Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

An der Politik gëtt no Alpha-Déiere gesicht! 

An der Politik gëtt no Alpha-Déiere gesicht!
Image parWaldo Miguez de Pixabay

wat ass fir e Politiker méi wichteg? Datt hie beim Wieler sympathesch eriwwer kënnt oder éischter kompetent? Aentwert: natiirlech si béid Facteuren wichteg, fir datt d’Chance klëmmt, gewielt ze ginn. Wat awer RTL an d’Lëtzebuerger Wort zanter e puer Joer maachen, -nämlech aus Sympathie- a Kompetenzwäerter eng Moyenne ze huelen-, ass net déi ganz richteg Rechnung! Kloer goufen a ginn et Politiker, déi sech stëmmeméisseg kënnen iwwer Waasser halen, well si gutt eriwwerkommen, well si net iwwel ausgesinn, e léiwt Laachen kënnen op Wahlplakater ervir zauberen, ma dat gëllt gréisstendeels fir Politiker aus der zweeter oder aus der drëtter Rei, déi summa summarum natiirlech net onwichteg sinn fir d’Gesamtresultat vun enger Lëscht. Mä et sinn net dës Kandidaten, déi d’Haaptaffiche vun enger Partei ausmaachen! Eng Lëscht besteet jo net aus Sympathie, dofir awer aus Kompetenzen!

Image parmohamed Hassan de Pixabay

Huele mir d’Beispill vum Finanzminister: de Pierre Gramegna kënnt net richteg unn bei de Leit, mat engem Sympathewäert vu 40; dofir gëtt seng Kompetenz matt 65 Ponkten héich ageschaat an de Mann gëtt och deementspriechend gewielt, matt 18.400 Stëmmen d’Nummer 1 bei der DP am Süden. Fir d’Galliounsfiguren gëllt d’Formel: Kompetenz viru Sympathie! Beschte Beispill mam Etienne Schneider, deen net esou beléiwt ass bei de Leit, ma deen op 68 Ponkte Kompetenz kënnt. Am Lukrativsten ass et natiirlech, wa bei engem Kandidat déi zwee Wäerter héich leien, esou wéi dat de Fall ass bei den Hären Asselborn a Bettel. Wa mir also dervunner ausginn, datt eng Partei hir Kompetenzen an d’Vitrine stellt, da komme ganz aner Resultater eraus wéi déi, déi am Politmonitor zesumme gerechent ginn: Schneider a Gramegna réckelen ëm zwou Plazen no vir, e Felix Eischen verléiert eng Partie Plazen am Klassement, e Corinne Cahen (virun der Geschicht AirBnB) klëmmt etc.

et stellen sech awer nach aner Froen, déi fir déi direkt Zukunft an déi fir déi nächst Wahlen. Bei der CSV zum Beispill feelt et den Ament un engem natiirleche Leader:

Image parLadyLioness de Pixabay

d’Martine Hansen läit 7 Plazen hanner dem Claude Wiseler, dobäi misst et ëmgedréit sinn; de Frank Engel läit u 25. Plaz, äehnlech Probleemer huet de Franz Fayot bei der LSAP, an och bei deenen zwee grénge Parteipräsidentinn/en Christian Kmiotek an Djuna Bernard ass nach vill Loft no uewen. Bei all de Parteien – ausser der DP mam Bonus vum Staatsminister- feelt déi grouss Perséinlechkeet, en Alpha-Déier, egal op männlech oder weiblech: déi Persoun däerf sympathesch sinn, muss awer net; par contre soll se kompetent genuch sinn, fir eng Partei a grouss Deeler aus der Populatioun ze iwwerzeegen an ze begeeschteren. All d’Parteien si wäit ewech vun engem Phänomen “Junckermania” aus Tubakszäiten!

image credits: Wikipedia

An derbäi kënnt, datt eng Partie “Aler” sech zeréckzéien: den Etienne Schneider wahrscheinlech am Februar, duerno den Alex Bodry; de Jean Asselborn , sollt hien a 4 Joer nach emol kandidéieren, hätt 74 Joer, de Mars di Bartolomeo kéim op 71- a grad si zwee hu bei de leschte Chamberwahlen am Süden iwwer 67.000 Stëmme bedeit! Bei der ADR zitt sech de Gast Gibéryen selwer aus der course- le moment venu. Bei deene Gréngen wollt de François Bausch net méi untrieden, huet sech dat awer nach emol duerch de Kapp goe gelooss, wahrscheinlech, well hie sech virgeholl huet, d’Partei aus der Kriis eraus ze féieren; grad am Süden wäert et schwiereg ginn, wou de Felix Braz politesch e grousst Lach hannerléisst a wou de Roberto Traversini als Zweetgewielten huet mussen politesch ënnerdauchen -och si 2 bedeiten iwwer 44.000 Stëmmen, déi net esou liicht opzefänke sinn. Fazit: d’demokratesch Partei ka geloossen an d’Zukunft kucken a sollt et déi nächste Kéier zu enger Koalitioun kommen tëscht de Schwaarzen an de Bloen, da misst d’CSV eng éischte Kéier de Rullo iwwerhuelen als Juniorpartner!

De renouveau politique mécht sech also ganz vum selwen, an nawell, mat vill Utsch a Wéi!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *