Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

E Polizist, e Gängster an all déi aner 

E Polizist, e Gängster an all déi aner
Image par Clker-Free-Vector-Images de Pixabay

ePolizist erschéisst zu Ettelbréck e Gängster! Am Géigesaz zum Ausland ass dat zu Lëtzebuerg e raren Tëschefall. Glécklecherweis. Ma hie gëtt hefteg kommentéiert op verschiddenen Online-Zeitungssäiten, virun allem op de soziale Medien wéi facebook. Dobäi loossen sech zwee Clanen erausschielen: déi eng – an et sinn déi meescht- stinn hannert dem Polizist, déi aner sinn der Meenung, de Mann an Uniform hätt dem Gängster kënnen an d’Bee schéissen – also just liicht blesséieren- , a Verschiddener ënnerstellen him Rassismus!

Dëse Samschdeg soll dofir eng Manifestatioun sinn um Knuedler. No justice, no peace, No racist Police schreift do een. Staarken Tubak! Hefteg ëffentlech Uklo! Aus dem Täter gëtt d’Affer. Den Uniforméierten hätt liichtfankeg gehandelt an de Gängster erschoss, well deen reng zoufälleg eng aner Hautfaarf hat. Mat esou engem Opruff ass de Polizist scho mol fir schëlleg erkläert, de ganze Corps ënner General-Verdacht gestallt.

Dobäi kéint et duerchaus sinn, datt dee Mann vun der Police grand-ducale manner Respekt huet vis-à-vis vun Auslänner ewéi viru Stack-Lëtzebuerger. Soll een fir esou eng Verdächtegung net awer mol d’Resultat vun der Enquête ofwaarden? Et wäerte jo laang Gespréicher mat him gefuert gin. Misste mir net esou vill Gedold opbrénge kënnen? Ah! Neen! Zu Lëtzebuerg gëtt alles ënnert den Teppech gekiert. Sorry, dat hat ech komplett vergiess!

ouni Zweiwel! Et wier besser gewiescht, de Polizist hätt dee Mann just liicht ugeschoss. Eng Neutralisatioun light souzesoen, ouni Konsequenzen op Liewen an Doud. A mir fillen eis- doheem an der waarmer Stuff- beruff, dat richteg anzeschätzen a behapten, de Mann mam Messer hätt d’Police just menacéiert, net awer reegelrecht ugegraff. Dobäi loosse mir de Gedanke falen, datt et esou normal net ass, mat engem Messer op e Polizist lasszegoen! Ech hoffen allemol, den Tëschefall mécht keng Schoul.

D’Fransousen benotzen dacks fir d’Messer den Term vun arme blanche an ënnersträichen domadder, datt et sech tatsächlech ëm eng Waff kann handelen, woubäi natierlech en Ënnerscheed ze maachen ass tëscht engem Knäipchen an engem Rambo-Messer- obwuel, déidlech kënnen se allebéid sinn! Et war also um Polizist festzestellen, matt engem kräftege Schotz Adrenalin auszewäerten, ob dee rosene Mann mat him Kaz a Maus wollt spillen oder ob hien et eescht gemengt huet, verbonne mat der Fro: schéissen oder net schéissen?

War seng Decisioun déi richteg? Goung et him drëm, d’Liewen vu sengem Aarbechtskolleeg an och säin eegent ze schützen? Dat erauszefannen ass d’Missioun vun der Enquête, déi hoffentlech séier zu Konklusioune kënnt. Well dat, wat den Ament um Internet ofgeet, erënnert (och) u Cowboy’s-Mentalitéit. Do schreift sech zum Beispill eng Persoun op facebook an den Äifer: Ech fannen , datt mir hei net am Texas sinn wou mir einfach wéi wëll duerch d’Landschaft balleren.(…) Mir brauchen Policebeamten déi déeskaléieren an net de Rambo spillen. Hoffen, de Beamten gëtt vum Déngscht suspendéiert an duerno an den Innendéngscht versat…

“…ech kommentéiere villes, besonnesch aus der Politik, fille mech hei awer iwwerfuerdert…!”

Ech sinn net bekannt dofir, e Geck an Uniforme gefriess ze hunn. E Staat brauch nun awer eng Police. Aus dem Tëschefall zu Ettelbréck halen ech zeréck, datt de Polizist sech op kee Fall dramatesch donieft beholl huet: een eenzege Schoss, mat virdrun der néideger Virwarnung a wéi de Mann schwéier blesséiert um Buedem loung, gouf sech direkt ëm hie gekëmmert. De Rescht, dat heescht déi professionnel Interpretatioun vu senger Aktioun waarden ech of.

E Polizist ass och nëmmen e Mënsch, net méi an och net manner. Da loosse mir grad esou fir hien d’présomption d’innocence gëllen, esou laang, bis de Géigendeel bewisen ass. De Mann elo schonn verbal ze lynchen, ass onwierdeg. An egal ob flic oder Polizist, den Doud vum Gängster huet elo schonn säi Liewen komplett verännert….

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *