Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Regierung fält, si fält net, si fält,…. 

D’Regierung fält, si fält net, si fält,….
Image par Gerd Altmann de Pixabay

D’Regierung huet zwou Saache fäerdeg bruecht. Engersäits konnt si dem leschte Politmonitor no net sonnerlech vill vun hirer wierklech net schlechter Pandemiegestioun profitéieren, d’Sozialisten hunn esouguer trotz dem Paulette 2 Prozent verluer. Anerersäits ass si am gaangen hire Reschtkredit beim Vollek drop ze maachen. Wann een mat de Leit an d’Gespréich kënnt, dann héiert een eraus, datt de Staatsminister an d’Familljeministesch dobäi als Haaptschëlleg gesi ginn.

De Xavier Bettel hat sech mam Corona-Virus ugestach a koum an d’Klinik. E groussen Deel vun der Populatioun hat Matleed mat him.

gouvernement.lu

Dat Gefill huet awer séier nogelooss, wéi bis duerchgesickert war, datt sech de Premier warscheinlech an engem Nuetslokal ugestach hat. Do soen déi eng: jiddereen kann a senger Fräizäit maachen a loossen, wat hie wëll. Anerer, an net déi wéinegst mengen allerdéngs, e Strip-Lokal géing sech net fir e Staatsminister passen!

A scho guer net, wann een iwwer Méint sengem Vollek de Saz antriichtert: bleif doheem! Schütz dech an déi aner, déi d’Mask un! Jiddereen ass Deel vun der Léisung, déi eng just e bësselche méi ewéi déi aner, gell? An elo gëtt mat him den Uz gedriwwen, vum Mann vun der Strooss, vum Vollek op facebook. De Spunnes dreiwen, iwwert en anere laachen, bekanntlech eng Erfindung vum Däiwel!

Op d’Leeschtung vun der Madamm Cahen brauch een net detailléiert anzegoen. 29 Deputéierten hunn hier Demissioun verlaangt. Well si daf ass op deem Ouer – an also keng Froen vun hire “Kolleegen” matkrut-, huet si de Sëtzungssall verlooss. Vorwärts! Wir fliehen! Ass et wierklech couragéiert als Regierungsmember op enger Pressekonferenz an net am Plenum op d’Oppositioun anzeschloen? Et ass éischter en Zeechen vu Feigheet an et ass och nach domm!

Der Madamm Cahen ass et nämlech gelongen, mat engem Schlag – wéi das tapfere Schneiderlein- déi gesamt groussherzoglech Press géint sech ze riichten.

image credits: gouvernement.lu

An esou ass domadder ze rechnen, datt si an den nächste Méint vun enger Partie Journalisten net wäert  mat Händschen ugepak ginn, datt si hiren äusserst ondemokratesche Geste nach méi wéi eng Kéier ënner d’Nues geriwwe kritt. Dobäi ass d’Madamm net nëmme Ministesch, ma och DP-Parteipresidentin!

De Marc Schlammes schreift am Wort vum 24. Juli: “Statt nochmals im Plenum zu sprechen- es gibt durchaus noch Redebedarf- tritt Corinne Cahen lieber vor die Presse und dort gegen die Opposition nach. (…) Der Faux-pas bleibt für sie folgenlos. Zum einen, weil der Premier seine Kapitänsrolle nicht wahrnimmt….” Äusserst kritesch Téin, déi een sech roueg méi dacks wënsche kéint.

Datt zu dësem Ablack op eng Steierreform verzicht gëtt, ass politesch am Kontext vun der Pandemie nozevollzéien. Schued awer! Fir d’Vollek, fir d’Betriber, fir Gambia II. Et wär eng Zort Filet’s-Büfdeck gewiescht. D’Steieren wiere jo mat Sécherheet net no uewen, ma no ënnen ugepasst ginn, an anere Wieder, et hätten sech vill Wahstëmmen fänke gelooss. De JCJ huet et iwwregens net aneschters gemaach.

D’Regierung muss also op hiert Paradestéck verzichten. Kënnt ieren als Alternativ eng Spekulatiounssteier? Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn? A wéi ass et mat där Corona-Steier, déi den Dan Kersch an d’Gespréich bruecht hat an déi grad esou séier vum Pierre Gramegna ënner den Teppech gekiert gouf? Op welleche Punkten sinn sech déi dräi Regierungsparteien iwwerhaapt eens, fir souzesoen d’Kanéngchen aus dem Zylinder ze zauberen?

E Land regéieren, dat kann op Zäit ganz schéin schlauchen. Derbäi koum d’Pandemie, déi eis nach wäit bis an dat anert Joer erhale bleift. Esou ass et dann ze verstoen, datt bei deem engen oder aneren Majoritéitsvertrieder d’Nerve blank leien. Defaitisten – Realisten?- ginn elo schonn dovunner aus, datt a knapp 30 Méint nees déi Konservativ wäerten eng Roll matspillen. Ob dat gutt ass, steet op engem anere Blat.

Atmosphäresch weisen esou Aussoen, datt d’Läpper hänke gelooss ginn. Oder fir nach emol de Marc Schlammes a sengem Editorial ze zitéieren: “Grüne, Liberale und Sozialisten regieren bloss nach dem Prinzip ‘ Mehrheit ist Mehrheit und bestätigen immerzu den Eindruck, dass ihr einziger Berührungspunkt numerischer Natur ist. Der inhaltlichen Auseinandersetzung wird aus dem Weg gegangen – Beispiel Steuerreform-, weil der Austausch von Argumenten das knappe Mehrheitsverhältnis ins Wanken bringen kann.”

Dat war eigentlech schonn ëmmer esou mat Gambia, huet sech allerdéngs am Laf vun de Joer zougespëtzt. Persounen wéi Etienne Schneider a Felix Braz hunn d’Regierung verlooss, grad si awer ware wichteg fir den Zesummenhalt vun der Ekipp. Am Laf vun de Joer och sinn d’Oppositiounsparteien ëmmer besser mat hirer Roll eens ginn, schläifen a schleefen d’Minister, maachen den Deputéierten vun der Majoritéit d’Liewe sauer an de Parlamentskommissiounen.

D’Regierung huet nach en déckt Joer wou si ka Politik maachen, duerno fänkt déi inoffiziell Wahlcampagne un. E Joer politesche Stëllstand oder dach e Joer kontrovers Ausernanersetzungen? E Joer Husarenritt fir couragéiert Decisiounen fir an d’Zukunft oder éischter eine kleine Nachtmusik? Et wier gutt fir d’Land, wann d’Dräierkoalitioun sech nach eemol géing zesumme geraaft kréien. Fir sech net HAUT schonn der Kritik auszesetzen: Gambia, dat war GËSCHTER¨

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *