacks Generalist deen déi Rapporte vun de Confrèren royalement ignoréiert, sech driwwer ewechsetzt. Ass dat normal?
  • De Kontrolldokter schéngt sech nach laang net ëmmer op seng Untersuchungen, op säi Gespréich mam Patient virzebereeden
  • An der Kontrollmedezinn ginn munchmol Decisioune geholl wou engem d’Hoer zu Bierg stinn: bannent Minutten gëtt aus engem kranke Patient e kärgesonnde Mënsch. Op d’mannst gëtt hien – Abracadabra- fir gesonnt erkläert, hie soll, nee, hie muss nees schaffe goen!
Bild von Klaus Hausmann auf Pixabay

Datt kontrolléiert gëtt, ass wuel déi normaalste Saach vun der Welt. Awer dann ënner mënschewierdegen Ëmstänn, op eng Manéier, datt de Patient d’Decisioun versteet an novollzéie kann. A virun allem an der totaler Transparenz! Well, wann ee wëll géint d’Decisioun vum CM a Recours goen, kritt ee fir d’éischt emol eng 0-8-15-Äntwert, an d’Chancen fir säin Dossier ze gesinn, tendéiere géint Null.

Wien nawell de Courage huet déi Decisioun vun de Kontrolldokter unzefechten, muss sech bewosst sinn, datt hien e laange Wee ze goen huet. 40 Deeg duerch d’Wüüst sinn näischt dogéint! Il nous importe de vous signaler qu’une décision susceptible de recours vous a été envoyée, accompagnée d’une notice d’information sur les voies de recours. Il vous est loisible de contester cette décision présidentielle…” Bonne chance!

“Huele mir de Fall vun enger séilescher Depressioun…”

Matt psychiatresche Krankheetsfäll ass et wuel am einfachste fir ze fuddelen. Et gëtt keng Maschinn déi kann eng Foto maachen vum Mënsch senger Séil. Also ass Kontroll duerchaus ubruecht. Grad esou wouer ass, datt et där Krankheete mat séileschem Ursprong ginn, an déi mussen eescht geholl ginn. Firwat iwwerhëlt sos d’CNS d’Honoraire vun de Psychiater?

Beispill: bei enger jonker Persoun fänken déi Problemer un duerch grouss Schlofschwieregkeeten. De Kierper mécht no e puer Méint schlapp. Et komme Panikattacken derbäi, éischt Depressiounen. Dee jonke Mënsch léisst sech ëmmer méi staark Schlofmëttel op d’Ordonnance setzen a gëtt schliisslech vun engem Psychiater krank geschriwwen. D’Pëlle kënnen awer net d’Léisung sinn fir de Rescht vum Liewen! Also gëtt no enger adequater Klinick am Ausland gesicht.

Bild von M W auf Pixabay

No e puer Wochen ass alles prett: dat spezialiséiert Spidol ass fonnt, d’Autorisatiounen vun der CNS si fäerdeg, d’Therapie kann ufänken. Ding Dong! Post ass do. E Bréif vun der Kontrollmedezinn. Déi Persoun gëtt opgefuerdert, sech weisen ze goen. De Patient hëllt seng Pabeiere mat fir ze dokumentéieren, datt hien/si all d’Schluechten am Paperassekrich gewonnen huet an datt zesumme mam Psychiater eng Therapie-Méiglechkeet fonnt gouf. D’Erniichterung kënnt op de réie Mo: d’Gespréich mat der Kontrolldoktesch huet net vill méi laang gedauert ewéi dem Marc Girardelli säi Super-G zu Albertville. An d’Konklusioun ass eng knallhaart op de Bak!

D’Madamm ass nämlech der Meenung, datt de Patient duerchaus gesonnt ass. Si setzt sech iwwer den Avis vum Psychiater ewech – ouni selwer déi geréngste Qualifikatioun dozou ze hunn- a schéckt de Mënsch zeréck op d’Aarbecht. Eng kollossal Leeschtung vun där Fra! Iwwregens net ganz Bibelfest: Als das Jesus hörte, sprach er: Nicht die Starken bedürfen des Arztes, sondern die Kranken. (Matthäus 9:12). Den Dokter soll dem Patient hëllefen, net hien schikanéieren!

Sinn d’Kontrolldokter sech ëmmer bewosst, datt si mat hirer Decisioun kënnen d’Liewen vun engem Patient komplett verhonzen?!

Foto von Anna Shvets: https://www.pexels.com/de-de/foto/arztin-mit-augenlupe-mit-vier-linsen-3846038/

E Rapport vun der Sëtzung kritt een natierlech net als Patient. Dee kann een zwar ufroen, ma da kann een de Baart wuesse loossen ewéi dee vum Prophet.

“Quant à votre demande de communiquer des avis détaillés du médecin-conseil sur lesquels se base la Caisse nationale de santé, nous tenons à vous informer que la sécurité sociale au Luxembourg se compose de plusieurs administrations autonomes. L’évaluation de l’état de santé des assurés relève de la compétence du Contrôle médical de la sécurité sociale et les avis émis par ses soins s’imposent aux institutions concernées.

De Patient geet also nees schaffen, hëlt all Nuecht seng Schlofpëllen. Déi Persoun mécht deemno dat, wat grad sollt verhënnert ginn. An de contrôle médical setzt a senger Selbstherrlechkeet der nach zwou drop:

  1. Wann ee Krankeschäin vun engem Kontrolldokter refuséiert gouf, däerf dem Patient säin Dokter hien net nach eemol fir deen nämmlechte gesondheetleche Problem krank schreiwen. Wie kënnt op esou eng hallef gebaken Iddi?
  2. E Patient dee wéinst enger Krankheet reklasséiert gouf, däerf säi Liewe laang net méi wéinst deem nämmlechte Malaise an de Krankeschäin gesat ginn. Wéi ramoléiert muss een dofir sinn? An dësem Fall ass fir de jonke Patient eng Depressioun TABU! Mol net méi drun denken. Besser an e Stéck Mars ze bäissen, well dee bréngt verbrauchten Energie direkt zeréck.

“…D’Kréinung vun der Arroganz…!”

Mir ass de Mond opstoe bliwwen wéi d’lescht Woch den Dr Scholl, e Generalist mat der Ausso koum: Den Direkter vum contrôle médical huet mech menacéiert, hie géif mech an d’Kontrollkommissioun vun der CNS zitéieren, an dat nëmmen well ech him wollt Informatioune ginn iwwer ee vu menge Patienten! Dat muss een sech mol virstellen! De CM weess alles, de CM kann alles. Hie brauch keng Hëllef vu baussen. Oder aneschters ausgedréckt: mësch dech an näischt a looss mir meng Rou!

Ech sinn entsat, datt esou eng berufflech Astellung hautdesdaags nach méiglech ass. Ech appelléieren un all d’Sozial- an d’Gesondheetsministeren aus de leschte 40 Joer – virausgesat si sinn nach um Liewen- sech ëffentlech fir dësen Zynismus ze entschëllegen! Si wosste mat Sécherheet Bescheed a waren ze bequeem, ze feig iergendeppes dorunner ze änneren.

Et ass einfach, e Plakat molen ze loossen mam Slogan: de Patient steet am Mëttelpunkt, mä et fuerdert Courage a Kraaft, sech och tatsächlech fir dee Patient anzesetzen.

Foto von cottonbro studio: https://www.pexels.com/de-de/foto/mann-paar-menschen-buro-4101143/

Matt dësem Pamphlet hunn ech pauschaliséiert an domadder och déi Kontrolldokter getraff, déi hir Aarbecht éierbar maachen. Dat deet mir leed. Ma wann déi 34 Hären an Dammen am Schnëtt all Dag just 5 Patienten virun der Dir stoen hunn, da kéinten si sech déi néideg Zäit huelen fir de Patient ze ënnersichen, mat him ze schwätzen an um Enn him d’Decisioun -esou oder esou- ze erklären. Eng Stonn misst dra sinn! An de Rapport, wëll heeschen d’Motivatioun vun der medezinescher Decisioun, muss spéitstens 48 Stonnen drop am Patient senger Bréifkëscht leien.

Mam contrôle médical ass et ewéi mat der IGP bei der Police. Allebéid mussen se sinn, ma wien kontrolléiert si selwer? En Ufank wär scho gemaach, wann dat a reegelméissegen Intervalle géing vun der Press garantéiert ginn, déi bekanntlech de 4. Pilier an eiser Gesellschaft wëll sinn. An no de Wahlen ass et um neie Minister, direkt eng Reform op den Dësch ze leeën!

Related posts

3 Comments

  1. 2 Glacken

    Léiwen Här Kaiser. Sidd Dir als Auteur vun dësem Text dann och schonn am Contrôle médical gewiescht an hutt mat der Direktioun iwwer déi vun Iech gemaache Beschëllegunge geschwat? Propperen a professionelle Journalismus setzt jo wuel viraus, dass een déi 2 Klacken héiert lauden.

    1. Guy Kaiser

      Léiwen Hàr/Madamm 2 Glacken,
      kloer dat. Et gëtt jo och Kontrolldokter, déi net averstaane sinn mat der Manéier wéi et den Ament intern leeft. Mat der Direktioun hunn ech net geschwat a wollt dat och net zu dësem Ablack.

  2. Frank Scheer

    Gudden Owend Här Kaiser ,
    Doriwwer kann ech ièch och een Liddchen sangen , mee daat gèif awer zevill ginn fir ze schreiwen …. Wann dir un menger Aussoh interessèiert sidd , dann kënnt dir mëch gären unruffen op den 691236067 . Ech sinn elo dës Woch fir 3 konvoquèiert dinn , an daat ass alles eng Katastroph .

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *