Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Justiz

Frank Schneider: bieden a biedelen bleift beim Staatsminister eidele Rousekranz 

Frank Schneider: bieden a biedelen bleift beim Staatsminister eidele Rousekranz
marc Thoma

An der Causa Frank Schneider deet sech eppes. Op d’mannst ass de Sujet op der place publique ukomm, eng Petitioun ass um prozedurale Wee an den ADR huet eng parlamentaresch Fro un den zoustännege Minister, nämlech un de Staatsminister gestalt. Deen huet quasi iwwer Nuecht geäntwert. Hei d’Fro vun den Deputéierten Fernand Kartheiser a Fred Keup:

gkonline

 

D’Äntwert koum de Moien als éischt  via RTL. De Staatsminister léisst wëssen, datt hien keng legal Méiglechkeeten hätt, fir do beim Elysée ze intervenéieren..

De Premierminister an déi Lëtzebuerger Regierung hu keng legal Méiglechkeet, fir selwer d’Ausliwwerung vun engem Lëtzebuergesche Bierger ze verhënneren, dee sech net op Lëtzebuergeschem Territoire befënnt. An dësem Fall ass et déi Franséisch Regierung, déi eng souverän Decisioun hëlt, op déi concernéiert Persoun ausgeliwwert gëtt oder net. Dës Decisioun ka virun den zoustännege Jurisdictiounen an a leschter Instanz virum Conseil d’État, der ieweschter administrativer Jurisdictioun a Frankräich, attackéiert ginn. Dës Jurisdictioune kontrolléieren, ob all d’rechtsstaatlech Garantien an dat entspriechend Ausliwwerungsofkommes respektéiert ginn. D’Lëtzebuerger Regierung stellt dës Prozedur net a Fro a respektéiert de Franséische Rechtsstaat, a wäert deemno net intervenéieren.

Dobäi hat den Här Schneider sech nach virun 10 Deeg un de Staatsminister schrëftlech adresséiert, fir ebe grad ëm déi Hëllef ze biedelen. Eng Äntwert krut hien net, sou datt hien de Bréif eng zweete Kéier fortgeschéckt huet, déi Kéier mat Copie un d’Press:

Här Staatsminister,

Ech hunn Iech den 21 Oktober 2022 e Message zoukomme gelooss deen ech Iech hei nach emol schécken. Dir waart beschäftegt an hat wuel keng Zäit bis elo fir meng Demande un Iech ze consideréieren. Villäicht hutt Dir och de Message net kritt. Well meng Affär net nëmmen dramatesch ma och urgent ass schécken ech Iech de Message nach emol. Am Annex fannt Dir och en kuerzen Resumé vu der Affär.  Ech hunn Äre Cabinet, Är Stellvertrieder an generell d’politesch Acteuren am Land a Kopie gesat esou wéi d’Redaktiounen vun den Medien a meng Lëtzebuerger Affekotin.  Dat ass net aus Mangel vu Respekt ma ergëtt sech reng aus der Noutsituatioun eraus an der Meng Famill an ech haut sinn.  Ech si sécher Dir verstitt mech.

Mat Respekt a beschte Gréiss,

Frank Schneider

Message vum 21. Oktober:
Här Staatsminister

Ech brauch Är Hëllef an ech muss Iech dat hei schreiwen fir di Hëllef ze froen. Et gëtt vill iwwer mech geschwat am Moment, an der Ëffentlechkeet, ënnert Politiker, an de sozialen a manner sozialen Medien, a staatlechen Servicer an ënner Beamten. De Faite ass dass ech bei dem ganzen net richteg zu Wuert kommen a vill vun deenen Diskussiounen einfach falsch sinn oder falsch interpretéiert ginn.

Meng Positioun ass ganz einfach a wesentlech méi buedemstänneg: De Parquet zu Lëtzebuerg huet versot an net dat gemaach wat hätt kéinte gemaach gin, wat dem europäeschen Recht géif entspriechen a wat Frankräich proposéiert hat. Well dat esou ass brauch ech als Papp vun dréi Kanner, als Mann vu menger Fra, also meng Lëtzebuerger Famill Är Hëllef. Ouni dës ass dat mat der Famill eriwwer.

Ech kann net an Amerika goen aus ganz einfachen Grënn:

1. Ech sinn net schëlleg. Als Affekot verstitt Dir sécher dass den amerikaneschen Rechtssystem mir et net erméiglecht dës Onschold ze beweisen. Ech hunn di 6-8 Milliounen Dollar net fir eng Défence ze finanzéieren di eng kleng Chance hätt ze reusséieren. Dofir bleift fir mech nëmmen d’Optioun vum Plaidé Coupable. Här Staatsminister, ech géif alles fir meng Famill maachen, absolutt alles, ma als Mënsch kann ech mech net fir eppes schëlleg bekennen wou ech keng Schold hunn. Dat geet net. Dat kann net vu mir verlaangt ginn, vu kengem Mënsch.

2. Ech sinn Lëtzebuerger, meng Fra a Kanner sinn Lëtzebuerger, an der Staat ugemellt, ginn an der Staat an d’Schoul an op d’Aarbecht. Éisst Land liwwert seng Staatsbierger net un Drëttstaaten aus, aus genau deenen Grënn di ech grad beschriwwen hunn. Frankräich liwwert seng Leit och net aus. A wéi enger Logik ass et ze akzeptéieren dass duerch e vide juridique Amerika esou einfach dës Prinzippien vu nationaler Souveränitéit kennen ëmgoen mam einfachen waarden dass de Sujet sech op der falscher Séit vun der Grenz befënnt.

3. Ech sinn Ären fréieren Operatiounschef vun Ärem Geheimdéngscht. Sécher kann dat mir kéng Narrenfréiheet ginn. Ma ech war en Deel vun deem souveräänsten wat éisst Land huet an wat d’fundamental Intressen vum Land schützt. Contrairement zum Image post-Srel Affär war dat esou. Ech hunn fir méin Land geschafft an dat gemaach wat zu dem Zäitpunkt néideg war mat all de Geforen a Risiken. Här Staatsminister, stellt Iech den Inverse fir: Méin fréieren Homologe vun der DGSE géif op eng Ausliwwerungsdemande vun Amerika zu Lëtzebuerg an der selwechter Situatioun setzen. Frankräich géif di Persoun ni ausliwweren loossen. Dat wier keng Optioun, onofhängeg vun de Personnagen em déi et géif goen.

D’Gesetz mëscht mech e Liewen laang zum Geheimnisträger, net nëmmen vun Lëtzebuerger Informatiounen ma och vun deenen vun aneren Natiounen a Servicer mat deenen ech geschafft hunn. Als Natioun si mir hei sécher voll a ganz an der Staatsraisong. Dës ass natierlech net vu mir ze definéieren ma nëmmen an exklusiv vun Iech Här Staatsminister.
Méin Dossier ass elo e puer Wochen virun der Signature vum Décré d’Extratition vun Ärer Homologin der Madamm Borne. Vu mengen Sourcen weess ech dass op d’Interventioun vu Lëtzebuerg gewaart gëtt an dass Frankräich d’fundamental national Interessen vun eisem Land hei ganz sécher berécksiichtege géifen wann dat vun Iech géif gefrot ginn. D’Madamm Borne ass absolut net un d’Resultat vun der procédure de justice a mengem Fall gebonnen ma am Géigendeel ass de franséischen Exekutiv souveräne hei ze entscheeden an géif dat och maachen.
Ech well op kee Fall mëssverstane ginn: Ech drécken mech net virun der Justiz. Ech sichen d’Justiz, awer eng an engem ziviliséierten Land mat deenen Reschter déi och deenen schlëmmsten Verbriecher zoustinn. Amerika kann hier Reprochen géint mech iwwer d’Lëtzebuerger Justiz virbréngen. Dofir ginn et och Traitéen.

Mäin Appelle, méin Bieden un Iech Här Staatsminister kennt net nëmmen aus enger desolater Situatioun ma och aus der Iwwerzeegung dass Dir mech verstitt. Ech brauch mäin Land, meng Famill an mir brauchen Iech.

Mat Respekt a léiwen Gréiss

Frank Schneider
Eng perséinlech Äntwert krut den Här Schneider bis de Moien net. Hie kann et jo an der Press liesen!
Ech ginn dovunner aus, datt de Staatsminister sech juristesch gutt berode gelooss huet, datt also seng Explikatiounen zur Causa Schneider richteg sinn. Ech perséinlech sinn net esou kéng, ze behaapten, ech wéisst et besser; dofir sinn ech juristesch net genuch kalléiert. An dach wonnert et mech, datt eng Partie Affekoten der Meenung sinn, datt just a grad d’Politik an där Affär kann den Toun uginn.
Déi ganz Regierung wëll awer net intervenéieren, de Premier soll jo mol gesot hunn: “…fir deen maachen ech kee Fanger kromm…”, an dat bedeit fir de Frank Schneider, datt hien wuel nach kleng juristesch Patroune ka schéissen, déi him awer näischt wäerten déngen, eigentlech just d’Saach an d’Längt zéien, bis d’Gendaarmen a sengem Doheem passéieren fir hien matzehuelen.
Dem fréiere SREL-Mënsch bleift Zäit bis maximal Chrëschtdag. Elo wou de Lëtzebuerger Premier sech aus der Course gezunn huet, wär et villäicht Zäit, dem franséische Staatspresident Macron ze schreiwen. Schueden kann et näischt, a mir waarden op d’Äntwert aus dem Elysée via RTL-Laangwell….
D’CSV wëll elo ganz dréngend mam Staatsminister an e Meenungsaustosch kommen a rifft hien an eng Chamberkommissioun:
Monsieur Fernand EtgenPrésident de la Chambre

des Députés

 

Luxembourg, le 4 novembre 2022

 

Concerne : Demande de convocation

 

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 23 (3) du Règlement de la Chambre des Députés, notre groupe politique souhaiterait voir convoquer d’urgence une réunion jointe de la Commission de la Justice et de la Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle en présence de Monsieur le Premier ministre.

Cette réunion aura trait à :

La demande d’extradition des autorités américaines concernant M. Frank Schneider et la procédure y afférente

Nous vous prions dès lors de bien vouloir transmettre la présente demande à Messieurs les Présidents des commissions concernées aux fins de convoquer ladite réunion à brève échéance et d’inviter conformément à l’article 23 (4) Monsieur le Premier ministre à ladite réunion jointe.

Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de notre très haute considération.

 

 

 

 

 

Gilles Roth

Co-Président du groupe politique CSV

 

 

 

Martine Hansen

Co-Présidente du groupe politique CSV

 

 

 

 

 

Laurent Mosar

Député

 

 

 

 

Léon Gloden

Député

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    De Premier a seng kollegen vun der gambia regierung verschanzen sech feig hannert e formal juristesch argument wat en soi reng formell korrekt ass fir neischt wellen op politeschem plang fir de Letzebuerger bierger Schneider ze machen,deen am ausland am “dreck” setzt.
    Dont acte.
    Meng conclusioun doraus…ni mei eng stemm fir eng vun denen 3 parteien vun der aktueller regierung bei jidder politescher wahl an zukunft and der hoffnung dass vill Letzebuerger dei selwecht conclusioun zeihen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *