Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

RTL-Tower contaminéiert! 

RTL-Tower contaminéiert!
Image par Alexandra_Koch de Pixabay

natiirlech ass net dee ganzen Tower vun RTL besat. Déi meeschte Stäck vum Gebai sinn entweder verkaf oder verlount, zum Beispill u Finanzgesellschaften. An esou wollt de Moien e Mann an aller Herrgottsfréi op säi Bureau. An der Receptioun wor deen Ament grad keen, ma de Mann hat säi Schlëssel derbäi a wor wéi gewinnt an de Lift geklommen. Wéi d’Dir um fënnefte Stack opgoung, huet hien net schlecht gestaunt: eng Rei “Marsmännercher” koumen him entgéint, mat der Fro “Wat maacht Dir dann hei”!? Et huet sech erausgestallt, datt dem Mann säi Stack vum Coronavirus kontamnéiert ass!

Den covd-19-Test war schonn um Mëttwoch Owend positiv ausgefall. Keen hat dem Mann Bescheed gesot, deen de Moien Heem geschéckt gouf. An esou goung et ville Mataarbechter vun deem Stack. Deen Här huet e bësselchen den Houscht, hält sech un d’Devise vun der Regierung, nëmmen net a Panik ze falen, an awer wëll hien sech als responsabele Bierger verhalen. Hien hëlt also den Telefon an de Grapp a rifft der Hotline unn. Gedold ass gefrot! No 20 Minutten kritt hien eng Persoun un d’Strëpp a kann seng Situatioun erklären. Hie muss erstaunt feststellen, datt keen op der Hotline au courant ass, datt e Stack um Kierchbierg contaminéiert ass!

De Mann explizéiert seng Situatioun a gëtt  zousätzlech ze bedenken, datt seng Madame eng “Autoimmun-Insuffizienz” huet. Wéi soll hien sech als conjoint behuelen? Soll hien -als eventuell Contaminéierten- nach heem goen oder net besser eng Rei Nuechten an engem Hotel verbréngen? Wéi grouss ass de Risk fir seng Fra? Op dës Froën konnt d’Persoun op der Hotline natiirlech keng Aentwert ginn, an esou wollt de Mann mat iergendengem Bureau vun der Santé verbonne ginn. Do par contre war d’Aentwert séier do: dee Bureau mécht um hallwer 9 op!

et erënnert een un Tchernobyl am Joer 86. Deemools blouf déi radioaktiv Wollek jo tatsächlech virun Diddenhuewen hänken a goung nees néier hannert der Aareler Knippchen. Et huet een d’Impressioun, datt zu Lëtzebuerg net iwwer de Virus diskutéiert gëtt, well een sech net dem Verdacht vu “Panik-Maachen” wëll aussetzen! Dobäi stellen sech awer Froen, grad wat meng Ex-Kolleegen vun RTL betrëfft. Dat neit Gebai ass “passiv”, also iergendwéi klimaneutral gebaut. Et gëtt also zu engem groussen Deel vu Loftëmwälzung gehëtzt!

D’Chamber gouf sech elo eng guide-line fir den Eeschtfall, och d’Gemeng Lëtzebuerg. Dat ass gutt esou! Well, wann et stëmmt wat Virologen an och Politiker esou soen, erwëscht de Virus 60 bis 70 Prozent vun eis. Wat mécht an deem Fall d’Redaktioun vu Radio Lëtzebuerg?!

wéi virun iwwer 25 Joer RTL d’Villa Louvigny verlooss huet fir op de Kierchbierg ze plënneren, gouf et am sous-sol e spezielle Studio: e richtege Bunker, radioaktiv-sécher. Dee war geduecht fir den Eeschtfall zu Cattenom an dee war geduecht, fir de Chefredakter. Aehnlech wéi de Schëffskapitän hätt deen als Leschten d’Gebai verlooss a bis zum Schluss d’Land informéiert gehal. Am Telefonsbuch stoung eng Zäit op enger spezieller Säit:”Lauschtert Radio Lëtzebuerg”. Deen Eeschtfall war allerdéngs net eng eenzeg Kéier duerch exercéiert ginn!

Anert Beispill: viru ronn 10 Joer hate mir kuerz virunn Chrëschtdaag massive Schnéi. Rien ne va plus op de Stroossen, eng ganz Partie Leit souzen fir 10 Stonnen an hirem Auto fest! Radio Lëtzebuerg huet säi Bescht gemaach, fir d’Infoën esou gutt wéi méiglech weiderzeginn, ma un responsabel Leit ze kommen, war bal eng Saach vun der Onméiglechkeet. E puer Deeg drop huet de Ministère bei mir ugeruff, fir mol de point ze maachen, wéi een et déi nächste Kéier kéint besser maachen. Ech hunn no méigleche Kontaktpersoune gefrot…an op eng Aentwert gewaard bis zu menger Pensioun.

Dat huet näischt mat CSV-Staat ze dinn oder mat Gambia, mä, mat eiser Mentalitéit: et wäert schonn net esou schlëmm kommen….an zugläich hunn d’Supermarché Probleemer, Nuddelen a Räis opzestocken!

Related posts

1 Comment

  1. Marc

    Genee!!
    Hun sou een ähnléche Fall!! Koum vum Ski fuhren erëm!
    Hat Schnapp. Wor an Regioun wou keen Corona wor. Italien koum de Corona wou ech 3 Deeg zeréck wor.
    Mein Dr soot, keng Panik, alles ok!
    Noo 1 Woch hat ech ëmmer nach de Schnapp, Féiwer. Papp koum an Spidol vir allgemeng Kontroll.
    Am Spidol hun ech gefroot! Äntwert, Nee, keng Panik, alles ok!
    Duecht mär, do wor dach eng 247-Nummer, Staat, vir de Corona! (do gouf et nach keng 8002)
    Dohinner telefonéiert, Büro zou. Rufft un Bürozäiten! (Ahh ob Corona daat och wees?!)

    Puer Deeg drop, nei Hotline, 8002. DOhinner dun ugeruff, “Dës Leitunge sin Zou”.
    Wor ech ze fréih? Wor dee Service nach nët am Schaffen?

    Du soot ech mär, wann ët keen interesséiert, … As nees typësch vir Lëtzebuerg!
    Awer alles viir eis aner Matbierger opmaan! Fräie Bus, Tram an Zuch! Mee déi aal Leit dinn mer sch*** mam Adapto! Rollator etc, Berliner Mauer zu Schëffléng, mee Leit wou schlecht zu Fouss kommen netmi an Duerf.
    Wou geht daat hin!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *