Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Police an enger Kris? 

D’Police an enger Kris?
police.lu

An der Police ramouert et gewalteg! Den Ausléiser: d’Evenementer am Kommissariat op der stater Gare. Ma schonn virdrun hunn d’Lompe gestonk, well de Corps vun der Police grand-ducale sech vu Politik a Justiz am Reen stoe gelooss gesäit. Wat mécht et nach e Sënn, iergendeen Onéierlechen festzehuelen, dobäi riskéieren, selwer d’Nues gebrach ze kréien, wann ee weess, datt schonn den Dag drop déi nämmlecht Persoun op fräie Fouss gesat gëtt?! Dat krut ech och vu Geschäftsleit méi ewéi eng Kéier confirméiert.

Deen, deen den Dag “x” sech eng Box geklaut huet, gëtt vun der Police matgeholl a kënnt den Dag “x + 1” zeréck fir sech d’Hiem ze huelen. Ma dat ass nëmmen eent vun de Beispiller wou d’Police net méi richteg weess, wouranner hir Aarbecht besteet.

wikipedia.org

Derbäi kënnt massiven Drock mat ëmmer méi Aufgaben. Virun allem ass et wuel d’Gefill, an där ganzer Bronx vu Justiz an IGP méi kujenéiert ze ginn ewéi déi Kriminell!

Et geet hei net drëm déi Uniforméiert alleguerten als brav Scheewercher duerzestellen, et geet drëm, dem allgemengen Malaise am Corps vun der Police e Stéck méi no op d’Spuer ze kommen.

Wat d’Geschicht aus dem Garer Kommissariat betrëfft: 4 Polizisten sinn verhaft ginn a sëtze schonn iwwer e Mount an Untersuchungshaft. Dobäi huet deejéinegen, deen d’Affer gebeetscht huet, direkt säi mea culpa gemaach. Et wär ee Feeler gewiescht an et géing him Leed doen. Wat wëll ee méi? De betraffene Polizist huet alles zouginn a sech entschëllegt! Jee nodeem kënnt en Disziplinarverfaren op hien duer, a sollt hien e Raudi sinn, dee sech schonn virdrun déi eng oder aner Kéier vergiess hat, da wär et ubruecht, hien net méi op d’Leit lass ze loossen, ma hannert de Büro ze setzen.

Méi e schlëmme Virworf ass, datt Drock op een nach jonke Beamten gemaach gi wier, fir de Rapport ze maquilléieren, d’Evenementer um Kommissariat erofzespillen, eng Zort Blanchiment. Et war villäicht net glécklech, esou e jonke Beamten gläich am Garer Quartier schaffen ze loossen, wou et heescht, dee Kommissariat hätt besonnesch haart Spillreegelen -je nodeem ofhängeg vun enger spezieller Clientèle. Grad op deem Punkt kéint een d’U-Haft rechtfäerdegen, fir datt déi 4 sech net kéinten ofschwätzen. Bossegerweis ass et awer esou, datt si sech an der U-Haft am nämmlechte Block all Dag kënne gesinn, mateneen poteren an zweemol d’Woch Sport maachen.

Fluchtgefor besteet op alle Fall keng. Firwat also mussen déi 4 esou laang sëtzen? Engem vun dese Polizisten seng Tatta ass um Donneschdeg begruewe ginn; et gouf him refuséiert mat Begleedung op d’Begriefnes ze goen. Ass dat nach rationell oder net éischter béiswëlleg? Wat dee jonken Beamten betrëfft, esou soll deen ënner de Prabbeli vum Whistleblower-Gesetz gestalt ginn.

“..e weidere Polizisten ass suspendéiert!…”

Déi Véier aus dem Garer Kommissariat hu mussen hiren Handy ofginn. D’IGP huet op engem vun den Apparater SMS’en fonnt wouranner Rieds goung vu Marihuana a vun “Jointen”. Bei zwee Polizisten – déi näischt mat der Affär mam Capverdianer ze dinn hunn-gouf doheem perquisitionéiert an et gouf tatsächlech e bësselchen Cannabis-Gegrimmels fonnt: bei deem engen Beamten 14 Gramm, bei deem aneren 40. Wat net derjomer ass! Besonnesch wann ee bedenkt, datt jidder Bierger neierdéngs kann doheem 4 Cannabis-Planzen halen déi pro Karschnatz kënnen bis zu 300 Gramm erabréngen.

essentiel.lu

Ganz dovunner ofgesinn, datt den Eegekonsum schonn méi laang net méi strofrechtlech verfollegt gëtt. Ee vun deenen Zwee huet ausgesot, datt an der Familljen eng Persoun wéinst enger Krankheet op de Cannabis zeréckgräift an datt hie selwer vun Zäit zu Zäit géing en Joint mat flutschen. Deen aneren (mat 40 Gramm) hat deem engen oder anere Kolleeg tatsächlech e bësselchen Marihuana matbruecht, anscheinend zum Akafspräis a mir schwätzen hei jo vun engem Kraitchen, dat vun der Regierung legaliséiert gouf. Net vun Koks! An och net vun Drogenhandel! D’Enquête leeft weider a bis dohinner ass ee vun deenen zwee suspendéiert; deen aneren huet sech eng Suspendéierung net bidde gelooss a frot eng Entrevue mam Minister.

Ech hale fest:

4 Polizisten sinn verhaft a sëtzen zanter 5 Wochen an U-Haft.

5 Polizisten hu sech krank gemellt.

4 Polizisten hu provisoresch hir Déngschtwaff ofginn, well si psychiatresch Hëllef bräichten. Wat si ugeet, kréien ech gesot, si wieren um Punkt gewiescht, versat ze ginn.

1 Polizist ass suspendéiert!

Mir si gebieden, dës Situatioun wannechgelift  als normal ze betruechten. An d’Police ass gebieden, dat Bild vu sech an der Ëffentlechkeet ze acceptéieren! Dat mécht si awer ëmmer manner: aus villen Ecker vum Land, aus verschiddene Kommissariater kréien ech Undeitunge gemaach, wéi wann de Rimm och do erof wier, wéi wann mat weidere Krankmeldungen ze rechne wier! Eng gewësse Roserei kréien ech och gemelt iwwer d’IGP selwer.

D’Police vun der Police gëtt zwar net a Fro gestallt, ganz am Géigendeel: si misst sinn, ma hir Methoden wieren dacks no un der Limitt. Eng ganz Rei Commentären ginn a Richtung vun der Fro: wann d’IGP d’Police kontrolléiert, wien kontrolléiert dann d’IGP? Eng pertinent Fro! Aus den Aussoen vu verschiddene Leit an aus Artikelen an der groussherzoglecher Press zéien ech perséinlech d’Konklusioun: do ass e Krich am gaangen tëscht der Police an der IGP. Eng Zort Revanche…aus wat fir enger Ursaach och ëmmer.

Déi Uniforméiert haten an de leschte Joer vill Drock auszehalen – och a Pandemiezäiten- a sinn ës elo sat, d’Daboen vun der Natioun ze spillen. De Minister Henri Kox huet zwar an der Tëschenzäit op déi parlamentaresch Drénglechkeetsfro vun der CSV geäntwert, allerdéngs ouni iergend eppes ze soen.

62c091a308d1726ef80a88c1ac844472

Also op keng Fro geäntwert! D’CSV-Leit Mosar a Gloden sinn iwwer d’Äntwert alles aneschters ewéi ameséiert an hunn direkt dem Chamberpresident geschriwwen.

Monsieur le Président,

Nous avons constaté avec un certain étonnement, que dans sa réponse à notre question parlementaire urgente du 14 août (8234), le ministre de la Sécurité intérieure n’a fourni que des informations très incomplètes. En fait, il a uniquement confirmé la fermeture du bureau de police à la Place de la Gare pendant la nuit du 11 au 12 août, respectivement le non-fonctionnement partiel de ce dernier. Il a ainsi omis de nous fournir les motifs exacts de ce non-fonctionnement et n’a pas répondu à la question s’il est exact qu’un certain nombre de policiers ont remis leurs armes pour commencer un traitement. Il n’a pas non plus spécifié la date à laquelle le commissariat fonctionnerait de nouveau normalement.

Pour ces raisons, nous vous prions, Monsieur le Président, de renvoyer notre question parlementaire urgente au ministre de la Sécurité intérieure, avec la prière de répondre complètement à nos questions, et ce dans les meilleurs délais.

Veuillez agréer, Monsieur, l’expression de nos sentiments distingués.

 

De Minister ass a senger wuelverdéngter Vakanz a kritt op déi Manéier d’Zäit net laang. Ma hie weess, wat op hien duerkënnt.

“…et staut sech eppes op fir d’Rentrée!…”

Hie schreift jo, datt weider Krankschreiwungen net auszeschléisse sinn

police.lu

Dat ass prophylaktesch scho mol gutt gesot. A wann d’Police den Ament net de Minister hannert sech huet, esou dach kloer e groussen Deel aus der Populatioun. Dat huet een an Uecht geholl an de verschiddene Commentairen op mäin éischten Text an dat kritt een och sos aus dem Vollek mat. De Garer Quartier steet allemol Gewier bei Fouss!

Eng privat Initiative ass am gaangen, eng Demonstratioun an der Haaptstad fir d’Police ze organiséieren. Si wär den 23. September. An eng 230 Geschäftsleit hätten sech spontan bereed erkläert, do matzetrëppelen! Zwou Wochen drop sinn Wahlen…de malaise bei der Police kéint also duerchaus politesche Charakter kréien!

Allgemengen Tenor aus de Reien vun den Uniforméierten: dee Kolleeg, deen dragefacht huet, ass en Dabo a soll bestrooft ginn. Datt déi aner 4 mussen 5 Woche laang sëtzen, ass hierësseg a mécht eis Angscht! Grad op der Gare ass ëmmer ganz vill lass um Kommissariat. D’Polizisten kréien an d’Gesiicht gespaut, kréien Morddroungen gemaach, et gëtt mat Fäkalien geschoss, domadder Maueren an Dieren beschmiert…an d’police grand-ducale kënnt sech bei deem Trauerspill ganz schéin eleng vir.

Net grad déi beschte Reklamm fir ze rekrutéieren!

 

Related posts

3 Comments

  1. Theo ARENSDORFF

    Dobäi kënnt, datt op mannst zwee vun deene Véier Familjepappe sin, déi kleng Kanner hun, an deenen hire Pappa lo scho wochelaang net méi doheem war. Kanner froën all Dag no hirem Pappa. Ausserdem läit vun engem vun deene Beamten séng Bomi, e.a. wénst dem Schock zënter enger Woch am Spidol.

  2. Marth Alfred

    Police ass do fir Recht an Ordnung obrecht ze halen , a wann néidich mat Kraft a Gewalt ! An sie sollen dobéi vun den Autoritéiten ënnerstetzt ginn! Ech huelen un dat bei hinnen jo keen ass , den Police net gär huet !

  3. Schmidt C

    Wann een 1 an 1 zesummenzielt kent et engem bal fier dass Beamten deen ganzen Frust un hieren eegenen Kollegen (Rekruten) ausloossen, Punktesystem an aner Schykanen bei deenen « Neien ». Dei ganz Affaire ass keng Banalitéit mei an de Minister Kox mist ändlech eng Chef-Saach doraus machen an sech këmmeren. Et muss nees en Zesummenhalt an der Police entstoen deen op Basis vun Kollegialitéit a Proffessionalitéit besteet. Do muss nees Vertrauen geschafen gin fir eng gudd an effizient Zesummenarbecht ze garantéieren. Wou ufänken? Wéi ëmmer, ganz uewen, Kompetenz an proffessionalitéit as elo gefrot!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *