Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Eisen Offall am politesche Schrott 

Eisen Offall am politesche Schrott
Photo by Tom Fisk: https://www.pexels.com/photo/drone-shot-of-landfill-3186574/

Et  mécht een scho rosen! Do kritt een onënnerbrach agetriichtert, wéi wichteg et dach fir d’Ëmwelt ass, ze recycléieren a fir de Rescht leeft Herrgottswaasser iwwer Herrgottsmillen: et gëtt näischt ënnerholl fir de Probleem bei der Wuerzel unzepaken. Esou misst et dach méiglech sinn, och enger liberaler Wirtschaft hier Grenzen ze weisen. Datt déi vill kleng a manner kleng Haushaltsapparater kënnen méi einfach a méi bëlleg reparéiert ginn, datt iwwerhaapt Ersatzstécker ze kréie sinn!

Irreparabel! housch et bei mir an de leschten Deeg gläich 4 Mol. Ech hat zwee Stëbssuckeler kaf, allebéid mat Batterie, also ouni lästeg Litz. Si waren an der Haaptsaach geduecht fir dem Hond seng Fliichten ewechzebotzen, wann et him grad duerno ass. Dee méi groussen huet et knapps e Joer gepackt, dee méi klengen fir am Auto ganzer 6 Wochen. Also séier mat der Garantie an d’Geschäft.

Photo by cottonbro studio: https://www.pexels.com/photo/woman-in-blue-denim-jeans-sitting-on-brown-leather-couch-4107243/

Do kréien ech léif erkläert, datt all Maschinnchen gewollt eng Achillesfers huet, déi zimmlech séier futti fiert an datt grad dat Stéck net méi ze ersetzen ass an datt do näischt ze maachen ass. Do kënnt een un d’Flippen! A mäi Kärcher, grad emol 15 Méint al? On va voir! D’Méimaschinn, 3 Joer al, ass nach just gutt fir op den Tipp: d’Reparatur géif bal esou deier ginn ewéi eng Nei!

Also kafen ech deen absolutt identesche Modell, well ech wéinstens d’Batterien vum Virgänger wëll retten. Si kaschten d’Stéck 70 Euro a bedeite souwisou eng grouss Belaaschtung fir d’Ëmwelt. Doheem paken ech aus a stelle fest: tatsächleh! Exakt déi nämmlecht Méimaschinn…just datt d’Batterien an der Tëschenzäit geännert hunn! Dat sinn esou Amenter wou ech komplett aus der Këscht sprangen, wou ech meng 2 Louis-de-Funès-Minutten erliewen!

Et kënnt een sech esou richteg veräppelt vir. Wéi ass et méiglech, datt een fir e Staubsauger no 12 Méint keng Ersatzstécker méi kritt? Misst net eng Firma, déi esou e Schrott op de Maart bréngt, dozou verflicht sinn, fir déi Stécker fir wéinstens 5 Joer op Stock ze halen? Dat kascht d’Gesellschaft zwar eng Staang Geld, ma géif verhënneren, datt de Bierger reegelméisseg muss nei Wuer kafen.

Well, dorëms geet et an ëm sos näischt. Dat hunn ech längstens verstanen, krut just där Deeg e fatzege Rappell dovunner. Géingen all d’Kaffismaschinnen esou laang halen ewéi déi éischt Wigomat déi an de 50-ger a 60-ger Joer op de Marché koum, an déi verschidde Produzenten géingen wirtschaftlech ëmfalen ewéi e Kaartespill. Haut hält esou eng Maschinn tëscht 3 a 6 Joer. D’Wirtschaft muss  schliisslech dréien!

Eisen éischte Frigidär am Elterenhaus  war ee Kelvinator. No 25 Joer war d’Schlass futti. Ech hat deemools d’Vertriedung zu Bréissel ugeschriwwen a krut zu menger Verwonnerung zwou Wochen drop en Neit! Dat ass sech an eiser ablacklecher Konsumgesellschaft net méi virzestellen! I want it all, and I want it now! Mä awer ëmmer schéi brav an de Recycling-Container goen, dee jo och näischt aneschters ass ewéi eng zousätzlech Industrie! Houfereg hale mir eis gefëllte Këschten a Säck an d’Luucht ewéi eng Mostranz.

“…Ass dee laisser-aller vun der Politik gewollt, oder huet d’Politik näischt méi ze soen an der Ekonomie?…”

Beispill: Plastik! Reegelméisseg gesäit ee Biller op der Televisioun, wou massiv Plastikdreck um Waasser vun de Mirer schwëmmt, wou eng Zoppeschildkröt sech am Plastik verheddert huet an e miserabelen Doud gestuerwen ass. Da kënnt dat schlecht Gewëssen bei eis op. De Plastik muss fort! Dacks just Exhibitionismus vun eiser Hypokrisie.

Photo by Tom Fisk: https://www.pexels.com/photo/drone-shot-of-landfill-3186574/

Mir Lëtzebuerger weisen gären drop hin, datt bei eis d’Plastikstuten scho laang net méi gratis ze kréie sinn an datt doduercher d’Benotzen vu Plastik ofgeholl huet. Si mir eis wierklech net bewosst, datt dat nëmmen eng Drëps op de waarme Steen ass? Dem däitsche Professer David Laner no ginn op dës Manéier knapp 1,6 Prozent vum Plastikkonsum vun engem Stot agespuert. 1,6 Prozent!! Lächerlech! An iergendwéi wësse mir dat, ma loossen eis am Guttdenken net aus der Rou bréngen.

De Lëtzebuerger verbraucht 100 Kilo Plastik d’Joer. Minus 1,6% = 1,6 Kg, also nach ëmmer 98,4 Kg

All Joer ginn ronn 400 Milliounen Tonne Plastik produzéiert. 31 Prozent dovunner ginn als Verpackung verbraucht (Pioneer) a lande schonn no Minutten an der Poubelle, respektiv op der Strooss…oder am Mier; spéider, als Minipartikel am Fësch an dann am Mënschekierper. All dat wësse mir, sinn awer net bereet, op de Plastik ze verzichten. A mam Recycléieren vum Plastik léisst sech vill Geld verdéngen, besonnesch am illegale Recycléieren: eisen Offall kënnt an d’Ausland, dacks op Mülldeponieen ouni Autorisatioun. Dës Zort Schwaarzmaart huet e cash flow vun 13,5 Milliarden d’Joer!

Dat alles wëssen d’Politiker an och déi Gréng déi bekanntlech alles besser wëssen. Ma ënnerholl gëtt séier wéineg, national Gesetzer oder europäesch Direktiven kommen ewéi mam Drëpsenzieler. De Plastik ass dout, vive de Plastik! An d’Politik huet resignéiert, léisst weider produzéieren a setzt alles op eise gudde Wëllen oder éischter op eist schlecht Gewëssen!

Wéi heescht et esou schéin op let’s make it happen: Luxemburg will die Abfallproduktion landesweit drastisch reduzieren. Um dieses Ziel zu erreichen wurde ein Strategieplan ausgearbeitet. Die Strategie beruht auf dem Prinzip der Kreislaufwirtschaft. Da lass! Et hält keen Iech dovunner of! Oder ass dat och nees just Täterätätä?

Ech denken reegelméisseg do drunn, all Kéiers wann ech mam Fritzi duerch Kichen a Stuff jauwen. Ah!Jo! De Fritzi ass mäin neie Stëbssuckeler. Hoffentlech mat enger Liewensdauer vu méi ewéi 6 Wochen. A wann net, och net schlëmm: an d’Poubelle an huerteg en Neien, fir e gudden Zweck, fir de PIB…

 

 

 

Related posts

3 Comments

  1. Marc Rauchs

    Probeier mol deng futtis Apparater an en REPAIR CAFE ze brengen.

    1. Guy Kaiser

      Natierlech hunn ech och dorunner geduecht. Ma hei goung ech dach mol an dat Geschäft, wou ech d’Staubsauger etc kaaf hunn a wou ech och nach eng Garantie drop hat

  2. Peiffer Guy.

    Ech brauch emol net alles ze liesen a ka maddeelen dass politik schon ganz ganz lang neicht mei ze soen hut, lol.n

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *