Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Politesch eng cocasse Situatioun fir d’Regierung! 

Politesch eng cocasse Situatioun fir d’Regierung!
image credits: pixabay.com

 

den Eugène Berger huet bekanntlech gesondheetlech Probleemer. Hie läit op der Intensivstatioun! Méi ass doriwwer net ze soen, aus Respekt virun der Privatsphäre vun deem Mann a vu senger Familljen. De Berger ass Fraktiounschef vun der demokratescher Partei, also politesch net där mannster een. De Mann ass allerdéngs virun allem Deputéierten, an hie feelt elo, mat senger Erfahrung, sengem politesche Wëssen, ma virun allem feelt hien an der Majoritéit vun der ablacklecher Dräierkoalitioun. Dat heescht, bei engem Vote kéim et nach héchstens zu engem 30 : 29 Resultat. Den Här Berger kann allerdéngs och per procuration stëmme loossen, soudatt eng Majoritéit awer nach garantéiert wär. D’Oppositioun kéint sech et allerdéngs einfach maachen: virum Vote de Plenum verloossen, also mol guer net géint e Projet stëmmen, ma d’Majoritéit sech selwer iwwerloossen, déi keng Majoritéit méi zustaane kréich, well deen Ament gëtt no der physescher Präsenz am Plenum gekuckt!

Mënschlech ass dem Eugène Berger ze wënschen, datt et him huerteg besser geet. Et stellt sech d’Fro, wéi laang datt et dauert, bis Regierungsmemberen un d’Oppositioun eruntrieden, fir ze froen, aus deem gesondheetleche Malaise net wolle mordicus politescht Kapital ze schloen- ëmmerhinn si schonn dës Woch Sëtzungen am Plenum! Esou wéi ech d’Parteien aschätzen, wäerten se doropper eng Zouso kréien,an dat geet och mat Sécherheet e puer Woche gutt, ma wéi ass et an zwee Méint, wann bis dohinner den Eugène Berger nach ëmmer am Koma sollt leien? Iergendwann misst jo och nees Politik gemaach ginn…

 

Ronn 10 Stonnen no der Publikatioun vun dësem Text koum d’Noriicht, datt den Eugène Berger gestuerwen ass. Mam Doud muss zwar ëmmer gerechent ginn, an heiandsdo sinn eis Erwaardungen an d’Medezinn ze héich. Mam Här Berger hat ech just e puermol berufflech ze dinn; hie war ëmmer e respektvolle Gespréichspartner. Senger Famill mäin häerzlecht Bäileed.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *